Och dëst Joer an der Ouschtervakanz huet de Student fir 1 Dag, organiséiert vun der ACEL a senge Studentecerclen, wéi gewinnt mat Succès stattfonnt. D’Zil vum Student fir 1 Dag ass et, zukünftege Student:innen d’Méiglechkeet ze bidden, sech éischt Andréck vum Studenteliewen an de verschiddene Studentestied ze maachen.
An Zesummenaarbecht mat Voyages Emile Weber an Luxair konnte mir och dëst Joer erëm eng grouss Unzuel u Busreesen, Fligerreesen a Reesen op Eegeninitiativ ubidden. D’Fligerplazen op Wien ware séier ausgebucht, wat d’Attraktivitéit vun dëser Rees weist, an och op Berlin konnten déi eng oder déi aner Schüler:innen mam Fliger fléien, fir och mei weit geleeë Stied entdecken ze entdecken.
Am Ganze konnten 19 verschidden Destinatiounen ugereest ginn :
- 12 Stied goufen iwwer Busreesen erreecht,
- 2 Stied mam Fliger,
- 6 Stied op Eegeninitiativ
An dëst Joer nei: 1 Stad mam Zuch.
Insgesamt hunn eng Ronn
305 Participanten an engem Zäitraum vun
10 Deeg un deenen
19 Reesen deelgeholl an dobäi
6 verschidde Länner bereest.Den Dag huet fir déi meescht Gruppe mat enger kuerzer Presentatioun vum jeeweilege Studentencercelen ugefaangen, deen och d’Encadrement sur Place iwwerholl huet.
Weider um Programm stounge Visitte vun den Universitéiten an Héichschoulen, guidéiert Touren duerch d’Stied a Fräizäit mat oft engem ofschléissende Patt am jeeweilege Stammcafé vum Cercle.
Och dëst Joer huet de fachspezifesche Student fir 1 Dag, bei dem d’Schüler:innen um Belval en Abléck an di verschidde Fächer, wou si studéiere kenne, kréien, den 28. Mäerz 2026 stattfonnt. Eng Woch virdrun hunn d’Psychologie Student:innen op hiren Informatiounsowend agelueden a konnten de Participanten hir verschidden Themeberäicher erklären an op Froen äntferen.
Hei hunn eis fachspezifesch Cerclen also erëm flotte Programmer opgestallt, fir de Schüler:innen di verschidde Studiefächer – mat Erfolleg- mei no ze bréngen. Wien heivun méi wëll wëssen, soll op kee Fall déi zweet Editioun vum fachspezifeschen Student fir 1 Dag den 28. November verpassen.
Wärend dem ganzen Dag hunn d‘Membere vun de Cerclen, d’Membere vun de fachspezifesche Cerclen an d’Equipe vun der ACEL probéiert, de Schüler:innen e realistesch Abléck an de Studenteliewen ze ginn an hinne bei Froen zur Säit ze stoen.