Skip to main content
Wat sichs du?

Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.

< All Topics
Print

Meng eegen Entreprise grënnen

Du hues eng gutt Iddi a wëlls gär däin:deng eegen:e Patron:ne ginn? Oder du wëlls eng Entreprise, déi et scho gëtt, iwwer huelen? Da kommen nei Erausfuerderung an Onkloerheeten op dech zou. Et gëllt, wichteg juristesch, finanziell a steierlech Aspekter an Uecht ze huelen, ouni awer seng eegen Ambitiounen an Iddien dobäi ze vergiessen.

An dësem Kapitel fënns du vill Informatiounen, déi dir op dengem Wee kënne weiderhëllefen.

Un ween kann ech mech wenden?

CHAMBRE DE COMMERCE – BEGLEEDUNG AM PARCOURS VUN DER SELBSTSTÄNNEGKEET MAM HOUSE OF ENTREPRENEURSHIP AN DER HOUSE OF STARTUPS

D’Chambre de Commerce steet mat sengen zwee Haiser: House of Entrepreneurship an House of Startups all zukünftegen wéi och schonn etabléierten Entrepreneuren wärend hirer Aventure entrepreneuriale zur Säit a bitt eng ëmfangräich Pallett vu Servicer un

Vun der Iddi bis zur Selbstännegkeet

All Firmegrënnung fänkt mat enger Iddi un. 

Fir datt aus där Iddi eng Kéier e konkrete Projet gëtt, ass et fir d’alleréischt mol wichteg, datt den:déi zukünfteg:en Entrepre neur:in seng Iddi festhält.

Den éischte Schrëtt ass d’Definitioun vun der sougenannter „Value proposition”. Verschidde Methoden an Approchen, wéi z.B. de Business Model Canvas, erméiglechen et, de Geschäfts modell ze entwéckelen, a gläichzäiteg den ekonomesche Potential vum Projet schonn um Stadium vun der Iddi ze ana lyséieren, an idealerweis ze beweisen, datt effektiv Potential do ass. 

Bei der Etappe vun der Strukturéierung vum Projet a vum Business modelling kann nyuko hëllefen. nyuko ass eng ASBL, déi do ass fir Entrepreneur:innen an der Phase virun der Krea tioun, ze ënnerstëtzen. Et kann een nyuko iwwert d’Websäit www.nyuko.lu kontaktéieren. 

Déi zweet Etapp ass deemno de Business-Plang. Bei dësem Dokument handelt et sech ëm eng präzis an detailléiert Analys, déi engem dobäi hëlleft, Struktur a säi Projet ze bréngen an eventuell Schwächten ze erkennen. 

Dobäi ass et wichteg, datt ee sech Zäit hëlt a Gedanke mécht, well dës Phas vun der Firmegrënnung ass net nëmme wichteg, f ir seng Iddien ze konkretiséieren, de Business-Plang kann och zu engem spéidere Moment dozou déngen, Anerer vu sengem Projet ze iwwerzeegen (z. B. Fir eng finanziell Ënnerstëtzung vum Staat oder eng Finanzéierung vun der Bank).

D‘House of Entrepreneurship organiséiert reegelméisseg Workshops iwwer de Business-Plang, fir Iech an all de Schrët ter ze ënnerstëtzen, déi fir seng Realisatioun néideg sinn. Dës Atelieren, déi all zwou Wochen an digitaler Form stattfannen, sinn entwéckelt ginn, fir Iech ze hëllefen, Ären Entrepreneur sprojet virzebereeden, dat och mat enger Partie, déi op de fi nanziellen Deel vun Ärem Geschäftsplang spezialiséiert ass. Niewent de franséischen Online-Ateliere gëtt et och eng eng lesch Versioun. 

D’House of Startups (HoST) gouf 2017 vun der Chambre de Com merce gegrënnt, mat der Ambitioun, eng dreiwend Kraaft han nert dem Startup- an Innovatiouns-Ekosystem zu Lëtzebuerg ze ginn. D’Haaptmissioun ass et, de Startup-Ekosystem ze fe deréieren, ze promoten an ze ënnerstëtzen awer och d’Innovati ounsbedürfnisser vun Entreprisen an aneren Organisatiounen ze begleeden. D’HoST ënnerstëtzt a fërdert d’Innovatioun, d’Schafe vun innovative Startups an de wirtschaftleche Wuesstem. D’HoST ass och e Campus vu bal 6.000 Meterkaree, verdeelt iwwer fënnef Stäck, an huet eng divers Gemeinschaft als Heem f ir verschidden Innovatiounshubben (Luxembourg House of Fi nancial Technology – LHoFT, Luxembourg-City Incubator, Hub @ Luxembourg an International Climate Finance Accelerator – ICFA) am Häerze vun der Stad ënnerbruecht.

