Skip to main content
ArtikelenInforméierenStudent fir 1 Dag

Annulatioun – Student fir 1 Dag 2020

By March 16, 2020No Comments

Bedéngt duerch déi aktuell Situatioun a Verbreedung vum Coronavirus/COVID-19 huet d’Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois (ACEL) missten all d’Reese vum „Student fir 1 Dag 2020” ofsoen.

D’Umeldungskäschten déi schonn iwwerwise goufen, ginn natierlech vun der ACEL rembourséiert.

Déi betraffe Persoune gi vun der ACEL perséinlech ugeschriwwe fir Detailer vun der Réckerstattung ze klären.

Des Weideren si mir nach am gaangen no Alternativen ze sichen, fir de Schüler trotzdeem déi néideg Informatiounen iwwert déi verschidde Stied mat op de Wee ze ginn. Mir wäerten Iech deementspriechend op eisem Site esou wei och op eiser Facebook Säit um lafenden halen.

Hei fannt dir eise Pressecommuniqué vum 16.03.2020: Link