Tip: Start typing in the input box for immediate search results.
-
Medezin
ALEM

- https://alem.lu
- Alem.lu
- ALEM - Luxemburgisch Medical Students’ Association
- ALEM - Lëtzebuerger Medezinstudéierenden
Missioun a Beschreiwung
D’Missioun vun eiser Vereenegung ass et, d’Vernetzung vun de lëtzebuergesche Medezin- an Zännmedezinstudent:innen an den Dokteren, déi am Gaange sinn, sech ze spezialiséieren, ze verbesseren an hir Interessen op nationalem an internationalem Niveau vis-à-vis vun der Politik an de verschiddenen Acteure vum Gesondheetswiesen ze vertrieden.
Des Weideren informéiere mir interesséiert Schüler:innen iwwert de Medezinstudium, wéi och iwwert de Phar-makologie- a Veterinärstudium, a sinn och an de verschiddenste Beräicher vun der Santé publique, der Education médicale an der Education sexuelle aktiv.
All Lëtzebuerger Medezinstudent:in, egal a wat fir engem Semester en/si ass, ka gratis an einfach, ouni Verflichtung, bei eis Member ginn a vun enger ganzer Rei Virdeeler (reegelméisseg Info-Mails, Newsletter-Abo asw.) profitéieren an un eisen Aktivitéiten (Training Day, Online-Events, Kongress „Journée du futur médecin“) deelhuelen.
Aktivitéiten
National Representatioun
D’ALEM setzt sech fir d’Interessevertriedung vun de Medezinstudent:innen op nationalem Niveau an. Et ass wichteg, de spéideren Dokteren eng Stëmm géigeniwwer politeschen Entscheedungsdréier an der Ëffentlechkeet ze ginn, ënner anerem duerch d’Verfaasse vun der Etüd iwwer d’medezinesch Ausbildung, duerch Participatioun um Gesondheetsdësch oder der Bedeelegung beim Ausschaffe vum Stagegesetz.
Ee vun de groussen Ziler ass et, net nëmme virun de Studien an och wärend dem Studium gutt Informatioun bereetzestellen, mee och d’Kommunikatioun tëscht aneren Acteure wéi Spideeler/Dokteren an de Medezinstudent:innen ze verbesseren.
International Representatioun
Well mir an deene verschiddenste Länner studéieren, ass et eis wichteg och international aktiv ze sinn. D’ALEM ass Member vun der International Federation of Medical Students’ Associations (IFMSA). Mir schécke reegelméisseg Delegatiounen op d’Generalversammlungen (ëmmer am Mäerz an August) an op d’European Regional Meetings (EuRegMe) vun der IFMSA. Dës Treffen erlaben et eis, eis mat anere Medezinstudent:innen auszetauschen an nei Frëndschaften a Projeten opzebauen. Duerch verschidde Soiréen an eng Cultural Night léiert een awer och vill Länner op der Welt besser kennen an et kann een eng flott Zäit matenee verbréngen.
Mir huelen och un engem neie Projet deel: Den SCOPE Exchange Programm bitt engem d’Méiglechkeet, Stagen am Ausland (Brasilien, Kanada, Chile, Schweden, Schwäiz a vill anerer!) ze maachen an esou och aner Gesondheetssystemer kennenzeléieren. Genausou begréisse mir international Student:innen zu Lëtzebuerg, fir déi mir Eventer organiséieren, un deenen och eis Memberen deelhuele kënnen.
Eventer
Mir bidden eise Memberen och flott Eventer wéi z.Bsp. den Training Day,wou een seng praktesch Skills verbessere kann oder Petziklinicke. Eist gréisst Event ass “Journée du futur médecin”, wou mir eise Memberen en direkten Austausch mat de verschiddenen Acteuren aus dem Gesondheetssecteur erméiglechen. Mir organiséieren och all Joer den Intercercle Bluttspende-Marathon an eng Rei interessant Webinare mat verschiddensten Acteuren.
Publikatiounen
Weider Informatiounen zu aanere medizinesche Beruffer an dem dozougehörege Bildungsweer sin op MengStudien.lu ze fannen