Informatiounsevent iwwer de System an eng méiglech Reforme.

De 6. Februar hate mir eist Event iwwert de Pensiounssystem a Koopertioun mat Experten vun der Chambre des salariés (CSL). D’Event huet hybrid stattfonnt als neutral Informatiounsséance fir de Jonken de Pensiounssystem méi no ze bréngen a si op bevirstoend Problematiken an eng méiglech Reform opmierksam ze maachen. D’Participanten haten hei och d’Méiglechkeet Froen ze stellen iwwert de Pensiounssytem. D’Event war e grousse Succès fir jiddereen.

Falls dir d’Infoséance verpasst hutt, da kënnt dir iech hei d’Presentatioun an de Video zu dësem Event ukucken:

Replay (Video)
Presentatioun (PDF)

Verschidde wichteg Aspekter sinn ugeschwat ginn, notamment:

  • Eng Erklärung iwwer d’Funktioun vum allgemenge Sozialversécherungssystem
  • Eng Analys vun objektiven Donnéeën iwwert den aktuelle System
  • E Réckbléck op déi wichtegst Ännerungen am Kader vun der Pensiounsreform 2012
  • Eng Anuerdnung vun de laangfristege Prognosen.
No der Presentatioun huet eng Diskussiounsronn mat den Experten vun der CSL stattfonnt, wou jiddferee seng Froe stellen konnt an iwwer déi verschidden Aspekter diskutéiert huet.

Déi wichtegst Informatiounen zu der aktueller Debatt iwwer eng méiglech Reforme vum Pensiounssystem.

Wat ass grad d'Debatt?
  • D‘Regierung huet am Koalitiounsaccord festgehalen, dass een eng Debatt an der Ëffentlechkeet iwwer eisen aktuelle Pensiounssystem wëll féieren.
  • Net nëmmen d’Gewerkschaften an d’Patronat solle consultéiert ginn, mee och Acteuren aus der Gesellschaft wéi z.B. déi Jonk.
  • Am Hierscht wëll d’Ministesch Martine Deprez éischt Gespréicher féiere fir ze kucke wat d’Meenungen an der Gesellschaft sinn.
  • Nächst Joer wëll si da kucke wéi ee weidermécht.
Wéini kann s du an d'Pensioun?

Zourechnungszäiten :

  • Du kanns ab 60 Joer an d’Pensioun goen, wann s du 40 Versécherungsjoren hues
  • Vun deene 40 Joer kënnen 30 Joer Studiejoren (Zourechnungszäit), Babyjoren, Chômage, etc. sinn.
  • D’Studienzäite gi maximal bis 27 a nëmme fir de Bäitrëttsalter an d’Pensioun gekuckt, do huet een awer näischt abezuelt, dofir si se och (bal)* net rentesteigerend.

* 5 Joer Studium maachen dono ca. 77€ pro Mount aus.

Wéi eng méiglech Pensioune ginn et?

De Lëtzebuergesche Pensiounssystem besteet aus verschiddene sougenannte Pilieren.

  • 1. Pilier : gesetzlech Pensiounsversécherung (obligatoresch)
  • 2. Pilier : betriblech Zousazpensioune déi e Patron fir seng Mataarbechter ka maachen (optional)
  • 3. Pilier : privat Zousazpensiounen, d’Produits Prévoyance-Viellesse, déi een individuell vun enger Bank oder enger Assurance keeft (optional)
Wéi héich ass d’Cotisatioun fir déi gesetzlech Pensioun?
  • Wann s du schaffs, da gëttd eng Cotisatioun an Héicht vu 24 % vun dengem besteierbaren Akommes an d’Pensiounskeess
    • 8 % vun denger Paie bezils du direkt vun denger Paie
    • 8 % bezilt de Patron fir dech an
    • 8 % leet de Staat nach emol drop
  • Déi 24% gi maximal op de 5-fache soziale Mindestloun gerechent
  • Déi gesetzlech Pensioun besteet aus dräi Haaptelementer:
    • forfaitairen Deel : ofhängeg vun der Unzuel u Versécherungsjoren (spillt keng Roll wéi héich de Revenue war)
    • proportionellen Deel : ofhängeg dovunner wéi vill ee verdéngt huet
    • Allocation de fin d’année : op Basis vun der Unzuel u Versécherungsjoren
  • Déi gesetzlech Pensioun ass un den Index gebonnen an et gëtt eng minimal a maximal Grenz :
    • Minimal : 2.244,82 € (Januar 2024)
    • Maximal : 10.392,67 € (Januar 2024)
Wéi vill Pensioun kritt een dono?
Prognose vun der IGSS :

