Tip: Start typing in the input box for immediate search results.
-
Erasmus
ANEFORE
- Anefore ASBL
- eduPôle Walferdange Bâtiment 03 – Étage 01
- Route de Diekirch L-7220 Walferdange
- TEL: 2478 5284 – FAX: 2478 5293
- EMAIL:
Europäesch Programmer an de Beräicher vun der Edukatioun
an der Jugend bidde rezent Diploméierte vill verschidde Méig-
lechkeeten:
Den Erasmus+ Programm
Är Méiglechkeeten als rezent Diploméierter
Diploméierter, déi rezent hir Beruffsausbildung oder Héichschoul ofgeschloss hunn an op der Sich no engem Stage an enger Firma am Ausland sinn, kënnen iwwert den Erasmus+ Programm eng Bourse ufroen. Dës Stagen erlaben et rezenten Diploméierte vun enger éischter Beruffserfarung am Ausland ze profitéieren
De Stage
- muss an enger Firma stattfanne, wou d’Land een anert ass wéi dat wou den Diploméierte wunnt, gewunnt huet oder studéiert huet. Entweder an Europa oder doriwwer eraus
- muss an deenen 12 Méint nom Secondairesofschloss, respektiv Héichschoulofschloss stattfannen
- ka fir Diploméierter déi rezent hir Beruffsausbildung ofgeschloss hunn 10 Deeg bis 1 Joer daueren. Fir Héichschouldiploméiert ass Dauer vum Stage tëscht 2 an 12 Méint. De Stage kann sech och un engem hybriden Modell orientéieren a mat enger virtueller Aktivitéitsperiod kombinéiert ginn.
Wéi kann ee matmaachen?
Wann Dir als rezenten Diploméierten un engem Erasmus+ Stage intresséiert sidd, kontaktéiert Äre Lycée oder Är Héichschoul. D’Institutiounen déi um Programm deelhuelen, bidden eng Erasmus+ Bourse un, déi zu Äre Rees- an Openthaltskäschten bäidréit. Zu dësen Institutiounen ziele verschidde Lycéeën, Héichschoulen an d’Uni Lëtzebuerg.
De Programm Corps Européen de Solidarité
Är Méiglechkeeten: e Volontariat an Europa an doriwwer eraus
Sidd Dir net prett fir eng Aarbecht oder Studien unzefänken,oder wëllt Dir e „Gap year“ maachen a Beruffserfarung sammelen? Den Europäesche Solidaritéitskorps (ESC) Programm fërdert Engagement a Solidaritéit andeems e gratis a héichqualitativ Fräiwëllegendéngschter am Ausland ubitt.
Volontariat
- kann individuell oder am Grupp gemaach ginn
- gëtt an Organisatioune vum Solidaritéitssecteur gemaach, entweder an Europa oder doriwwer eraus
- dauert vun 2 Woche bis 2 Méint (Gruppevolontariat) oder vun 2 bis 12 Méint fir individuell Volontariat.
Wéi kann ee matmaachen?
Wann Dir wëllt en ESC Fräiwëllegen Déngscht maachen, musst Dir tëscht 18 an 30 Joer al sinn a Member vum ESC sinn. Dir kënnt Iech op folgendem Site an den ESC aschreiwen www.youth.europa.eu/solidarity_fr . Wann Dir Iech ugemellt hutt, kritt Dir Zougang zu enger Datebank, wou Dir no Offere kënnt sichen oder vun interesséierten Organisatioune kontaktéiert kënnt ginn.
Op d’mannst zwou Organisatioune sinn an Ärem Fräiwëllegendéngscht involvéiert: eng Entsendeorganisatioun zu Lëtzebuerg an eng „organisation d’accueil“ am Destinatiounsland. Zu Lëtzebuerg verschécken d’Agence Nationale pour l’Information des Jeunes (ANIJ) an de Service national de la jeunesse (SNJ) Fräiwëlleger. Wärend Ärem Fräiwëllegendéngscht sidd Dir verséchert a kritt Täschegeld. De Loyer an d’Iesskäschte ginn iwwerholl an de Programm leescht e Bäitrag zu de Reeskäschten.

Item #1
Erklärtext
EUROPASS – Kompetenzeportfolio & Instrument fir d'Gestioun vun Ärer Karriär
Är Méiglechkeeten: valoriséiert Äre schouleschen a beruffleche Parcours
Europass ass en Ensembel vun Online-Instrumenter an -Dokumenter, déi Iech hëllefen, Äre liewenslaange schouleschen a beruffleche Parcours ze geréieren. Op der Europass-Plattform kënnt Dir Äre Kompetenzeportfolio uleeën, deen a 34 europäesche Länner unerkannt ass, an Informatiounen iwwer Aarbechtsplazen a Formatiounen a ganz Europa fannen. Leet Iech Ären europäesche Kompetenzepass online un op www.europass.eu, an hutt direkt Accès op Äre perséinlechen Espace an déi sëllege Funktionalitéite fir:
- Är Kompetenzen a Qualifikatiounen sou wéi Erfarungen ze beschreiwen an ze deelen
- Ären Europass-CV automatesch aus Ärem Profil ze erstellen
- Iwwert Är Ziler an Interessen ze reflektéieren
- Bildungsméiglechkeeten a Job-Offeren, déi Ärem Profil entspriechen, ze consultéieren
- Är Sprooch an digital Kompetenze selwer ze bewäerten
- Är Kandidaturen ze geréieren.
Nieft dem Instrument fir Är Karriär ze geréieren, ginn déi standardiséiert Europass-Dokumenter Iech d’Méiglechkeet Är Stäerkten op eng vergläichbar Manéier ze weisen:
- Europass Mobilitéits Zertifikat fir Kompetenzen, déi wärend enger Studie- oder Stagemobilitéit erfaasst goufen, ze beschreiwen
- De Zertifikat-Supplement beschreift d’Kompetenzen, déi den Titulaire vu Zertifikater sech am Kader vun der theoretescher a praktescher Beruffsausbildung ugëeegent huet
- Den Diplom-Supplement beschreift d’Kompetenzen, déi den
Titulaire vun engem Héichschouldiplom sech ugëeegent
huet.
Bei Froe kontaktéiert Anefore, den nationalen Europasszenter zu Lëtzebuerg. Weider Informatioune fann Dir op: www.europass.lu