Skip to main content
ArtikelenInforméieren

Wéi kann ech hëllefen?

By March 27, 2020No Comments

 

Du wëlls anere Léit hëllefen, ma du weess net wou de dech solls mellen.

Mir hunn fir dech e puer Infoen zesumme gestallt. 

 

Vun der Regierung gëtt et d’Plattform Govjobs.lu, hei fënnt een all d’Annoncë wou een sech ka mëllen

fir ze hëllefen. Dës Annoncë sinn der aktueller Lag ugepasst a gin je no Besoin geupdate.

 

c: govjobs.lu

Wéider Infos fënns du ënner dësem Link


Vum Gesondheetsministère an  der Association Luxembourgeoise des Étudiants en Psychologie (ALEP), kënnt dann och nach d’Informatioun dass bedéngt duerch Enkpäss am Service Psychosocial, léit gesicht ginn dei de positiven Diagnostik vun enger COVID-19 Erkrankung kënne vermëttelen. Dës riicht sech haaptsächlech un Psychologiestudenten.

 

 

 

Wann dat däi Fall ass, kann du dech  bei der Madamm Dr. Mareike Bönigk ënner email hidden; JavaScript is required mellen, fir méi Informatiounen ze kréien.


Et ginn och lokal Initiative wou zum Beispill vulnerabel Leit ënnerstëtzt ginn, an deem een d’Akeef fir si erleedegt oder mam Hond raus geet. Do ass och ëmmer all hëllef wëllkomm! Informéier dech do am beschte bei denger Gemeng (zum Beispill um Site oder Telefon) iwwer lafend Aktiounen.

 

Mais och bäi de Scoute fënnt ee vill Lokal Gruppen déi sou Aktioune maachen.    Link

Bonne Action – Coronavirus

An virun allem respektéiert d’Consignë vun der Regierung, wëll och dat hëlleft.