Tip: Start typing in the input box for immediate search results.
-
Fir eng Aarbecht kandidéieren
Virstellungsgespréich a Selektioun
Virstellungsgespréich
Nodeems de:d‘ Patron:ne deng Kandidatur analyséiert huet, kann en dech an e Virstellungsgespréich ruffen. Dat weist, datt en intresséiert ass a méi Informatioune wëll.
Den Oflaf
Et ka sinn, datt s du e Virstellungsgespréich mat enger oder mat e puer Persounen hues. Dat hänkt vun der Firma of. An enger éischter Phas probéiert den Interviewer méi Informatiounen iwwert dech ze kréien. Meeschtens muss ee sech direkt am Ufank emol virstellen. Do solls du iwwert däin universitäre Parcours schwätzen, deng Erfarungen an däin eventuelle Be nevolat oder däin Engagement an Associatiounen oder Ver äiner. Lies net einfach däin CV of, mee gëff dem Interviewer zousätzlech Informatiounen, zum Beispill iwwert deng konkret Aufgaben an dengen Stagen. Du wäerts dozou nach Froe ge stallt kréien. Fir deng Kompetenzen ze bewäerten, wäert den Interviewer konkret Situatiounen oder Beispiller froen, wou s du déi verschidde Kompetenze virweise konnts. Do ass et wich teg, eng Äntwert ze ginn (et kënnt net positiv eriwwer, wann een näischt ze ziele weess) an déi ze beschreiwen.

Tipps an Tricks
Hei e puer Tipps, wéi ee sech kompetent virstellt: An enger zweeter Phas wäert den Interviewer dir d’Entreprise an de Poste virstellen, fir deen s du dech gemellt hues. Et ass natier lech erwënscht, Froen ze stellen. Zéck also net. Et ka sinn, datt den Interviewer an dëser Phas scho vum Salaire schwätzt. Du kanns och roueg den Delai fir d’Äntwert froen (e läit meesch tens tëscht e puer Deeg an e puer Wochen). Et kann natierlech och sinn, datt s du nom Gespréich direkt e Kontrakt kriss. Dat ass allerdéngs seelen de Fall.
E Virstellungsgespréich dauert am Prinzip tëscht 30 Minutten an enger Stonn. Dëst kann awer variéieren (et hänkt dovun of, wéi vill Zäit den Interviewer huet, ob s du d’Büroe gewise kriss, asw.). Normalerweis huet een zwee bis dräi Gespréicher, éier een eng Äntwert kritt, awer dat variéiert jee no Firma. A verschidde Fäll geet ee Gespréich duer, wat awer seelen ass. Et ka sinn, datt dat éischt Gespréich mat de Ressource-humainen ass an dat nächst mam Chef, dat hänkt och vu Firma zu Firma of.
- Wa méi wéi eng Persoun do ass, soll ee sech net nëmmen op eng Persoun konzentréieren, mee op se all. Och wann nëm men eng Persoun d’Froe stellt.
- Eng Erfarung vun zwee Joer an zéng Minutte presentéieren an déi zéng Joer duerno an nëmmen zwou Minutten ass och net erwënscht. Am beschten alles ëmmer zäitlech gutt équi libréieren.
- Net ze vill, net ze wéineg schwätzen. E Virstellungsgespréich soll ausgeglach sinn. Du solls kloer op dem Interviewer seng Froen äntwerten ouni ze laang ze braddelen, op der anerer Säit soll den Interviewer dir och net all Wuert aus der Nues mussen zéien.
Nom Virstellungsgespréich
So dem Employeur Merci. Dat weist däin Interessi fir den Job an ass herno villäicht den Detail, deen den Ënnerscheed mécht. Schreif him eng E-Mail a ruff op kee Fall un (dat kënnt opdräng lech eriwwer). Du kanns an där E-Mail och nach kleng Saache präziséieren, déi s du am Virstellungsgespréich vergiess hues.
Hei ass ee Beispill
Objet: Suite à notre entretien pour le poste de « intitulé du poste »
Madame, Monsieur,
Faisant suite à notre entretien de ce matin, je tiens à vous re mercier pour le temps que vous m’avez consacré et la qualité de notre échange, qui n’ont fait que renforcer mon intérêt pour le poste de XXX.
Lors de notre discussion, nous avons évoqué le projet XXX que j’ai entrepris lors de mes études.
Veuillez trouver ci-joint un document qui illustre les actions menées dans ce cadre. Je me permets en outre de vous transmettre les coordonnées de mon ancien manager chez XXX, qui pourra vous en dire da vantage sur moi si vous le souhaitez: …
Dans l’attente de votre retour, je reste à votre disposition pour de plus amples informations ou un second entretien.
Veuillez agréer, Madame, Monsieur, l’expression de mes res pectueuses salutations.
Virnumm Numm / Adress / Telefonsnummer
Stell dir d’Fro, wéi et gelaf ass. Du muss dech auto-evaluéieren. An iwwerlee, wats du häss sollen anescht maachen a watgutt war. Dat ass wichteg fir déi nächst Gespréicher. Verschidde Firmae froe méi wéi nëmmen e Virstellungsgespréich. Et ka sinn, datt nach Tester oder Assessments duerchgeféiert ginn.
Sproochentester
Déi hunn als Zil, däin Niveau ze bestätegen
Perséinlechkeetstest
Do ginn et keng richteg oder falsch Änt werten an d’Zil ass et net, dech ze jugéieren. Et ass einfach fir erauszefannen, wat deng Preferenzen an deng Motivatioun op der Aarbecht sinn. Do solls du also éierlech a spontan äntwe ren.
Wëssenstester
Excel, Kompatibilitéit, asw.
Logiktester
Déi sollen deng Raisonnementer a Léierfäegkeete moossen, fir ze kucken, ob s du fir dee Poste gëeegent bass.
Assessment centre
Wann eng Firma wëll, datt s du un engem Assessment centre deelhëls, da wëll se eng méi komplett a komplex Vue vun denger Perséinlechkeet an denge Kompe tenzen. Et dauert tëscht engem hallwen Dag an zwee Deeg, wou s du verschidden Tester méchs an Aufgabe léis, u Fall studie schaffs a bei Rollespiller matmaache muss. Während engem Assessment centre huet een och erëm Virstellungs gespréicher. Wann de Patron den Delai net anhält, bannent deem e gesot hat, datt e géing äntweren, da waart nach zwee bis dräi Deeg, éier s du dech mells. Och hei solls du eng E-Mail schécken an net uruffen.
Beispill:
Objet: Suite à notre entretien pour le poste de « intitulé du poste »
Madame, Monsieur,
À l’issue de notre entretien dans vos locaux en date du (date de l’entretien) pour le poste de (intitulé du poste), vous m’aviez indiqué que vous seriez en mesure de me faire un retour pour le (date). N’ayant à ce jour aucune nouvelle et étant toujours in téressé(e) par le poste, je me permets de vous recontacter afin d’en savoir plus sur votre position concernant ma candidature. Je reste à votre disposition pour toute information complémen taire ou pour un autre entretien éventuel.
Je vous remercie par avance.
Avec mes cordiales salutations,
Virnumm
Numm
Adress
Telefonsnummer
Wann s du trotz där E-Mail keng Äntwert kriss, da looss et sinn.
Et huet kee Wäert nach weider Mailen ze schécken oder unze
ruffen. Gëff net op a schéck weider Kandidaturen.