Skip to main content
InforméierenStudent fir 1 Dag

Student fir 1 Dag – Freiburg

By April 16, 2020No Comments

FREIBURG: Jil Hamm – Bachelor Medienkulturwissenschaft / Niewefach: Kulturanthropologie und europäische Ethnologie

Du bass op 2ième oder 1re a bass nach onentscheet wou s du spéider studéiere wëlls? Ech soen dir firwat Freiburg dee beschte Choix ass 😉 Als éischt klären ech formell Froen, déi dech als Student ufanks beschäftegen, dono erzielen ech vu mengen Erfarungen déi ech bis elo als Studentin zu Freiburg gemaach hunn. Opgepasst: Ech bezéie mech op d‘Albert-Ludwigs Universität Freiburg, fir Informatiounen zu Héichschoule kanns du gäre Kontakt mat engem Comitésmember ophuelen, mir hëllefen dir gäre weider.

UMELDUNGSKÄSCHTEN OP DER UNI / OP DEN UNI’EN: 

Och wann et schéi wier, mee am Géigesaz zu der Band Seeed kanns du als StudentIn warscheinlech net behaapte „ich mache money im Schlaf“… Ma wéi vill kascht sou ee Semester an der sonnegster Stad vun Däitschland? Op der Albert-Ludwigs Universität Freiburg leien d‘Umeldungskäschte bei 155 Euro pro Semester. Good News: Do bleift nach genuch fir deen een oder anere Béier iwwreg.

WÉINI KANN EEN SECH OP DER UNI /OP DEN UNIEN UMELLEN?

D’Umeldungsperiode sinn ofhängeg vum Studiegang:

Fir di zulassungsbeschränkte Fächer muss den Antrag auf Zulassung tëscht dem 1. Juni a spéitstens dem 15. Juli dobanne sinn. Dëst kann awer no Fach changéieren, dofir muss du onbedéngt d’Bestëmmunge fir däi Fach um Site vun der Uni nokucken. Och d’Bewerbung ass fir verschidde Fächer mëttlerweil online.

Fir di zulassungsfräi Fächer kann een sech am Zäitraum vum 1. Juni bis den 11. Oktober bewerben. Hei muss du awer oppassen, dass Bedingunge fir sech ze bewerben, nach bis zum Ufank vun der Bewerbungsfrist kënnen änneren. Dofir och hei onbedéngt bei de fachspezifesche Bestëmmungen um Site vun der Uni nokucken! (http://www.studium.uni-freiburg.de/de/studienangebot/studienfaecher)

WÉI KANN EEN SECH UMELLEN?

D’Uni Freiburg ass mengen Erfarungen no relativ onkomplizéiert wat d’Umeldung ugeet, ma op wat et heescht opzepassen, ass en eventuellen Numerus Clausus. De sougenannten NC ass eng Nott, déi s du no denger Première muss kënnen noweise fir de Studium zougelooss ze ginn (An dem Sënn wënsche mir all de Primaner déi grad léiere vill Courage a Bonne Chance fir hir Examen!). Ob däi Studiegang, fir deens du dech intresséiers esou eng Zulassungsbeschränkung gesat huet, fënns du bei der Beschreiwung vum Fach: (http://www.studium.uni-freiburg.de/de/studienangebot/studienfaecher).

D’Wantersemester zu Freiburg fänkt an der Reegel Mëtt Oktober un an d’Virliesungen a Seminaire gi bis Mëtt Februar. Dono hues du keng Coursen, mee jee no Studiegang kommen da Klausuren oder Hausaarbechten op dech zou. D’Summersemester zitt sech da vu Mëtt Abrëll bis Mëtt Juli, mat nees enger Klausuren-/Hausarbechtephase am August (Keng Angscht, de Summer zu Freiburg ass trotz léieren onvergläichlech cool!)

OP WAT MUSS EE BESONNESCH OPPASSE BEI DER UMELDUNG OP DER UNI / OP DEN UNIEN?

