Skip to main content

D’ACEL kënnt gär an äre Lycée fir d’Schüler:innen iwwert d’Studenteliewen an d’Studéieren z’informéieren: sief et duerch eng Presentatioun vu 30 bis 60 Minutten, mat engem Stand op ärer Foire oder enger Mëschung vun den zwee. Mir vermëttelen déi wichtegst Informatiounen zum Studium, de verschiddenen Studielänner, wat och Theme wéi Wunnen, Transport a Käschten ëmfaasst, wéi och de Fonctionnement vun der Bourse an dem Prêt.

Gären stelle mir och eis nei Website studenteguide.lu vir. Do fanne Schüler:innen detailléiert Informatiounen iwwer d’Studéieren an néng verschiddene Länner, d’Finanzéierung vum Studium, d’Krankeversécherung am Ausland souwéi Mobilitéitsméiglechkeete wéi Erasmus+. Donieft gi mir och wichteg Tipps fir wann een diploméiert an op der Sich no enger Aarbecht ass.

Well eis de perséinleche Kontakt mat de Schüler:innen immens wichteg ass, freeë mir eis zukünfteg Student:innen an de Lycéeën ze treffen an hinnen all Froe ronderëm d’Studéieren ze beäntwerten.

Wann äre Lycée un enger Studieninfo interesséiert ass, da fëllt w.e.g. eise Formulaire aus:

Formulaire