Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.
-
Handwierk
D’Handwierk
D’Handwierk ass e wichtege Pilier vun enger effikasser an nohalteger Wirtschaft zu Lëtzebuerg. Als Haaptacteur vun der Ekonomie beschäftegt d’Handwierk qualifizéiert Persounen a performanten Entreprisen a schaaft domat stabil Aarbechtsplazen.
All Dag consomméiere mir Produiten a benotze mir Servicer, déi vun Handwierksbetriber hiergestallt oder ugebuede ginn. D’Handwierk befënnt sech matzen an der Gesellschaft, léist esou munch Problemer, déi sech an eisem Alldag stellen, an ass DE Partner, wann et ëm d’Schafe vun Iddien an Innovatiounen, Aarbechts- an Zukunftsperspektiven, Zefriddenheet an Houfert duerch d’Hierstelle vu konkrete Produite geet.
Mat iwer 8.900 Betriber an engen 107.000 Leit, déi an dësem Beräich schaffen, ass d’Handwierk den éischten Employeur am Land a mat ronn 1.700 Persounen, déi eng Léier maachen, den Haaptformateur zu Lëtzebuerg. D’Handwierk representéiert 20 % vun alle Betriber an 21 % vun der gesamter Aarbecht hei am
Land. D’Handwierk spillt domat eng wichteg Roll an der Lutte géint de Chômage, well et eng grouss Unzuel vu stabillen Aarbechtsplaze schaaft. Allerdéngs ass eng qualifizéiert Aarbechtskraaft ze fannen eng vun den Erausfuerderungen, déi d’Aktivitéite vun den Handwierksbetriber aschränkt. D’Nofro no qualifizéierte Persounen ass deemno am Allgemenge grouss.
Am Handwierk schaffen 99,5% vun de Salariéen a klengen a
mëttelstännege Betriber, déi a sechs verschidde Secteuren op
gestallt sinn.
- Liewensmëttelberäich
- Moud, Gesondheet an Hygiène
- Mechanik
- Bau
- Kommunikatioun a Multimedia
- Konscht a Verschiddenes
Handwierk – dat heescht, eng Vilfalt vu Beruffer a Karriärsméiglechkeeten an dat esouwuel fir Leit, déi fréi hir berufflech Ausriichtung an d’Handwierk gemaach hunn, ewéi och fir Quer einsteiger, déi méi spéit iwwer Ëmweeër an d’Handwierk fannen an déi spéider an hirer berufflecher Karriär festgestallt hunn, datt hiert d’Häerz fir d’Handwierk schléit.
D’Handwierk bitt reell Perspektiven a Karriärschancen
D’Handwierk brauch dynamesch Leit, mat enger gudder Qualifikatioun, staark Profiller a virun allem motivéiert jonk Talenter. Méi wéi 35 % vun de Betriber wäerte sech an deenen nächsten zéng Joer d’Fro vun der Nofolleg stelle mussen, wat eng Chance a gläichzäiteg eng Erausfuerderung duerstellt. Wien also Karriär am Handwierk maache wëll, deem stinn d’Dieren op.
D’Ausbildung
Eng handwierklech Ausbildung, déi mat engem DAP ofschléisst, ass nach ëmmer d’Referenz-Qualifikatioun, fir sech déi néideg technesch Kompetenzen unzëeegnen. Dës ass vun de Betriber immens gefrot, fir esou dem Client eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht ubidden ze kënnen.
87% vun den Absolvente:innen vun enger handwierklecher Ausbildung fanne bannent sechs Méint eng Aarbechtsplaz oder féieren hir Formatioun weider. 61% vun den Absolvente vun enger Ausbildung am Handwierk fannen eng Aarbechtsplaz bei hirem Ausbildungsbetrib. (Quell: CDM 2023) D’Ausbildung ass also immens attraktiv an och fir Erwuessener nach méiglech.
De Meeschterbréif
De Meeschterbréif ass déi Formatioun, déi een als zukünftegen Entrepreneur a Féierungskraaft beschtens op d’Gestioun an d’Iwwerhuele vun engem Betrib virbereet. Et ass DÉI Ausbildung, déi déi theoretesch, praktesch a pedagogesch Kompetenze vermëttelt, déi gebraucht ginn, fir e Betrib ze grënnen an ze leeden a säi Knowhow a Kënnen un déi nächst Generatioun weiderzeginn. D’Inhalter vum Meeschterbréif gi kontinuéierlech un d’Erausfuerderunge vu Muer a vum Aarbechtsmarché ugepasst, an esou mécht dech den Diplom vum „Brevet de Maîtrise” fit fir d’Zukunft. Den Accès zu dëser Formatioun kritt een ënnert anerem och mat enger Première, engem Bachelor oder engem Master.
Informéier dech:
D’Handwierk ass deemno och op fir Leit, déi net den traditionelle Wee gaange sinn, mee sech spéider berufflech ëmorientéiere wëllen, gäre praktesch schaffen, an e reellt Resultat um Enn vun engem Aarbechtsdag wëllen hunn. Och aner Diplomer kënnen engem d’Dieren an d’Handwierk opmaachen. Doriwwer eraus beschäftegen d’Handwierksbetriber ënnert anerem och Comptabelen, Juristen, Ingenieuren, Zeechner a Grafiker a bidden esou etlech Méiglechkeeten, fir sech berufflech weiderzëentwéckelen.
Et hänkt also ganz vun dir, denger Passioun an denge Kompetenzen of! A well een am Liewen ni ausléiert, hues du och ëmmer d’Méiglechkeet, dech weiderzebilden oder esouguer eng ganz nei Karriär ze starten.
Wann s du Loscht hues, an engem villfältegen an innovative Secteur ze schaffen, dann huel deng Zukunft an d’Hand. Informéier dech bei der Chambre des Métiers a looss dech vun hire verschiddene Servicer ënnerstëtzen, sief et fir eng Berodung fir eng adequat Weiderbildung oder awer fir d’Begleedung bei de Formalitéiten, fir eventuell e Betrib ze grënnen oder ze iwwerhuelen.