Wärend d’Primaner nach matzen an den Exame stieche, mécht d’ACEL eng Mise à jour vun hirer, zënter leschtem Joer, digitaliséierter Versioun vum Guide du Futur Etudiant, Guide du Futur Diplômé an dem Studenteguide.
Op Studenteguide.lu fannt dir alles ronderëm d’Thema Studéieren, Aarbechtswelt an Orientatioun. Dës Websäit verbënnt eng Rëtsch u wichtegen an interessanten Artikelen a Verbindung mat deenen dräi Haaptthemefelder an ass domat net just fir d’Primaner a fir déijéineg déi sech virum, am oder nom Studium befanne relevant, mee och fir jiddereen deen no Perspektiv sicht.
Déi 6 Rubricken si soumat: Studiefächer, Studielänner, BTS, Orientatioun, Aarbechtswelt a Liewen. D’Artikelen si gefëllt mat wichtege Fristen, prakteschen Tipps an einfache Verlinkungen. Alles mat dem selwechten Ziel: Jidderee soll säi Wee fannen.
Der ACEL ass et wichteg, dass dës Websäit nom éischte Joer weider wiisst a schafft dowéinst d’ganzt Joer iwwer un neien Artikele mat aktuellen Informatiounen.
Et lount sech eran ze luussen!


