Et ginn och nach eng Rei aner Partner, déi dir hëllefen, dech selbstänneg ze maachen, wéi zum Beispill Luxinnovation (Agence nationale pour la promotion de l’innovation et de la recherche). Si hëlleft dir dobäi, däi Projet op Häerz an Nieren ze préiwen, an dat vun der Iddi bis zur Grënnung vun denger Entreprise an dono de Suivi.

Accès zu reglementéierte Beruffer: Autorisation d’établissement

 Wann ee säi Konzept bis kloer definéiert huet, stellt sech d’Fro, wéi eng Autorisatioun(en) een elo brauch, fir de Projet och effektiv lancéieren ze kënnen.
De lëtzebuergesche Legislateur gesäit am Prinzip fir all kommerziell, handwierklech an industriell Aktivitéit eng obligatoresch Autorisatioun am Kader vum „Droit d’établissement” vir.
Soubal eng Aktivitéit dauerhaft op lëtzebuergeschem Territoireausgeübt gëtt, muss déi betraffe Firma sech op lëtzebuergeschem Staatsgebitt néierloossen an hir Aktivitéit vun engem feste Standuert aus ausüben.
Déi sougenannten „Autorisation d’établissement” muss vun där Persoun, déi spéider fir d’Gestioun vun der Entreprise zoustänneg wäert sinn, bei der Direction générale des Classes moyennes vum Wirtschaftsministère ugefrot ginn.
Fir déi Autorisatioun ze kréien, muss den:d’ Demandeu:r:se verschidde Viraussetzungen erfëllen:

  • E feste Sëtz zu Lëtzebuerg: Der Demande muss e Beweis vun engem dauerhafte Firmesëtz zu Lëtzebuerg bäileien. Dobäi ass et och nach wichteg, datt de Firmesëtz mat där Adress iwwerteneestëmmt, vun där aus den:d’ Demandeu:r:se vun der Autorisation d’établissement effektiv a reegelméissegd’Gestioun vun der Entreprise aus assuréiert
  • Iwwert déi adequat Qualifikatioune verfügen. Déi hänke vun der Aktivitéit of. D’Aktivitéiten am kommerzielle Beräich brauche kee Qualifikatiounsnoweis. Aner Aktivitéite verlaangen spezifesch berufflech Qualifikatiounen, bis hin zum Universitéitsofschloss
  • Seng berufflech Integritéit noweisen: Déi berufflech Integritéit gëtt unhand vun dem:der Demandeu:r:se senger juristescher Virgeschicht beurteelt.

Wéi eng Rechtsform (forme juridique) auswielen?

 Nieft der Fro iwwert déi néideg Autorisatioun(en), muss e sech och Gedanken driwwer maachen, wat fir eng Rechtsform am beschten zu senger Aktivitéit an der perséinlecher Situatioun passt. Dës Decisioun soll gutt iwwerluecht sinn, well d’Rechtsform huet spéiderhin e signifikativen Impakt op de Fonctionnement vun där frësch gegrënnter Struktur. Den:D’ Entrepreneur:in muss sech fir d’éischt tëschent der „En treprise am eegenen Numm” an der Handelsgesellschaft ent scheeden.

Entreprise am eegenen Numm

D’ Entreprise am eegenen Numm ass eng Rechtsform ënnert där den:d’ Entrepreneur:in, den:d’ Handwierker:in oder de:d’ Geschäfts:mann:fra selwer decidéiert a seng Aktivitéite selwer f inanzéiert. Des Weideren ass et wichteg ze wëssen, datt d’ Entreprise am eegenen Numm keng eegen Entitéit ass. Dat bedeit, datt d’Ent reprise an den:d’ Entrepreneur:in net vuneneen ënnerscheed bar sinn. Dëst dréit mat sech, datt dem:der Entrepreneur:in seng Responsabilitéit vis-à-vis vun Drëttparteien (Scholde vun der Entreprise) net limitéiert ass, an e mat sengem perséinle che Besëtz haft. De Virdeel vun der Entreprise am eegenen Numm läit an der einfacher Gestioun, respektiv de wéinege Formalitéiten, déi néi deg sinn, fir esou eng Entreprise ze grënnen an ze leeden. Den:D’ Entrepreneur:in ass net obligéiert, e Mindestkapital ze hunn, a brauch och keng Statute fir seng Aktivitéit ze lancéie ren.

