Skip to main content
Waat ass d'Studentefoire?

Op der Studentefoire informéiert d’ACEL zesummen mam Ministère fir Fuerschung an Héichschoul zanter 40 Joer iwwert de Studium, d’Universitéitsliewen an alles waat dozou gehéiert. Jiddereen ass wëllkomm, sech iwwert hier Zukunft ze informéieren!

Waat fannen ech op der Studentefoire?

D’ACEL an hier Memberen si mat iwwer 40 Stänn an der Maison des Arts et des Étudiants um Rez-de-Chaussée ze fannen. Mir bidden d’Méiglechkeet sech mat Lëtzebuerger Student:innecerclen aus 6 Länner a 9 Fachberäicher auszetauschen.

Niewend eis sinn och Universitéiten an Héichschoulen selwer, Lycéen dei BTSen ubieden an Acteuren aus dem Beruffsliewen sur place.

Eng detailléiert Opleschtung vun allen Exposanten ass op studentefoire.lu ze fannen.

Weini a wou fennt d'Foire statt? A wéi kann ech dohinner kommen?

Donneschdes, den 30. Oktober ass d’Foire vu 9-18 Auer op

Freides, den 31. Oktober ass d’Foire vu 9-16 Auer op

De Standuert ass de Campus Belval vun der Uni.lu, mei genee d’Maison du Savoir, Maison des Arts et des Étudiants, d’Maison des Sciences Humaines an der Hal des Poches à Fonte.

Dei nosten Bushaltestell ass “Porte des Sciences”, “Avenue du Rock’n’Roll” a “Porte de France” sinn awer och net wäit. Des Haltestellen gi vun den RGTR Linnen 650 (Bettembourg-Huncherange-Kayl-Esch-Belval), 605 (Villerupt-Montery), 750 (Steinfort-Garnich-Schouweiler-Bettange-Mondercrange-Ehlerange-Belval) an 306 (Trier-Wasserbillig-Gasperich-Leudelange-Belval) ugefuer, souwéi den TICE Linnen 4 (Dudelange-Kayl-Schifflange-Esch-Belval), 7 (Esch-Belval) a 15 (Clemency-Fingig-Bascharage-Sanem-Soleuvre-Belvaux-Balval) ugefuer.

Dei nosten Gare ass Belval(Université), wou all 15-20 Minutten en Zuch aus der Staadt a vu Rodange ukennt.

Den aktuellen Fuerplang ass ereechbar op mobilitéit.lu.

D’Parkplaatzen beim Site sinn duerch de laafenden Universitéitsbetrieb extrem limitéiert.