Skip to main content

Eng Neiegkeet vum Pilier Informatioun dëst Joer ass d’Digitaliséierung vun de Guidë. Wat virdrun als dräi separat Informatiounsbroschüren existéiert huet, nämlech den “Guide du futur étudiant”, den “Guide du futur diplômé” an “De Studenteguide”, gëtt vun dëst Joer un op enger globaler Websäit zesummegefaasst. “De Studenteguide” bleift weiderhin als Drockversioun erhalen a gëtt de Primaner zesumme mat hirem Diplom iwwerreecht.

D’ACEL mécht domat e wichtege Schrëtt a Richtung Nohaltegkeet an erméiglecht de Schüler, op d’Informatiounen aus de Guiden einfach zougänglech an dat ganzt Joer iwwer zeréckgräifen ze kennen. D’Kategorie vun der Websäit si follgend:

  • Studielänner
  • Studiefächer
  • Aarbechtswelt
  • Orientatioun
  • (Selbstänneg) Liewen
  • BTS

Sou si all Inhalter vun den ale Guide op der Websäit ofgedeckt. “De Studenteguide” ass och weiderhin op den Informatiounssëtzungen an de Lycéeën an op der Foire de l’étudiant zougänglech. Et bleift also déi siwent Editioun vun der Broschür a se geet Hand an Hand mat der neier studenteguide.lu -Websäit.

Studenteguide.lu ass ab dem 1. Oktober 2025 fir jiddereen zougänglech.

Studenteguide.lu