Handelsgesellschaften

D’Handelsgesellschafte sinn an dräi Gruppen opgedeelt: 

  1.  Kapitalgesellschaften 
  2. Persounegesellschaften (Beispill: d’Société en nom collectif – Se gëtt an dësem Text net behandelt, well se relativ rar ass. Op www.guichet.lu fënnt een interessant Informatiounen zu de Persounegesellschaften. Op Nofro kann d’House of Entrepreneurship hei och beroden.)
  3. Hybrid Gesellschaften: Mir konzentréieren ons an dësem Text an éischter Linn op d’Kapitalgesellschaften an op d’hybrid Gesellschaften, well déi Rechtsformen zu Lëtzebuerg am meeschte verbreet sinn.

Kapitalgesellschaften

Bei de Kapitalgesellschaften ass déi meescht verbreete Gesell schaftsform d’Société anonyme (S.A.). Heibäi handelt et sech ëm eng Rechtsform, déi oft vu gréissere Firme gewielt gëtt. Mee doduerch, datt d’Undeeler einfach kënne verkaf ginn, kann d’Société anonyme och fir méi kleng Strukturen interessant sinn. De gréisste Virdeel vun dëser Gesellschaftsform ass, datt d’Re sponsabilitéit vun den Aktionäre sech just op d’Kapital limitéiert. Zousätzlech erméiglecht dësen Typ vu Gesellschaft en einfa chen Accès op den Aktiemaart. Eng S.A. ka just duerch en:eng Notaire, deen zu Lëtzebuerg etabléiert ass, gegrënnt ginn. Des Weideren ass e Kapital vu mindestens 30.000€ néideg an et brauch een op d’mannst eng natierlech Persoun (personne physique) oder eng juristesch Persoun (personne morale), fir d’Gesellschaft kënnen ze grën nen.

Hybrid Gesellschaften

An der Kategorie vun den hybride Gesellschafte gëtt et d’S.à r.l. an d’S.à r.l.-S. D’Société à responsabilité limitée (S.à r.l.) ass déi meescht ver breet Rechtsform zu Lëtzebuerg. Ongeféier d’Hallschent vun all de Gesellschaften zu Lëtzebuerg si Société-à-responsabilité-li mitéeën. 

Genau wéi bei der S.A. geet d’Responsabilitéit vun den Associéë vun enger S.à r.l. bis maximal de Montant vum Kapital. Bei der Grënnung vun enger S.à r.l. muss den:d’ Entrepreneur:in iwwert e Kapital vu mindestens 12.000€ verfügen. Wann d’Gesellschaft bis gerënnt ass, kann den:d’ Entrepreneur:in déi 12.000€ fir seng Aktivitéit benotzen. 

Eng S.à r.l. ka mat engem eenzegen Associé (S.à r.l. uniper sonelle) bis hin zu maximal 100 Associéë gegrënnt ginn. Dës Rechtsform ka just vun engem:enger Notaire, deen:déi zu Lët zebuerg etabléiert ass, gegrënnt ginn. Des Weidere brauch een op d’mannst eng natierlech Persoun oder eng juristesch Per soun, fir d’Gesellschaft kënnen ze grënnen. 

Mam Zil, méi Wuesstem, Aarbechtsplazen an Innovatioun ze schafen, gëtt et zu Lëtzebuerg zënter dem 16. Januar 2017 eng nei Rechtsform. Rieds ass vun der Société à responsabilité li mitée simplifiée (S.à r.l.-S). 

De gréissten Ënnerscheed zu der klassescher S.à.r.l. läit beim Mindestkapital a bei de Grënnungsformalitéiten. 

