
Site European Space Agency
Den LuxYGT Programm vun der Luxembourg Space Agency (LSA), a Kooperatioun mat der European Space Agency (ESA) geet dëst Joer an seng nächst Ronn!
Detailer fënns de ennert dësem Link:
https://space-agency.public.lu/en/talent/training.html
Wourëm handelt et sech heibäi?
Beim LuxYGT Programm handelt et sech em eng Initiativ fir Leit déi virun kuerzem mat hirem Studium fäerdeg ginn sinn, oder dat deemnächst wäerten maachen, bei der Europäescher Welträumagentur éischt Joberfahrungen ze sammelen.
D’Kandidat(inn)en kréien heibäi eng Vollzäit Positioun fir een, oder mat Verlängerung zwee Joer a sinn stationéiert ob engem vun den verschiddenen Sitën vun der ESA. D’Positiounen vun dësem Joer sinn ausgeschriwwen an Holland, Italien, Däitschland an an der Belge.
Wat erwaart mech do?
Als LuxYGT kritt een d’Méiglechkeet fir een oder zwee Joer als en sougenannten “Trainee” bei der ESA ze schaffen. Heibäi ass een a Vollzäit an enger regulärer Equipe integréiert an kann virbäi ob aktuellen Projeten matschaffen. Jee no Positioun ass een heibäi ob engem vun den verschiddenen Sitën vun der ESA stationéiert an kritt en direkten Abléck an spannend Themefelder ronderëm den Weltraum. Vu dass et och eng ganz Rei aner Trainee Programmer ginn (en total all Joers >100 Leit) ass een ni eleng an et léiert een direkt Leit aus ganz Europa kennen déi an der selwechter Situatioun sinn. Insgesamt herrscht eng ganz entspaant an international Ambiance.
Muss ech dofir Ingenieur oder Naturwëssenschaftler sinn?
Nee dat muss een net!
D’ESA, als europäesch Organisatioun fir alles wat mat Weltraum ze dinn huet sicht Kandidaten mat ganz verschiddenen Profiller an net nëmmen Ingenieuren an Physiker. Zum Beispill ginn och ënnert anerem Biologen, Chemiker, Materialwëssenschaftler, Affekoten, Hydrologen an Pedagogen gesicht.
Bis wéini kann ech mech mellen?
D’Umellungsfrist dëst Joer geet nach bis den 21. August an et ass och kee Problem wanns du als Kandidat(in) nach net mat dengem Studium ofgeschloss hues bis dohin. Wann den Enn vum Studium viraussiichtlech manner wéi 6 Méint nom Enn vun der Umellungsfrist ass dann kann een sech trotzdeem bewerben.
Fir all eventuell Froen ronderëm d’ESA, d’Positiounen oder den LuxYGT Programm kanns de dech entweder un d’LSA (email hidden; JavaScript is required) oder direkt un en direkten Kontakt (email hidden; JavaScript is required) wenden.
Pour postuler envoyer votre CV et lettre de motivation par email à luxygt@space-agency.lu