Skip to main content
ArtikelenZesummebréngen

An der Summerpaus nach puer Intercerclen

By August 4, 2019December 14th, 2019No Comments

Lo wou d’Sonn schéngt an di meescht Leit hir Summervakanz kenne genéissen, presentéiere mer Iech nach di lescht Intercerclen déi virun der Summerpaus stattfonnt hunn.

Saufest (LSW)

Déi eng Studente gi Péngschten ëmmer zréck ob Lëtzebuerg, fir mat hire Famillen dëse Feierdag kennen ze verbréngen. Déi Aner profitéiere vun de fräien Deeg, fir bis ob Wien ze fueren oder fléien an do beim traditionellen Saufest deelzehuelen. Säit elo 5 Joer e feste Bestanddeel vum Studentekalenner dréint sech des Intercercle em di 2 Sai, déi bei der Donau gegrillt an zerwéiert ginn. Mee fänke mer mol vu fir un:

De ganze Spaass fänkt scho Freides owes un, wou bei engem Wëllkomm-Patt all Mënsch an der éisträichescher Haaptstad begréisst gëtt. Dëst Joer war den Treffpunkt beim Badeschiff, engem Schëff ob der Donau mat Pool, Baren a Sëtzgeleeënheete mëtten an der Stad, déi eng vun de grousse Sehenswierdegkeeten an der Wiener Barszene ass an déi de LSW-Comité de Participante wollt onbedéngt weisen. No ville Gespréicher mat neien an ale Kollegen ass et dann awer net all ze spéit ginn, well den Dag drop sollt nach laang ginn.

Well Samschdes fänkt dann d’Haaptaktivitéit un. Ab Mëttes 12 Auer ginn 2 Sai ob enger grousser Grillplaz bei der Donau zerwéiert a vun de Leit, déi rechtzäiteg do gewiescht si fir nach e Stéck kënnen ze ergatteren, verspeist. Spéitstens um 1 ass dann och dovu leider näischt méi iwwreg, mee de Grill gëtt nach ëmmer virun um Lafe gehalen, fir am Laf vum Nomëtten di eng oder aner Wurscht drop ze grillen. Nieft dem Iessen huet de Comité natierlech och fir genuch kaalt Gedrénks gesuergt, deen d’Participante beim perfekte Summerwieder ofkille soll. An sou gouf dann de ganzen Nomëtten ob der Wiss geleeën, mat Leit geschwat a verschidde sportlech Aktivitéiten duerchgefouert wei beispillsweis Spikeball oder ganz banal an der Donau schwammen. D’Stëmmung war natierlech immens, sou dass sech dat ganzt bis 12 Auer an der Nuecht gezunn huet, obwuel wäit a breet keng Luuchte waren, mee d’Däischtert huet nach ni ee vun der Plaz verjot. Wéi dann alles agepaakt war, ass den haarde Kär nach bis an eng Disco gaangen, mee di Meescht hunn sech ob den Heemwee gemaach.

Well Sonndes war de Programm jo nach net fäerdeg. Sou huet de Comité nach fir di Leit, déi sech zu Wien nach net gutt auskannt hunn, eng kleng Visitt vun der ‘Ringstraße’ organiséiert. Ob dëser Strooss am Wiener Zentrum befannen sech eng zuelräich schéin, al an och wichteg Gebaier wéi d’Oper, d’Rathaus oder d’Hofburg, déi d’Leit all gewise kruten. Nodeems d’Visitt fäerdeg war an d’Leit hongereg goufe vum ville Ronderëmlafen ass et dann nach ob d’Ofschlossiessen an d’Stiegl-Ambulanz gaangen. Bei, wéi sollt et och anescht sinn, engem gudde Wiener Schnitzel konnten d’Geschichte vum Samschden nach eemol erzielt ginn an nei Bekanntschafte verdéift ginn. Als sech och hei de Mound um Himmel gewisen huet, ass di grouss Grupp erëm an 2 Stecker gerappt ginn, déi Motivéiert hunn nach d’Wiener Nuetsliewen onsécher gemaach, an di Aner hunn sech ob den Heemwee gemaach fir hir Reserven erëm opzelueden, ier et um Péngschtméindeg da fir Jiddereen erëm geheescht huet: Ciao Vienna, Hello Studium.


 

Beachvolleyball-Intercercle (LSK)

Keng Woch mi spéit huet dann den LSK erëm all Mënsch op hire groussen Beachvolleyball-Tournoi agelueden. Och des Intercercle ass e Fixpunkt am Kalenner vun de Lëtzebuerger Studenten an dat och zu Recht, well hei ass Sonn, Sport a Spaass garantéiert.