Fir eng S.à r.l.-S ze grënnen, ass mindestens 1€ Kapital néideg. Den:D’ Entrepreneur:in kann seng Statute selwer schreiwen an d’Gesellschaft beim Registre de Commerce et des Sociétés – Luxembourg (RCSL) ouni Hëllef vun engem:enger Notaire sel wer grënnen. 

D’Viraussetzung fir eng S.à r.l.-S kënnen ze grënnen, muss een eng Demande d’autorisation d’établissement beim Wirtschafts ministère areechen. Deemno kann ee just eng S.à r.l.-S grën nen, wann een am Viraus eng Autorisatioun ugefrot huet, an d’Aktivitéit, déi een envisagéiert, och effektiv vum „Droit d’éta blissement” reglementéiert ass. 

Well ee just 1€ Kapital brauch, fir eng S.à r.l.-S ze grënnen, huet de Legislateur virgesinn, datt all S.à r.l.-S um Enn vum Joer, en Zwanzegstel (5%) vum Nettobenefice als Reserv op der Säit hale muss. Dës Reserv ass eng Obligatioun, bis datt dat initi aalt Kapital, zesumme mat der Reserv e Montant vun 12.000€ erreechen.t

Administratiounen

Wann den:d’ Entrepreneur:in seng Autorisatioun bis huet, muss e sech nach bei enger Rei vun Administratiounen umellen, éier e mat senger Aktivitéit ufänke kann.

Luxembourg Business Register – LBR (Handelsregister)

Bei enger Entreprise am eegenen Numm

muss den:d’ Entrepreneur:in sech, nodeems en seng Autorisation d’éta blissement bei de Centre Commun de la Sécurité Sociale (CCSS) siche war, iwwert en elektroneschen Depot als na tierlech Persoun beim Luxembourg Business Register (LBR) immatrikuléieren. Dës Obligatioun betrëfft awer just Entre preneur:innen, déi eng kommerziell, industriell oder hand wierklech Aktivitéit ausüben. Fräiberuffler mussen sech net beim Handelsregister umellen.

mussen d’Statute vun engem Notaire opgestallt ginn. Den:D’ Notaire këmmert sech ëm d’Areeche vun de Statute beim LBR.

muss den:d’ Entrepreneur:in, nodeems en seng Auto risation d’établissement vum Wirtschaftsministère krut, iw wert en elektroneschen Depot oder andeems en e Rendez vous hëlt, seng Statute beim Luxembourg Business Register (LBR) areeche fir seng Gesellschaft ze grënnen.

Centre Commun de la Sécurité Sociale (CCSS): Fir seng Sozialbäiträg ze bezuelen, muss den:d’ Entrepreneur:in sech beim CCSS affiliéieren. Am Fall, wou den:d’ Entrepreneur:in Personal astelle wëll, muss en nach zousätzlech eng „Déclaration d’ex ploitation” areechen. Jee nodeem, wéi héich dem:der Entrepre neur:in säin:hiert säin Akommes pro Mount ass, kann hie beim CCSS speziell Regimmer ufroen, déi u säi Revenu adaptéiert sinn. 

Administration de l’Enregistrement et des Domaines (AED): Fir kënne Rechnungen auszestellen, muss den:d’ Entrepreneur:in sech bei der AED aschreiwen an eng TVAs-Nummer ufroen. Jeenodeem wéi héich den Ëmsaz pro Joer ass, kann den:d’ Ent repreneur:in eng TVA-Befreiung ufroen a soumat och ouni TVA fakturéieren, wat de Gewënn an / oder d’Kompetitivitéit vun der Entreprise erhéicht. GUIDE DU FUTUR DIPLÔMÉ 53 

Administration des contributions directes (ACD): Am Prinzip gëtt den:d’ Entrepreneur:in automatesch vun der Steierverwal tung (ACD) kontaktéiert, fir senge steierleche Verflichtungen nozekommen. Falls deem net sou wier, muss dee:déi Betraf fen:e selwer eng sougenannten „Déclaration initiale” bei der ACD areechen. 

Jiddereen, deen sech fir den Entreprenariat zu Lëtzebuerg interesséiert oder einfach nëmme virwëtzeg ass, ka ganz gären d’House of Entrepreneurship besiche kommen. Hei geet e Beroder mat deene Persounen duerch déi verschidden Etappen vun der Iddi an der Kreatioun bis zur Entwécklung a guidéiert se duerch den Ekosystem vum Entreprenariat.

Table of Contents