Skip to main content
Welcome to our Knowledge Base

Tip: Start typing in the input box for immediate search results.

< All Topics
Print

Studenteprêt – Spuerkeess

De Studenteprêt vum « Service Aides financières » bei der Spuerkeess

Hei zu Lëtzebuerg studéieren oder an d’Ausland goen: Egal wéi s du dech entscheet hues, du hues e Recht op eng Studentebourse an och op e Studenteprêt! Wann s du dech frees, wéi dat genau mam Prêt funktionéiert, ab wéini a wéi een en zréckbezilt an zu wéi engem Taux, dann ass dësen Artikel fir dech.

De Prêt zréckbezuelen

  • De Prêt besteet aus 6.500 € (3.250 € pro Semester). D’Tauxe variéieren oft, mee de Lëtzebuerger Staat garantéiert dir en Taux vu maximum 2%. Dat heescht, wann z. B den Taux op 3% sollt klammen iwwerhëlt de Staat d’Differenz.
  • D’Zënse ginn op de Montant vum Prêt gerechent a sinn all Semester fälleg. Du fänks un, däi Studenteprêt zwee Joer nom Schluss vun denge Studien zréckzebezuelen, an du hues am Ganzen zéng Joer Zäit, fir déi ganz Zomm zréckzebezuelen. Du kanns awer och schonn éischter ufänken, wann s du wëlls a kanns!
  • Méi Infoen an Tipps fënns du op eisem Blog

Du kanns och: 

  • E Rendez-vous op enger Agence ufroen,
  • Mat Spuerkeess Direct per Telefon, respektiv per E-Mail kontaktéieren.
Table of Contents