Skip to main content
Welcome to our Knowledge Base

Tip: Start typing in the input box for immediate search results.

< All Topics
Print

Service national de la jeunesse (SNJ)

Hey! Du hues tëschent 15 an 30 Joer a weess am Moment net wierklech wéi s du dir deng berufflech an/oder schoulesch Zukunft virstells oder bass onsécher ob däin aktuelle Wee dee richtege fir dech ass? Mir si fir dech do! An de lokalen Antenne vum Service national de la Jeunesse (SNJ) kriss du eng individuell Berodung a Begleedung a gëss ënnerstëtzt beim Ausschaffe vun dengem perséinleche Liewensprojet.

Fräiwellegendéngscht

Du géings gären e Gap Year maachen? Mat engem Fräiwëllegendéngscht kanns du dech fir e konkrete Projet vun allgemengem Interessi engagéieren. Et ass eng Méiglechkeet, duerch praktesch Erfarungen ze léieren an dech ze orientéieren, bei där s du dech fir e bestëmmten Zäitraum Vollzäit engagéiers. D’Aktivitéite kënnen zu Lëtzebuerg, am europäeschen Ausland oder esouguer iwwer Europa eraus stattfannen.

Du mengs, dass e Fräiwëllegendéngscht dat Richtegt fir dech kéint sinn? Den SNJ organiséiert reegelméisseg digital souwéi och physesch Info-Sessiounen a verschiddene Regioune vum Land. Hei kriss du de Fräiwëllegendéngscht presentéiert an op deng Froen geäntwert. Maach mat a fann eraus, wéi e Service volontaire am beschten bei dech passt.

Maison Eisenborn

Wann s du op d’Studiebäihëllefe vum Staat zeréckgräife wëlls, brauchs du eng Adress zu Lëtzebuerg. Wann s du awer keng Adress hei am Land hues, well s du zum Beispill aus dem Foyer kënns oder net méi d’Méiglechkeet hues, bei dengen Elteren ze wunnen, da kanns du dech an der Maison Eisenborn vum SNJ umellen. Esou behäls du eng Adress zu Lëtzebuerg, wat dir erméiglecht, d’Bourse beim Service Aide finacières unzefroen. Hei hues du och d’Méiglechkeet, wärend de Weekender oder an de Vakanzen ee vu 17 Zëmmer ze lounen an do ze wunnen. Zu deenen Zëmmeren zielen eng Gemeinschaftskichen, en Openthaltsraum an e gemeinsaamt Buedzëmmer. De Loyer ass relativ gënschteg an erlaabt dir, deng Wunneng am Ausland weiderzebezuelen. Du kanns awer och just e Raum kréien, fir deng perséinlech Saachen ënnerzestellen.

Stages de découverte

Du bass op der Sich no engem flotte Beräich an deem s du spéider schaffe wëlls? Du brauchs méi Informatiounen zu engem bestëmmte Beruff a bass interesséiert e konkreten Abléck an de Beruffsalldag bei enger Firma oder Organisatioun ze kréien? Mat Hëllef vun den Agenten aus de lokalen Antennen kanns du ganz geziilt a verschidde Beruffer era luussen. Dës Erfarung kann dech bei denger Entscheedung fir d’Zukunft ënnerstëtzen.

Atelieren

An den Atelieren vum SNJ kanns du entdecken, wat Upcycling ass a verschidden Technike fir mat diversen Materialien ze schaffe kenne léieren. Du kanns deng kreativ Säit entdecken an erliefs flott Momenter an engem frëndleche Kader.

Dobäi gëss du vun enger sozio-edukativer Equipe an vun Experten am Handwierk begleet. Zesummen, bereeden si dech ideal drop vir, déi nächst Etapp an dengem Liewen ze plangen an se dann och ëmzesetzen. Eis Atelieren erlaben dir et, an enger éischter Etapp aktiv ze sinn an all Dag dank fräiwëlleger Aarbecht eng Motivatioun ze fannen. An enger zweeter Etapp 12 gëtt dir gehollef, erëm Vertrauen an dech selwer ze kréien an e perséinlecht Zil ze definéieren. Och besteet d’ Méiglechkeet, dech an engem Atelier ze engagéieren an e Fräiwellegendëngscht oder Stage ze maachen fir déi Jonk an hirem Alldag ze begleeden.

Table of Contents