Ob engem gelounten Areal mat puer Beachvolleyballterrainen hunn sech 28 Equippen aus 7 verschiddene Cerclen e ganzen Dag géigesäiteg erausgefuerdert fir de Pokal vum Gesamtgewënner kënne matheemzehuelen. Spannend 4-géint-4-Matcher hunn all d’Leit ameséiert, d’Supporter fir di eenzel Equippen hunn mächteg Stëmmung gemaach an d’Leit hannert dem Grill an der Bar den hongeregen an duuschterege Leit hir Suerge geholl. An engem héichklassege Match huet sech dann d’Equipe vu Freiburg (SLUF) géint hir Kollege vun Tréier (LST) duerchgesat an di éischt Plaz ergattert, sou grad ob d’Gewënnerträppchen ass nach eng Equipe vun Oochen (AVL) komm.

Nodeems dann och all Sportler fäerdeg geduscht war an all Supporter seng Utensilien agepaakt huet, sinn si dann all zesumme mat engem Bus ob hir Grillhütt gefuer, wou da bis spéit an d’Nuecht geféiert gouf  an dono och do geschlof konnt ginn. Wéi dann d’Sonnestralen duerch d’Fënstere gefall sinn an di éischt Leit erwächt goufen, ass et nach e klenge Kaffi mat engem Croissant zerwéiert ginn, ier sech och hei erëm jiddereen ob den Heemwee an d’Studiestad gemaach huet.


 

Summercup (ALUS)

Zwou Wochen drop hunn dann eis Kollege vun der ALUS den Summercup organiséiert. Hei handelt et sech em 2 Tournoien, eemol e Fussballstournoi an eemol en Beerpongtournoi.

Um Fussballterrain zu Hueschtert war dann ab hallwer 10 Moies alles dofir prett, fir di sëlleche Leit ze empfänken a mat alle Leit e flotten Dag ze verbréngen. Fir dass dat ganzt och engem gesonde Rhythmus follegt, gouf natierlech mam Fussballstournoi ugefaangen. 7 mol 7-Mann/Fra-Equipe hunn sech an 2×7-Minutten-Matcher iwwert den hallwen Terrain duelléiert, fir de Gewënner vum Fussballstournoi erauszefannen. Fir dass och kee Sportler oder Supporter bei den heigen Temperature vun de Bee fält, ass d’Verfleegung a fester a flësseger Form natierlech net ze kuerz komm. Mat vill Äifer hunn d’Grillmeeschter Wurschte verdeelt an d’Barleit Waasser ënnert d’Leit bruecht, ier et no der Mëttespaus mat der K.O.-Ronn virugaangen ass. An enger spannender Final huet sech dann d’Heemequipe vun der ALUS géint d’Erausfuerderer vum AVL duerchgesat a konnt de Pokal an seng Vitrinn stellen.

Als dann och de leschte Fussball agesammelt war, huet jiddereen sech erëm mental ob di nächst Erausfuerderung misse virbereeden, well de Beerpongtournoi stoung elo um Programm. Ob 8 Dëscher hunn sech 33 Equipe opgestallt fir zu 2 an 2 den 2. Pokal vum Dag ze gewannen. Och hei gouf kee Mënsch geschount an all Equipe huet Héchstleeschtung bruecht, sou dass no villen enke Partien d’Equipe ‘Schmaltes’ als Gewënner konnt ernannt ginn.

Wéi de leschte Ping-Pongs-Ball an de Becher ass dann och de Start vun der After-Party gefall an d’Leit konnten sech nach bis 19 Auer bei der Bar an dem Grill zerwéieren oder sech an de klenge Kannerbaseng geheien, ier dann alles ageraumt gouf. Well owes stoung dann nach den After-Summercup-Bal um Programm, deen d’ALUS an Zesummenaarbecht mat der LESTLE an dem ELAN organiséiert huet an deen e perfekten Ofschloss vun engem gelongenen Intercerclesdag war.


 

Heimat wiere mer och um Enn vun dësem Blog iwwert eis Intercerclen. Mir wënsche jidderengem eng flott Lecture vun dësen Zeilen an natierlech och eng super Summervakanz souwéi e gudde Start an dat neit Studiëjoer. Hoffentlech kommt der am Hierscht erëm laanscht luussen, wann eis Cerclen nei Intercerclë organiséiert hunn a mir iech dovun erziele kënnen. \MC