Skip to main content
Welcome to our Knowledge Base

Tip: Start typing in the input box for immediate search results.

< All Topics
Print

Assurance – Allgemeng

De Secteur vun den Assurancen zu Lëtzebuerg

Den Assurancësecteur besteet aus zwou Branchen:

  • D’Liewensversécherungen (assurances-vie): Se wierke bei engem Stierffall oder engem Invalidefall. Och d’Assurancë fir Zousazpensioune falen an dës Branche. Lëtzebuerger Assurancë bidden esou Kontrakter och Leit un, déi net zu Lëtzebuerg, mee an engem aneren EU-Land wunnen.
  • D’Net-Liewensversécherungen (assurances non-vie): Dorënner falen ënnert anerem Assurancen am Fall vun engem Brand, engem Accident oder engem Schued. Och d’Krankeversécherung an d’Haftflicht falen an dëse Beräich.

Dës Produite sinn am Prinzip nëmme fir Persounen, déi zu Lëtzebuerg wunnen, mee verschidde Gesellschaften hu sech och op Leit aus dem internationale Raum spezialiséiert.

Table of Contents