Skip to main content
ArtikelenInforméieren

De Staatsexamen – quésako?

By July 21, 2022August 10th, 2022No Comments

Dir sidd geschwë fäerdeg mat Ärem Studium an eventuell schonn op der Sich nom éischten Job?

Wéi funktionéiert de Rekrutement beim Staat? Mir erklären Iech alles!

Et ginn zwou Méiglechkeeten, fir beim Staat ze schaffen: entweeder als Staatsemployé oder als Staatsbeamten. Een Ënnerscheed tëschent deenen zwee ass den Astellungsprozess.

Fir als Staatsemployé beim Staat ze schaffen, musst Dir keen Exame maachen. Hei kënnt Dir Iech einfach op déi oppe Plaze mellen, déi Iech interesséieren an déi Äre Kompetenzen an Ärem Schoulniveau entspriechen.

Fir Iech op e Posten als Staatsbeamte mellen ze kënnen, musst Dir de Staatsexamen maachen. Den éischten Deel vum Examen ass déi sougenannten “Epreuve d’aptitude générale” (EAG). Dës musst Dir fir d’éischt maachen an natierlech och packen. Umelle fir d’EAG kënnt Dir Iech op GovJobs.lu.

Wéi Dir vläicht wësst, ass de Staatsexame virun e puer Joer komplett iwwerschafft ginn.

D’Epreuve d’aptitude générale leeft haut ganz iwwer Computer. Si besteet aus véier Deeler, déi Är Haaptkompetenze moossen: den Test de raisonnement abstrait, den Test de raisonnement numérique, den Test de raisonnement verbal, an den Exercice du bac à courrier.

D’Tester ginn op Däitsch oder Franséisch ugebueden, de Choix bleift Iech iwwerlooss. Am Ganzen dauert d‘Epreuve tëscht 2 an 2,5 Stonnen, deemno fir wat fir e Grupp Dir Iech ugemellt hutt.

Reng theoretesch léieren, musst dir net méi. Awer als Virbereedung, kënnt der Iech e puer Standard Froen aus déi verschidden Tester op Govjobs.lu ukucken.

Wann Dir dësen Entréesticket da bis an der Täsch hutt, da kënnt Dir Iech wärend 5 Joer op oppe Staatsbeamteplaze beim Staat mellen. Dës Plaze sinn op GovJobs.lu ausgeschriwwen. Bei all Plaz, op déi Dir Iech mellt, kommt Dir dann nees an en Auswielverfaren.

Gutt ze wëssen: Säit kuerzem gëlt d’EAG och als éischt Etapp fir bei d’Police oder op eng Gemeng schaffen ze goen. Wann Dir d’EAG bis gepackt hutt, kënnt Dir Iech duerno umelle fir den Astellungsexame vun der Police oder vun de Gemengen.

D’Educatioun, d’Justiz oder nach de CGDIS organiséieren och reegelméisseg Opnamexamen, déi op hir Beruffer zougeschnidde sinn.

Méi detailléiert Informatiounen heizou an zu den Umeldungen fannt Dir op GovJobs.lu ënnert der Rubrique “Examens”.