Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

Registre des Titres & Taxe d’Homologation

By March 19, 2017May 29th, 2019No Comments

Registre des Titres:

  • Diplomer, déi zu Lëtzebuerg, an der Belsch oder an Holland (Benelux) ausgestallt goufen, mussen net méi an de Registre des Titres agedroe ginn, vu datt dëst automatesch geschitt. Et ass deemno keng weider Demarche néideg.
  • Diplomer, déi an engem anere Land ausgestallt goufen (Däitschland, Frankräich, …) mussen an de Registre agedroe ginn. Dëst kascht 75€. Ausserdeem ass den administrativen Opwand reduzéiert ginn. Opgrond dovu misst all Diplom bannent 1-2 Wochen agedroe sinn.
  • D’Androe vum Diplom ass obligatoresch, falls en den Titel well offiziell droen. Ausserdeem ass et obligatoresch fir Léit, déi wëlle bei der Fonction Publique schaffen. Deemno sinn och déi Léit dozou verflicht, déi wëllen de Proffekonkuer matmaachen. D’Proffekandidaten sinn zousätzlech dozou verflicht, souwuel hire Bachelor wéi och hire Masterdiplom anzedroen. Taxe vu 75€ muss an dem Fall zwee mol bezuelt ginn. An all anerem Fall ass d’Androen net obligatoresch.

Dëst kënnt dir beim Ministère noliesen. Do ass och opgezielt, wéi eng Dokumenter fir dës Prozedur mussen eragereecht ginn:
http://www.mesr.public.lu/enssup/registre_des_titres/index.html