Skip to main content
Welcome to our Knowledge Base

Tip: Start typing in the input box for immediate search results.

< All Topics
Print

ACL

Soubal ee sech en Auto uschaaft, muss een deen och assuréieren. Heifir ginn et vill verschidde Produiten, déi vun enger einfacher Haftflicht (obligatoresch) bis zur Vollkasko (net obligatoresch) ginn. Looss dech am beschte vun engem Agent beroden, fir ze kucken, wat fir dech ubruecht ass.

Den Automobil Club Lëtzebuerg (ACL)

Den Automobil Club Lëtzebuerg (ACL) bitt senge Memberen eng Rei Servicer ronderëm den Auto un. Dobäi kann een tëschent verschiddene Produite wielen, jee nodeem, ob ee just zu Lëtzebuerg oder och am Ausland vun de Servicer Gebrauch maache wëllt. Zu dëse Servicer ziele beispillsweis d’Ofschleefe vum Auto an d’Heembrénge vun de Persounen am Fall vun enger Pann, d’Bereetstelle vun engem Ersatzauto an déi juristesch Ënnerstëtzung. Op internationalem Niveau këmmert sech den ACL och ëm gesondheetlech Servicer am Ausland.

Table of Contents