D’Uni selwer huet eng Check-Lëscht zesummegestallt fir d’ass een och näischt vergësst, wann een sech op der Uni bewerbe well: https://www.studium.uni-freiburg.de/de/bewerbung/international/vollzeitstudium-folder

Fir Humanmedezin an Zännmedezin muss der iech iwwert hochschulstart.de umellen. Fir méi Detailer fir de Medezinstudium ass et am beschten du mells dech bei der ALEM. (Association Luxembourgeoise des Étudiants en Médecine)

Intressant ass nach, dass déi meeschte Studiegäng aus engem Hapt- an engem Niewefach bestinn, déi s du fräi kombinéiere kanns. Dëst erméiglecht dir direkt zwee Intressegebidder nozegoen.

FIRWAT STUDÉIERS DU AN DER STAD?

Also als éischt emol: Freiburg ass einfach mega! Mech hunn direkt e puer Aspekter iwwerzeegt:

  • Freiburg ass déi sonnegst Stad an Däitschland – ech mengen do ass keng weider Argumentatioun néideg.
  • De Feeling: Am beschten u Freiburg gefält mir den Ausgläich tëschent dem stättesche Liewen an dem gemittleche Flair – zu Freiburg ginn et relax Caféen, Baren a Restauranten an och vill Geschäfter fir shoppen ze goen. Wann ech Ofwiesslung brauch, kann ech awer och an de Seepark, op de Schlossberg oder laanscht d’Dreisam trëppele goen an d’Natur genéissen. Richteg cool ass an dem Sënn nach, dass een zu Freiburg alles einfach zu Fouss oder mam Vëlo erreecht!
  • Perfekt Distanz: 3-4 Stonnen Auto fuere – dat geet duer fir genuch Ofstand vun den Elteren ze hunn an awer kënne spontan e Weekend Heem ze fuere wann et engem grad dono ass.
  • Sprooch a Kultur: e weidert Argument fir mech war op däitsch (deelweis englesch) ze studéieren an e Feierabendbier mat Kolleegen ze drénken.
  • De SLUF: Net ze vergiesse sinn d’Eventer vum SLUF bei deenen een definitiv vill Frëndschafte schléisst a villes méi!

WÉI EE STUDIEGANG ASS BEI DE LËTZEBUERGER AM MEESCHTE BESAT/AM BELÉIFTSTEN?

D’Albert-Ludwigs Universität bitt all déi 11 Fakultéiten un: Biologie, Chimie an Pharmazie, Medezin, Mathematik a Physik, Philologesch Fächer, Philosophesch Fächer, Rechtswëssenschaften, Technesch Fakultéit (z.B.: Informatik), Theologie, Ëmwelt, Wirtschaft a Verhalenswëssenschaften. Beléifte Studiegäng si menger Aschätzung no souwuel Geschicht a Germanistik wéi och Volks- a Betriebswirtschaftslehre an och Medezin oder Chimie. Donieft huet Freiburg och vill Héichschoulen, déi nach vill aner Fächer ubidden.

WÉI BRÉNGT DIR D’LËTZEBUERGER STUDENTEN ZESUMMEN?

  • De SLUF trëfft sech emol d’Woch fir säin traditionelle Stammdësch. Jiddereen ass häerzlechst wëllkomm fir gemittlech ee Patt mam Elchi ze drénken an dono weider feieren ze goen.
  • E speziellt Freiburger Event ass d’Straba-Party, wou mir, wéi de Numm et seet, mat enger fir eis reservéierter Straßenbahn duerch d’Stad fueren a Party maachen. Méi verrode mir net, looss dech iwwerraschen!
  • Een onvergiessleche Weekend fënnt op der legendärer Wanterhütt statt. Mir fueren zesummen op de Feldberg, wou mir an enger Hütt iwwernuechten, zesumme kachen, iessen, drénken, wanderen an einfach Spaass hunn.

Ech hoffen ech konnt dir d’Studenteliewen zu Freiburg méi no bréngen an dass mir als SLUF dech geschwënn an eiser schéiner Stad begréissen.

Bei weidere Froe kenn dir Iech gären ënnert folgendem Link beim Cercle mellen: http://acel.lu/cercles/sluf/ oder email hidden; JavaScript is required.