Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.
-
Aarbechtssich
Arbeschtssecteuren
Wëlls du deng Karriär am Privatsecteur maachen? Oder awer éischter am ëffentleche Secteur?
Fir dir dës Entscheedung ze erliichteren, hu mir eng Rei Informatioune vun deene verschidde Representante gesammelt an dës fir dech zesummegestallt.
Privatsecteur
Ënner Privatsecteur falen all déi Beruffer, déi net „ëffentlech“ sinn, also keen direkte Lien mam Lëtzebuerger Staat opweisen. Am Privatsecteur fënns du eng Hällewull verschidden Beruffsméiglechkeeten: vun Independant, Kooperatiounen, kleng- bis mëttelgrouss Firmen, Multinationalen, HORECA, a villes weider. Hei fënns du puer Beruffer aus dem Privatsecteur:
Fonction publique
en eenzegaartegen Employeur zu Lëtzebuerg
An der Fonction publique, déi aus Ministèren a Verwaltunge besteet, sinn iwwer 36.000 Agente* beschäftegt, déi Dag fir Dag duerfir suergen, datt d’Land funktionéiere kann, an datt de Bierger hiert Liewe méi einfach gëtt.
*Stand Ufangs 2024
sech mam Land beweegen
Zur sozialer, kultureller a wirtschaftlecher Entwécklung vun engem Land bäidroen, dat sech stänneg verännert, dat ass eng eenzegaarteg Aufgab! Verschiddener sinn direkt no der Schoul an den ëffentlechen Déngscht gaangen, anerer réischt am Laf vun hirer Carrière.
Awer all hu si ee gemeinsaamt Zil: d’Gesellschaft weiderbréngen an d’Bezéiungen tëscht dem Staat an de Bierger nei erfannen.
villfälteg Beruffer
D’Villfalt vun eise Profillen an eise Beruffer gehéiert zu eise Stäerkten! Beruffer, déi sech stänneg entwéckelen, fir beschtméiglech op d’Besoine vun der Gesellschaft anzegoen a fir jidderengem säin Alldag méi liicht ze maachen. Mir setzen eis all Dag an, fir d’Déngschtleeschtungen, déi d’Bevëlkerung gebuede kritt, ze verbesseren oder fir se weider ze digitaliséieren.
bedeelegt iech um Wandel
Andeems si am Déngscht vun der Allgemengheet schaffen, iwwerhuelen eis Agenten hir Aufgab an der Gesellschaft a gläichzäiteg verwierkleche si sech selwer. Ënnert hinne ginn et gebueren Ingenieuren. Anerer sinn zanter hirer Kandheet frou mat der Natur oder mat Sproochen. Nach anerer wollte schonn ëmmer Polizist ginn. Bei eis fannt Dir eng Plaz, wou Dir Ärer Leidenschaft nogoen an Är Talenter an engems sënnvoll asetze kënnt.

eisen Engagemnet als Äntfert op ären
Déi berufflech Entwécklung an d’Zefriddenheet vun eisen Agenten, dat sinn eis Prioritéiten!
Mir bidde ganz villfälteg Formatioune grad ewéi intern Mobilitéitsméiglechkeeten, duerch déi jidderee seng Kompetenzen erweideren a säi beruffleche Projet verwierkleche kann. Bei all Etapp vun Ärem Wee ginn Är Ambitioune gefërdert a wäertgeschätzt.