Skip to main content

De 7. an 8. November fënnt déi 33. Editioun vun der Foire de l’Etudiant an der Luxexpo – The Box statt. Mat méi wéi 250 Aussteller aus zwanzeg verschiddene Länner ass d’Foire de l’Etudiant eent vun den gréissten Eventer a Lëtzebuerg fir de Schüler a Studenten Informatiounen iwwer verschidden Studiëgäng a verschidden Unien an Héichschoulen mat op den Wee ze ginn. Et sinn awer och eng ganz Rei Entreprisen do, bei deenen sech d’Studenten an d’Schüler iwwert Aarbechtsplazen informéieren kennen.

Du stees virum dengem Ofschloss am Lycée oder du bass nach Student an wëlls dech iwwert aner Studien informéieren? Du wëlls dech iwwert déi verschidden Beruffer informéieren déi s du mat dengem Diplom maachen kanns? Du weess nach net richteg wat’s du solls studéieren oder du hues Froen zum Studium? Da komm op d’Foire de l’Etudiant an léier d’ACEL – de Studentevertrieder a seng Membercerclen kennen. Dir fannt eis an der Hall 3C – Stand 3C08 wärend deenen zwee Deeg vun 10h00 bis 18h30.

Niewent dem Guide du Futur Etudiant an dem Guide du Futur Diplômé bréngt d’ACEL dëst Joer pünktlech fir d’Foire de l’Etudiant eng nei Publikatioun eraus: De Studenteguide. Während de Guide du Futur Etudiant sech un d’Schüler virum Studium riicht an den Guide du Futur Diplômé nom Studium hëllefe soll, fënnt een am „De Studenteguide“ all déi néideg Informatioune, déi een als Student an sengem Alldag brauch. Nieft deene wichtegsten Informatioune ronderëm d’Studenteliewen, wéi de Finanzement vum Studium, oder hëllefräich Tipps zur Wunnengssich, informéiert des Broschür haaptsächlech iwwer Besonneschkeeten a verschidden Länner.

D’ACEL ass houfreg, iech déi éischt Versioun vum “De Studenteguide” ze presentéieren. Komm op eise Stand an sécher dir däin Exemplaire vum De Studenteguide fir wärend dengem Studium op alles virbereet ze sinn. Du fënns all eis Guiden natierlech och als PDF Versioun op eisem Site: https://acel.lu/publikatiounen/

E weidert grousst Thema fir all Student am Ufank vu sengem Parcours ass: wéi finanzéieren ech mäin Studium? Dofir kann een eng finanziell Hëllef beim CEDIES ufroen.

Fir dir all deng Froen zu dësem Thema ze beäntwerten hu mir dëst Joer ee Video erausbruecht deens du dir ënnert folgendem Link kanns ukucken: https://acel.lu/2019/10/08/video-aides-financieres/