Skip to main content

Wousst du, dass engersäits d’handwierklech Ausbildung, déi mat engem DAP ofschléisst, nach ëmmer d’Referenz-Qualifikatioun ass, fir sech déi néideg technesch Kompetenzen unzëeegnen. Dësen Ofschloss ass vun de Betriber immens gefrot, fir esou dem Client eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht ubidden ze kënnen.
Em 90% vun den Absolvente vun enger handwierklecher Ausbildung fanne bannent sechs Méint eng Aarbechtsplaz oder féieren hir Formatioun weider. Em 70% vun den Absolvente vun enger Ausbildung am Handwierk fannen eng Aarbechtsplaz an hirem Ausbildungsbetrib. D‘Ausbildung ass also immens attraktiv an och fir Erwuessener nach méiglech.

Ob am Liewensmëttelberäich, an der Moud-Gesondheet-Hygiène, der Mechanik, der Konstruktioun oder der Kommunikatioun a Multimedia – an alle Beräicher vum Handwierk ass d’Nofro no jonken Talenter grouss. Fir eng Erwuessenenausbildung muss ee mindestens 18 Joer al sinn, säit mindestens 12 Méint seng Schoulzäit ofgeschloss hunn an am Prinzip mindestens 1 Joer bei dem Centre Commun de la Sécurité Sociale ugemellt gewiescht sinn. D’Ausbildung besteet aus theoretesche Coursen an d‘praktesch Erfarung mécht een an engem Ausbildungsbetrib. 

Anerersäits ass de Meeschterbréif déi Formatioun, déi een als zukünftegen Entrepreneur a Féierungskraaft beschtens op d’Gestioun an d’Iwwerhuele vun engem Betrib virbereet. Et ass DÉI Formatioun, déi déi theoretesch, praktesch a pedagogesch Kompetenze vermëttelt, déi gebraucht ginn, fir e Betrib ze grënnen an ze leeden a säin Knowhow a Kënnen un déi nächst Generatioun weiderzeginn.

D’Inhalter vum Meeschterbréif gi kontinuéierlech un d‘Erausfuerderunge vu Muer a vum Aarbechtsmarché ugepasst, an esou mécht dech den Diplom vum „Brevet de Maîtrise” fit fir d‘Zukunft. Den Accès zu dëser Formatioun kritt een ënnert anerem och mat enger Première, engem Bachelor oder engem Master. D’Handwierk ass deemno och op fir Leit, déi net den traditionelle Wee gaange sinn, mee sech spéider berufflech ëmorientéiere wëllen, gäre praktesch schaffen, an e reellt Resultat um Enn vun engem Aarbechtsdag am Grapp wëllen hunn.

Wann s du Loscht hues, an engem villfältegen an innovative Secteur ze schaffen, dann huel d’Zukunft an deng Hänn. Informéier dech op handsup.lu iwwert all deng Léier- a Karriärsméiglechkeeten!