Skip to main content

Freelance Animatioun

Site Eldo

Du schwätz gären, bass kreativ an net op de Mond gefall?

Da gëff och du Animateur / Animatrice an erziel ganz Lëtzebuerg deng Geschichten!

 

Wat sinn deng Missiounen?

  • Deng eege Sendung matgestalten, Themen kreativ verschaffen a preparéieren, fir se duerno live ze moderéieren
  • Am Studio an och um Terrain, wou grad eng lass ass, Sendung maachen
  • Interviewe maachen an op Concerte geschéckt gi wann et sech ubidd
  • D’Eldoland mat denger Personality an eegenem Storytelling entertainen

Wat bréngs du mat?

  • Spontanitéit, Kreativitéit an Eegeninitiativ
  • Eng agreabel Stëmm
  • Storytelling, Personality an eng positiv Ausstralung
  • Groussen Interessi un aktueller Musek an Aktualitéit
  • Zouverlässegkeet, Professionalitéit a Pünktlechkeet
  • Ee gudden Ëmgang mat der Lëtzebuergescher Sprooch (am geschwatenen)

Wisou grad den Eldo?

  • Flexibel Aarbechtszäiten
  • Ofwiesslungsräich Aufgaben
  • Eng detailléiert Ausbildung
  • E permanent Encadrement
  • Eng jonk, dynamesch an decaléiert Ekipp

Du bass interesséiert?

Da schéck eis eng Mail op jobs@eldoradio.lu mat dengem CV an enger Beschreiwung wisou dass genee du déi richteg Persoun fir d’Animatioun bass.

To apply for this job please visit www.eldo.lu.