Dat war de Student fir 1 Dag 2025!
D’ACEL ass houfreg (an erliichtert 😉 ) iwwert dës gelongen Editioun vum Student fir 1 Dag: Duerch 23 Stied an an 8 Fächer konnten d’Schüler an d’Schülerinne schlenderen an d’Unisliewen entdecken, respektiv ee spezifescht Fach aus der Vue vum Student an der Studentin erliewen.
Vun der Fakultéit zu Bonn, bis hin zu der Wafel zu Léck,
Vun der Mëttespaus am Jardin du Luxembourg bis hin zu der Vue op d’Maas,
Vun der Ambassade zu Berlin bis hin zum Zürecher Séi,
Vum Simulatiounssall bis hin zum Lehramt-Workshop
a vun zefriddenen Participant’en a flotte Bussreesen, war alles dobäi.
Villmools merci un eis Cerclen déi hire Part super gestalt hunn, un eis Sponsoren ouni déi esou Reesen net méiglech wieren an un erschëpft Comitésmemberen déi dat eent oder anert gro Hoer dobäi kruten.
Bis d’nächst Joer!