IGSS = Inspection générale de la sécurité sociale

Gewerkschaften a Patronat :
  • D’Regierung huet de Conseil économique et social (CES) beoptraagt een Avis iwwer de Lëtzebuerger Pensiounssystem ze schreiwen
  • D’Gewerkschaften an d’Patronat si sech net eens ginn
  • D’Resultat sinn 2 separat Avisen
  • Alle béid gi Propose wéi een de Pensiounssystem kéint upassen
Roll vun der ACEL :
  • De Student:innen eng Stëmm an dëser Debatt ginn, well si, an allgemeng déi Jonk, dierfen net vergiess ginn
  • De Prozess vun enger eventueller Reforme begleeden
  • Entscheedungen an d’Auswierkunge vun dësen op d’Student:innen evaluéieren a mat diskutéieren
  • D’ACEL huet sech scho mat der Ministesch, der Chambre des salariés (CSL) an dem Patronat (UEL) getraff fir d‘Meenungen auszetauschen
  • Fir den Oktober krut d’ACEL d‘Invitatioun vun der Ministesch fir sech erëm ze treffen
Fuerderunge vun der ACEL :
  • Flexibiliséierung vun Zourechnungszäiten
    • Life Long Learning → Unerkennung vu Studienzäit net un Alter mee u Studium koppelen
  • Optional Méiglechkeet sech d’Studiejoren zeréck kafen ze kënne wéi wann een do Cotiséiert hätt
  • Ee Pensiounssystem de méiglecht laangfristeg stabil ass a net de Status Quo fir ee kuerzen Zäitraum op Käschte vun der nächster Generatioun probéiert ze garantéieren
Weider Informatiounen :
Am Kader vun der Debatt iwwer ech méiglech Pensiounsreform huet d’ACEL eng Ëmfro bei de Jonke lancéiert fir hir Meenung gewuer ze ginn.
Wéi eng Ëmfro?

Eis Ëmfro zu der Pensioun huet sech haaptsächlech u Jonker geriicht fir rauszefannen wéi vill si aktuell iwwer d’pensioun an déi aktuell Debatt wëssen a wat hirer Meenung no d’Problemer an eventuell Léisunge kënne sinn.

Wat ass dobäi rauskomm?
D’Resultater weisen, dass vill Jonker sech net genuch informéiert fillen iwwer de Pensiounssystem, mee awer de Wëllen an den Interessi do ass dëse besser ze verstoen.
Des Weidere geet aus der Ëmfro raus, dass eng Majoritéit vun deene Jonken net méi laang schaffe goe wëllen. Dës gouf oft domadder begrënnt, dass et onfair ass, dass eis Generatioun an deem Fall un der Pensiounsreform méi leide misst wéi aner Generatiounen. Déi Participanten déi sech bereet gewisen hu méi laang schaffen ze goen hunn dat gréisstendeels mam demographesche Wandel begrënnt .
Eng grouss Majoritéit vun de Studente wëll, dass d’Studiejore weider unerkannt ginn. Vill Leit hunn och d’Alterslimitt vu 27 Joer kritiséiert.
Wat sinn eis Fuerderungen?
Baséirend ob der Ëmfro huet d’ACEL follgend Fuerderungen:
  • Verstäerkt an einfach zougänglech Informatiounsvermëttlung iwwer de Pensiounssystem an d’Reform fir déi Jonk
  • Nohalteg Finanzéierung vum Pensiounssystem fir eng laangfristeg Perspektiv
  • Studiejore solle weiderhin iwwer eng Dauer vun 9 Joer ugerechent kënne ginn. Dës sollten awer flexibiliséiert gi fir dass et keng Alterslimitte vu 27 Joer gëtt.
Komplett Resultater
Déi komplett a méi detailéiert Resultater vun eiser Ëmfro an all eis Fuerderungen fënns du hei:
Resultater Ëmfro (pdf)