Neit Joer, nei Staffel vum Student fir 1 Dag!
Och dëst Joer organiséiere mir virun a wärend der Ouschtervakanz eng Period voller Informatioun, wou s du deng Froe beäntwert kriss. Vläicht souguer Froen déi s du bis elo nach net am Kapp haass?
Egal ob s du dir scho relativ oder guer net sécher bass: besich mat eis eng oder mei Stied fir rauszefannen, wou s du däi Wee wëlls aschloen.
Net just Stadsbeziefesch mee och Fachspezifesch Cerclen si mat am Boot: hei fënns du eraus ob deng Virstellunge vum Studium sech verfestegen oder du fënns souguer eppes ganz Neies fir dech?
Op dësem Wee hues du d’Méiglechkeet, dech mat Student:innen sur Place an hirer Stad a matzendran am Studium auszetauschen a kriss sou eng Vue op d’Realitéit vum Liewen als Student:in.
Nach ëmmer net iwwerzeegt? Da komme mir mat Zuelen:
8 Fachspezifesch Cerclen hunn um Belval d’Missioun dir hire Studium méi no ze bréngen an op är Froen ze äntweren.
24 Cerclë waarde gespaant op äre Besuch a si motivéiert fir mat iech ee flotten an informativen Tour duerch hir Stad ze maachen.
300 Schüler:innen stoungen och scho virum lancéiere vum offizielle Site op der Lëscht vun de Pré-Inscriptioune fir d’Umeldung op kee Fall ze verpassen.
Also op wat waarts du nach? Maach et sou wéi déi vill Schüler:innen scho virun dir a mell dech u fir de Student fir 1 Dag 2025. Mir freeën eis wéi all Joer dës Reesen ze begleeden a sti weiderhin iwwer Mail, sf1d@acel.lu , zu Verfügung.