Skip to main content

Animatioun a Redaktioun (CDI – 40h)

  • Contrat à durée indéterminée
  • Emploi à temps plein
  • Kirchberg

Site Eldo

Du schwätz gären a kanns gutt schreiwen? Du bass kreativ an net op de Mond gefall?

Da gëff och du Deel vun eiser Animatioun a Redaktioun beim Eldo an erziel ganz Lëtzebuerg deng Geschichten!

 

Wat sinn deng Missiounen?

Am Studio:

  • Deng eege Sendung matgestalten, Themen kreativ verschaffen a preparéieren, fir se duerno live ze moderéieren
  • Am Studio an och um Terrain, wou grad eng lass ass Sendung maachen
  • D’Eldoland mat denger Personality an eegenem Storytelling entertainen

An der Redaktioun:

  • Sichen an Ausschaffe vun Theme fir dorausser Reportagen oder Live Takes ze maachen
  • Reportage schreiwen, aliesen a verschaffen, déi duerno um Radio lafen an op eldo.lu ze liesen an ze lauschtere sinn
  • Artikele verfaassen an online setzen
  • Interviewe maachen a verschaffen
  • Op Concerten an Eventer goen, Meenungen anhuelen a Reviews dozou maachen

Wat bréngs du mat?

  • Du brauchs kee spezifesche Studium
  • Spontanitéit, Kreativitéit an Eegeninitiativ
  • Personality, Storytelling an eng positiv Ausstralung
  • Eng agreabel Stëmm
  • Groussen Interessi un aktueller Musek an Aktualitéit
  • Zouverlässegkeet, Professionalitéit a Pünktlechkeet
  • Ee gudden Ëmgang mat der Lëtzebuergescher Sprooch (am geschwaten an am geschriwwenen)
  • Teamgeescht

Wisou grad den Eldo?

  • Flexibel Aarbechtszäiten
  • Ofwiesslungsräich Aufgaben
  • Eng detailléiert Ausbildung
  • E permanent Encadrement
  • Eng jonk, dynamesch an decaléiert Ekipp
  • Bei eis hues du keen 08/15 Bürosjob

Du bass interesséiert?

Da schéck eis eng Mail op jobs@eldoradio.lu mat dengem CV an enger Beschreiwung wisou dass genee du déi richteg Persoun fir d’Animatioun an d’Redaktioun bass.

To apply for this job please visit www.eldo.lu.