Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.
-
Fir eng Aarbecht kandidéieren
Eng Aarbecht sichen
Nom Studium stellt ee sech oft eng ganz Rei Froen, fir déi richteg Aarbechtsplaz ze fannen – oder mol op der richteger Plaz ze sichen: An elo? Wou fänken ech u mat sichen? Wéi war dat nach méi mat dem CV? A wat ass e Motivatiounsbréif (lettre de motivation)? Wëll ech léiwer an den ëffentleche Secteur oder awer an de private Secteur?
Den éischten Job zefannen ass e wichtege Schrëtt, deen oft d’Weiche fir déi professionell Zukunft vu jonke Leit setzt. Éier een ufänkt mat sichen, muss een sech awer fir d’éischt fir ee Beräich entscheeden.
Wann s du nach net richteg decidéiert bass, wat s du maache wëlls oder wou däi Wee hiféiere soll, da rode mir dir, dech op d’Sich no enger Aarbechtsplaz an no engem:enger Patron:ne ze maachen, deen dir d’Méiglechkeet gëtt, verschidde Facettë vum Beruff duerch intern Formatiounen, déi an der Firma selwer duerchgeféiert ginn, ze entdecken. Lifelong Learning ass e Konzept, dat hautdesdaags ëmmer méi wichteg gëtt, an dir d’Méiglechkeet gëtt, d’Richtung vun denger Karriär wärend denger professioneller Lafbunn ze wiesselen.
Wou informéieren ech mech?
Hautdesdaags verëffentleche vill Entreprisen hir Jobofferen net nëmmen an den Zeitungen, mee virun allem um Internet. Oft hu Firmae souguer eng Internetplattform, iwwert déi ee seng Kandidatur eraschécke kann. Et kann ee sech awer och op Jobfoiren a Porte-ouverten informéieren oder iwwert sozial Netzwierker wéi LinkedIn eng flott Offer fannen.
Internet
Um Internet ginn et eng ganz Rëtsch Sitten, op deenen een no enger Aarbechtsplaz siche kann. Hei eng Opzielung vu verschiddene Sitten, op deenen ee sécherlech déi eng oder aner interessant Offer fënnt:
www.acel.lu/jobs
www.springprofessional.lu
www.monster.lu
www.jobs.lu
www.beruffer.anelo.lu/de/
www.jobfinder.lu
www.efinancialcareers.lu
www.eu.experteer.com
www.moovijob.com
www.jobserve.com
www.jobs.paperjam-delano.lu
www.jugendinfo.lu/emploi/
www.itnation.lu/jobs/
www.ictjob.lu
Secteuren
- Association des Banques et Banquiers, Luxembourg www.abbl.lu
- Commission de Surveillance du Secteur Financier www.cssf.lu
- Association des Compagnies d’Assurances et de Réassurances www.aca.lu
- Fedil Business Federation Luxembourg www.fedil.lu
- Association of the Luxembourg Fund Industry www.alfi.lu
- Chambre des Notaires www.notariat.lu
- Ordre des Avocats www.barreau.lu www.mj.public.lu
- Ordre des Experts-Comptables www.oec.lu
- Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils www.oai.lu
- Institut des réviseurs d’entreprises www.ire.lu
- Association d’Ingénieurs www.aliai.lu
- Inspection du Travail et des Mines www.itm.lu
Career Days
Verschidde grouss Firmaen organiséiere reegelméisseg sougenannt „Career Days“ oder „Journée de recrutement“. Dës Deeg si virun allem fir Student:innen geduecht, déi deemnächst hire Studium ofschléissen an op der Sich no enger éischter Aarbecht sinn. Op esou Deeg hues du d’Geleeënheet, d’Entreprisë besser kennenzeléieren a gläichzäiteg un der Astellungsprozedur deelzehuelen. D’Firmae benotzen dës Méiglechkeet awer och, fir d’Kandidat:innen kennenzeléieren an ze kucken, ob si bei d’Entreprise passen. Dofir mussen d’Participanten hei oft eng Rei Tester maachen, déi hir Kompetenzen a verschidde Beräicher iwwerpréiwen.
Tipp: Informéier dech scho virdrun, wat op deem Dag alles geschitt a gefrot gëtt. Esou kanns du dech besser op eventuell Tester preparéieren an du weess, wat dech erwaart.
Sozial Medien
Vill Firmae rekrutéieren hautdesdaags iwwert LinkedIn oder kucke sech virum Virstellungsgespréich d’Profiller vun de Kandidaten op de verschiddene soziale Medien un. Hei sinn e puer Tipps, wéi s du däi LinkedIn-Profil méi intressant gestalte kanns: