Skip to main content
ArtikelenInforméieren

Entdeck d’Guidë vun der ACEL

By November 13, 2020No Comments

An eisem Guide du Futur Étudiant, dee mir all Joers zesumme mat eise Cerclen erausbréngen, fënns du all wichteg Informatioune ronderëm d’Studéieren.

 

Vun der Beschreiwung vun verschiddenen Universitéiten an Europa an an den USA, iwwer Tipps fir däi Studenteliewen ze gestalte bis hin zu Rotschléi wéi s du dech am beschten ulees fir eng Wunneng ze kréien, ass an dësem Guide alles dran. 

Wann s du also nach net weess wéi et no dem Lycée soll weidergoen oder méi Informatiounen iwwer den zukünfteg Studiestaat wëlls fanne kuck an eisem Guide du Futur Étudiant.

 

Guide du Futur Étudiant

 

Eisen zweete Guide deen dech wärend dengem Studium soll begleeden ass den “De Studenteguide“. An dësem fënns du all wichteg Informatioune ronderëm däin Alldag an dengem Studieland.

Op wat muss ech oppasse wann ech an der Schwäiz studéieren? Wat ass de Rundfunkbeitrag ? op dës Froen déi däi Studenteliewe betreffen, fënns du d’Äntwerten am “De Studenteguide”. 

De Studenteguide

 

 

Eisen drëtten Guide dee mir all Joers nei editéieren ass de Guide du Futur Diplômé. Dëse riicht sech virun allem un Leit déi no der 1ère an nom Schluss vun hirem Studium de Wee an d’Aarbechtswelt wëllen aschloen.

Wei schreiwen ech mäin CV ? Wei kann ech mäin Diplom Unerkenne loossen ? oder Wat hunn ech vir Méiglechkeeten no dem Lycée oder mengem Studium ? op all dës Froe fënnt een d’Äntwert am Guide du Futur Diplômé.

Wann s du dech also frees wat een no dem Lycée oder der Uni ka maachen ass dëse Guide genau dee richtege fir dech.

 

Guide du Futur Diplômé