Skip to main content
Welcome to our Knowledge Base

Tip: Start typing in the input box for immediate search results.

< All Topics

JonkBAD

Missioun a Beschreiwung

Wat stellt een sech ënner engem Bibliothecaire oder enger Archivistin vir? D’Jonk BAD ass de Studentencercel fir Lëtzebuerger Student*innen am Bibliothéikswiesen, der Archivistik an der Dokumentatioun a mir sinn do, fir mat verstëbste Klischeeën, déi ronderëm eis Beruffer kurséieren, opzeraumen. Dofir gi mir a Schoulen, op d’Studentefoire, op d’Walfer Bicherdeeg an an d’Maison de l’orientation an erzielen den Interesséierten, de Schüler*innen an de Student*innen, wat et mat de BAD-Beruffer op sech huet. Mir ënnerstëtzen d’Student*inne bei der Sich vu Stageplazen a Studentenjobs a mir hëllefe bei hiren Demanden. Stagen a Studentenjobs sinn esou wichteg, fir datt jiddereen dat Richtegt fir sech fënnt. Mir sinn och fir Leit do, déi fir d’éischt eppes aneres gemaach hunn, a stinn hinne bei enger Ëmorientéierung gären zur Säit.
Mir stellen och all Joers e Studielisting op, fir ze weisen, wou ee ka studéieren a wat et vu Schwéierpunkte gëtt. D’Beruffer am BAD-Beräich sinn nämlech ganz villfälteg an et kann een sech ganz gutt spezialiséieren. Eis Beruffer verstoppen sech hanner ville Bezeechnungen: Records Manager, Information Specialist, Data Scientist an nach ganz villes méi. Et fënnt een eis an ëffentlechen ewéi wëssenschaftleche Bibliothéiken, a Museksarchiven, an Entreprisen an iwwerall do, wou Informatioune mussen esou verschafft ginn, datt een se liicht erëmfënnt an datt se zougänglech sinn. Bei dësen Informatioune geet et awer net nëmmen ëm physesch Dokumenter. E ganz wichtegen Aspekt bei eise Beruffer ass d’Digitaliséierung. Dat heescht, et geet och dorëms, digital Informatiounen ze verschaffen an z.B. Datebanken opzebauen, an deenen dës Informatiounen organiséiert a gespäichert ginn.
An der BAD-Communautéit si mir och gutt vernetzt. Mir sinn z.B. am enke Kontakt mat der ALBAD (Associatioun vun de Lët- zebuerger Bibliothecairen, Archivisten an Dokumentalisten) an dem VLA (Veräin vun de Lëtzebuerger Archivisten). Esou kënne sech déi Jonk och ëmmer mat Leit, déi schonn am Beruffsliewen dra sinn, austauschen. An eise Beräicher huet een och gutt Beruffschancen: zu Lëtzebuerg gi baal all Joer iwwer 300 Plaazen ausgeschriwwen.
Fir iwwer Evenementer informéiert ze ginn, kann ee gären eis Social-Media-Kanäl followen a fir weider Informatioune kann een ëmmer eng E-Mail schécken.

Aktivitéiten

  • Stand op der Studentefoire an op de Walfer Bicherdeeg
  • Visitten an Deelhuelen un Infosessiounen an de Lycéeën esouwéi an der Maison de l’orientation, fir d’Schüler:innen iwwer eis Beruffer opzeklären an op hir Froen ze äntweren
  • Visitte vu Studentestied, Porte-ouvertë vun Universitéiten an Héichschoulen, Besiche vu Bibliothéiken, Archiven an Dokumentatiounszentere
  • Matdeele vu Studentenjobs a Job- a Stage-Offeren, Hëllef bei Demanden
  • BAD-Meetings: gemeinsam Aktivitéiten an Deelhuelen um kulturelle Liewen, wéi z.B Liesungen, Konferenzen, Concerten, Kino, Picknicken, Iessen, Visite-guidéeën an aner flott Manifestatiounen

Publikatiounen

  • Alljärleche Rapport vun eisen Aktivitéiten
  • Studielisting: Lëscht mat de verschiddene Studiegäng a verschidde Schoulen/Unien, déi jiddereen iwwer eis E-Mail-Adress ufroe kann
  • Pressecommuniquéen
Table of Contents