Skip to main content
ArtikelenZesummebréngen

ACEL Neijoerschpatt

By January 24, 2019May 29th, 2019No Comments

Mir hunn de 17. Januar zesumme mam Educatiouns- an Héichschoulminister Claude Meisch, eise Partner, Memberen a Familien op d’Joer 2019 ugestouss.

Begréisst goufen eis Invitéen an der Maison des Arts et des Etudiants. Et gouf d’Geleeënheet genotzt all deenen Merci ze soen, déi iwwer dat lescht Joer an och doriwwer eraus eis ënnerstëtzt hunn, mir hunn ob Projeten vum leschten Joer zeréckgekuckt an awer och een Ausbléck op d’Projeten am Joer 2019 ginn.

Een Réckbléck op d’Joer 2018.

  • traditionell Evenementer:„Student fir 1 Dag“ mat bal 350 Schüler – De Studentebal
  • Asaz fir d’Stagegesetz
  • eng sëllechen Entrevuen
  • vill Versammlungen

Ausbléck Joer 2019

Op nationalem Niveau wäerten mir och dëst Joer weiderhin an enger Réi Comissiounen setzen, eis och mat der Héichschoulpolitik an awer och der nationaler Educatioun auserneen setzen. Mir freeën eis och immens op d’Zesummenaarbecht mam Här Minister Claude Meisch. Mir sinn sécher, dass d’Relatioun tëschent dem Héichschoulministère an der ACEL weiderhin wäert sou gutt bleiwen.

Eng wichteg Aufgab ass d’Informéieren vun eisen Schüler an zukünftegen Studenten. Eventer wie eisen Student fir 1 Dag awer och eis Präsenz iwwer dat ganzt Joer an den Lycée ass mëttlerweil een feste Bestanddeel vun der Aarbecht an der ACEL. D’Informéieren vun den Schüler ass nach ni esou wichteg gewiescht fir d’Orientatioun vun dësem. Mir freeën eis, dass mir als ACEL och elo an der nei gegrënnter Maison de l’Orientatioun dierfen matwierken an do d’Informéieren vun den Schüler kennen mat verbesseren.

Een Event wou dann och d’ACEL endlech mol dierf matféieren wäert d’35. Joer Féier ginn. Säit 1984 setzt sech d’ACEL fir d’Rechter, d‘Informatioun an Zesummebrénge vu Studenten a Schüler an. Iwwer déi 35 Joer gouf vill geschafft, vill diskutéiert, zemools mat der Politik an awer och vill erreecht. D’ACEL ass net méi den klenge Studenteveräin, mee mëttlerweil een feste Bestanddeel an der Lëtzebuerger Gesellschaft mat méi wéi 45 Cerclen déi hannert eis stinn an mat em déi 10.000 Studenten déi mir vertrieden. All deene Leit, déi do dohannert stiechen, soen mir ee grousse Merci.

Op een erfollegräich d’Joer 2019.