Tip: Start typing in the input box for immediate search results.
-
Ekonomie
ANESEC

- www.anesec.lu
- anesec.luxembourg
- ANESEC - Connecting future economists
Missioun a Beschreiwung
ANESEC verfollegt mat hiren Aktivitéiten dräi Objektiver:
1.D’Studéirendeninteressen am Beräich vun de Wirtschaftswëssenschaften (Ekonomie, Management, Business, etc.) ze representéieren:
D’Zil ass et, alleguerten d’lëtzebuergescher Ekonomiesstudent:innen an enger eenzeger Associatioun ze vereenegen. Doduerch entsteet eng Plattform, déi den Informatiounsaustausch fördert an d’Deele vu perséinleche wéi och professionelle Erfahrungen erliichtert. Des Weidere soll d’ANESEC et den Ekonomiesstudent:innen zu Lëtzebuerg erméiglechen, nei Bekanntschaften ze maachen a Kontakter ze knëppen. Als eenzeg national Associatioun fir Ekonomiestudéieren zu Lëtzebuerg verbënnt d’ANESEC zukünfteg Ekonomist:innen, Student:innen an Alumni’en duerch Networking-Eventer, Workshops a Karriärfoiren zesumme mat féierende Partneren.
2.Den Iwwergang vum Studenteleven an d’Beruffsliewen ze vereinfachen:
D’ANESEC steet a stännegem Kontakt mat ausgewielten Acteuren vun der lëtzebuergescher Economieswelt an de Student:innen an hëlleft also, de Kontakt tëscht béide Säiten ze vereinfachen. Dofir organiséiert d’ANESEC iwwer d’Joer eng Rei Events, wéi z. B. de Career Opportunity Day, d’Digital Business Days oder och Visites d’Entreprisen etc.
Nieftbei geet d’ANESEC och op ëffentlech Discoursen vu verschiddene wichtege Acteuren aus der lëtzebuergescher Ekonomie invitéiert, fir iwwer verschidde Sujeten ze diskutéieren. Am Joer 2023 sinn d’ANESEC an hir Memberen ënner anerem vun TedX Lëtzebuerg op en interessanten Event zum Thema “Empowering through Education” invitéiert ginn.
3. D’Schüler:innen a Student:innen ze informéieren:
All ANESEC-Member kritt reegelméisseg e Newsletter, deen iwwer ausgewielt Eventer vun der ANESEC souwéi Stage- an Aarbechtsofferen vun de Partner.
D’ANESEC ass op der Studentefoire wéi och beim Student fir 1 Daag vun der ACEL vertrueden. Hei kënne Schüler:innen a Student:innen an direkten Kontakt mat Comité-Memberen trieden a sech iwwer déi verschidden Ekonomiesstudiengänge a professionell Méiglechkeeten renseignéieren.
Aktivitéiten
Annual Thematic Event
Zënter iwwer 35 Joer organiséiert d’ANESEC eng Jobfoire, op där d’Haaptacteure vun der lëtzebuergescher Wirtschafts- a Finanzwelt present sinn. Dës Jobfoire war fréier als Rencontre Entreprise-Étudiants (REE) bekannt. Am Joer 2022 huet d’ANESEC dëst Event awer Career Opportunity Day ëmgedeeft.
Hei bidde mir eise Memberen interessant Rieden vun erfueren Gäscht, Panel-Diskussiounen, eng Jobfoire souwéi och professionell CV-Fotos un. Op d’mannst eng Partie vun eise Partner sinn ëmmer vertrueden, wat et eise Memberen erlaabt, ganz onofhängeg vun hirem Choix eng Rëtsch interessant Entreprisen ze fannen a mat deenen an engem exklusiven Kader ze diskutéieren.
Oft gëtt dësen Dag mat engem Networking-Part ofgeronnt, fir dass jiddereen sech an engem méi informelle Kader kenneléiere kann. Dobäi kréien d’Student:innen d’Méiglechkeet, an direkte Kontakt mat de Firmen ze trieden a sech iwwer aktuell Stage- an Aarbechtsméiglechkeeten ze informéieren.
Dëst Joer stoung de Career Opportunity Day ënnert dem Thema: “NextGen Startups in Luxembourg: The Landscape of Innovation & Entrepreneurship”. Fënnef Experten aus dem Start-up Secteur hu villwäerteg Ablécker ginn.
17 Partnerfirme waren op der traditioneller Jobfoire vertrueden. Ronn 75 Memberen hunn d’Geleeënheet genotzt, um Event an der Chambre de Commerce deelzehuelen.
Digital Business Days
Een mol am Joer gehéieren och d’ANESEC Digital Business Days dozou. Déi 3 Deeg sinn als virtuell Foren organiséiert, déi en intensiven Austausch mat Entreprisen erlaben. D’Digital Business Days sinn eng eenzegaarteg Geleeënheet, mat wichtegen Acteuren aus der Finanz- a Wirtschaftswelt vu Lëtzebuerg a Kontakt ze kommen an sech iwwer Stage- an Aarbechtsplazen ze informéieren. Eis Memberen hun d’Méiglechkeet, un enger Speedmeeting-Sessioun deelzehuelen, wou si jeeweils 15 Minutten Zäit hunn, fir perséinlech mat Vertrieder:innen vun eise Partner-Entreprisen ze schwätzen an hir Profilen ze stellen.
Networkingeventer
Fir datt d’Ekonomiestudent:innen sech an engem méi kollegialen Atmosphär kënne kenneléieren, organiséiert d’ANESEC iwwer dat ganzt Joer verdeelt och informell Networkingeventer. Doru gehéiert den Wanterpatt, de Networking Brunch sou wéi den Fouerpatt. D‘Zil ass et, den Erfarungsaustausch – besonnesch iwwert Stagen an Unien – ze fërderen.
Japan Rees
D’ANESEC huet am Joer 2025 eng Rees op Japan mat 13 Comitteesmemberen an 7 Memberen organiséiert. Dëst huet niewent der Visitt op der World Expo zu Osaka an d’Erkunden vun Tokyo an Kyoto och d’Teamgefill gestäerkt, an och spannend Treffen, ë. a. mam lëtzebuergeschen Ambassadeur, erméiglecht.