Skip to main content
Wat sichs du?

Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.

< All Topics
Print

Unerkennung vun den Diplomer

Wie muss säin Diplom aschreiwe loossen?

D’Aschreiwung an de Registre des titres ass néideg fir d’akademesch Unerkennung vun auslänneschen Héichschouldiplomer.
Duerch dës Aschreiwung kritt een d’Recht, säin akademeschen
Titel ëffentlech zu Lëtzebuerg ze droen.
Konkret gëtt dës Aschreiwung fir déi iewescht Karriären am ëffentleche Secteur gefrot. Och e privaten Employeur kann esou
eng Inscriptioun verlaangen. Well all administrativ Prozedur
mat enger Beaarbechtungszäit verbonnen ass, ass et vu Virdeel, den Diplom schonn direkt, wann een ufänkt, eng Aarbecht
ze sichen, unerkennen ze loossen, fir datt een all d’Dokumenter
zesummenhuet a kuerzfristeg a mat engem kompletten Dossier op eng Annonce ka reagéieren.
Eng Ausnam existéiert fir Diplomer vun unerkannten Héichschoulen aus de follgende Länner: Lëtzebuerg, Belsch, Holland,
Estland, Lettland a Litauen. Dës sinn automatesch unerkannt a
mussen net an de Registre des titres ageschriwwe ginn. Betraff
sinn deemno:

Lëtzebuerg

Alleguerten d’Ofschlëss, déi op dëser Lëscht stinn: https://gd.lu/51x6T

D’Ofschlëss vun enger sougenannter Formation initiale, also engem Bologna-Cycle (Cycle court, Bachelor, Master, Doktorat). Een Tableau mat de betraffenen Diplomer fënns du hei: https://gd.lu/5LwJ5J Och automatesch unerkannt sinn eeler Ofschlëss, fir déi eng formal Korrespondenz besteet zu engem haitegen Titel/Grad, dee betraff ass: https://gd.lu/7lsfM  

D’Ofschlëss vun enger sougenannter Formation initiale,
also engem Bologna-Cycle (Cycle court, Bachelor, Master,
Doktorat). Een Tableau mat de betraffenen Diplomer fënns
du hei: https://gd.lu/5LwJ5JText

De Prinzip funktionéiert follgendermoossen: Wann den Titel/
Grad vun enger unerkannter Héichschoul ausgestallt gouf
an och explizit vun an de Grondlagen-Texter vun der automatescher Unerkennung erwäänt ass, dann ass dësen zu Lëtzebuerg automatesch um selwechten Niveau unerkannt wéi
am Land, an deem den Diplom ausgestallt gouf. D’Qualifikatiounskadere vun de Benelux- an de baltesche Staate sinn nämlech uneneen ugepasst ginn. Domat ass z. B. e Bachelier an der Fédération Wallonie-Bruxelles um Niveau 6 vum frankophone Qualifikatiounskader agestuuft an deemno zu Lëtzebuerg automatesch um Niveau 6 vum lëtzebuergesche Qualifikatiounskader unerkannt.

Wat kascht d’Aschreiwe vu mengem Diplom?

Wann däin Diplom automatesch unerkannt ass (méi Informatiounen heizou uewendriwwer), da bass du vun der Aschreiwungsprozedur dispenséiert a muss näischt bezuelen.
D’Aschreiwe vun all anerem Héichschouldiplom kascht 75€.
Wann s du den Dossier online areechs, kanns du direkt op www.guichet.lu bezuelen. Wann s du d’Demande per Post aschécks, muss du d’Taxe am Viraus per Iwwerweisung bezuelen an den Avis de débit bei den Dossier leeën.
Och wann däin Diplom refuséiert gëtt an dowéinst net ageschriwwe gëtt, muss du dës Taxe bezuelen.

Wou fannen ech de Formulaire?

Op www.guichet.lu ass de Formulaire direkt an d’Demarche
integréiert, du brauchs also just schrëttweis déi néideg Informatiounen unzeginn, déi s de um Site gefrot gëss. D’Prozedur fënns de ënner der Rubrik „Études supérieures ou postsecondaires” oder ënnert folgendem Link: https://gd.lu/83LN41
De Formulaire fir eng Demande iwwer de Postwee anzeschécken fënns du um Site vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul (MESR) ënner der Rubrik „Démarches” – „Reconaissance académique” – „Tout autre diplôme étranger” oder ënnert folgendem Link: https://gd.lu/2Q89nB

Wie muss säin Diplom homologéiere loossen?

D’Homologatioun ass eng Unerkennungsprozedur spezifesch
fir Diplomer am Beräich vum Droit. Se ass obligatoresch fir
d’Cours complémentaires en droit luxembourgeois (CCDL) kënnen ze beleeën. Den Ofschloss vun de CCDLe gëtt ënner anerem fir de Beruff vum Affekot oder Riichter gefrot.Text

Wéi funktionéiert dat Ganzt?

D’Demandë fir d’Homologatioun vun den Diplomer gi vun der Homologatiounskommissioun analyséiert, déi e consultativen Avis doriwwer ofgëtt, ob d’Diplomer mat de Lëtzebuerger Gesetzer a Reglementer iwwertenee stëmmen. De Ministère fir Fuerschung an Héichschoul decidéiert dann, op Basis vum Avis vun der Kommissioun, ob d’Diplomer homologéiert ginn.

Wat kascht d’Homologatioun vu mengem Diplom?

D’Taxe fir d’Homologatioun vun engem Diplom kascht 125€ a muss virun der Demande per Iwwerweisung bezuelt ginn. Och wann d’Homologatioun vun dengem Diplom refuséiert gëtt, muss du dës Taxe bezuelen

Table of Contents