Skip to main content
ArtikelenZesummebréngen

Eis éischt Intercerclë vum Joer 2019

By April 14, 2019December 14th, 2019No Comments

Mat engem neie Joer start natierlech och di nei Saison fir d’Intercerclen, wou d’Cerclen sech géigesäiteg alueden, fir zesummen eng gutt Zäit beim jeeweils Aneren ze verbréngen. An dësem Blogpost kritt der en klenge Resumé vun den éischten sechs Intercerclë vum Joer 2019.

Skiweekend zu Gstaad (Friblëtz)

Ugefaangen huet d’Intercercles-Saison mat engem Ski-Weekend zu Gstaad, dee vun de Studente vu Fribourg organiséiert gouf. Vum 22. bis de 24. Februar hunn sech 35 sportlech Studenten en Chalet an de Schwäizer Bierger gedeelt a vu gudde Wieder- a Pistekonditioune profitéiert. Well de Chalet fest a Lëtzebuerger Hand war, hunn d’Participanten zwar misse gemeinsam nom Iessen hir Telleren a Glieser spullen, dofir haten si de Partyraum fir sech eleng, wou bei flotter Musek d’Ustrengung vum Skifueren oder Wandere konnt ofgebaut ginn, sief et duerch Danzen, Gesellschaftsspiller oder och di eng oder aner Ronn Kicker.
Leider huet all Weekend en Enn, dofir war no 2 sportlechen a flotten Deeg och schonn erëm Schluss. Nodeems de Chalet propper gemaach an alles agepaakt war, hunn sech d’Leit och scho misse vunenee verabschiden, well se a verschiddenen Autoen an hir Unisstied zréckgefuer sinn.


Apres-Ski-Party (Friblëtz)

Fir di zweeten Intercercle vum Joer musse mer elo net wäit goen, well erëm d’Leit vum Fribletzd’Organisateure waren, an des Kéier mat de Leit net fortgefuer sinn, mee mat hinnen zu Fribourg eng Apres-Ski-Party geschmass hunn. Ob 2 Stäck goufe Säll dekoréiert a preparéiert, fir all d’Gäscht z’empfänken an hinnen e flotten Owend ze bidden. Well di Locatioun bëssen ausserhalb läit an de Start vum Event am Nomëtte war, huet sech de Comité bëssen ameséiert an etlech Bréidercher selwer beluecht, fir déi de Gäscht owes kënnen unzebidden. Wéi den Numm vun der Intercercle et jo scho seet, war dann ab engem gewëssen Zäitpunkt mat feinster Apres-Ski-Musek de Startschoss fir d’Party am éischte Stack gefall. Bei passendem Glühwäin an anerem Gedrénks ass d’Stëmmung ëmmer méi geklommen, bis dann iergendwann puer Leit d’Mëschpult erobert hunn a selwer DJ gespillt hunn. Fir d’Leit, déi eng kleng Paus vum Danzen a Sange gebraucht hunn, stoung zoufällegerweis och e Kicker do, ob deem di eng oder aner spannend Partie gespillt gouf, bis et iergendwann dann sou spéit ginn ass, dass d’Musek huet missen ausgemaach ginn an d’Leit all konnten zefridden heemgoen.


Saint-Torè (Lestlé)

Di nächsten Intercercle steet ënnert engem besonnesch hellege Stär: d’Saint-Torè ass de Schluss vun der ‘Hellegen-Period’ zu Léck, wou nach eemol gutt gefeiert gëtt, ier et fir di Meescht an d’Leierphase geet. Säit 70 Joer sinn des 3 Deeg am Kalenner vun all Lécker Student rout agekreest, an eis Kollege vum LESTLE wollten eemol den anere Studente weisen, wat do alles sou geschitt. Méindes huet dat ganzt mat engem Open-Air-Festival, dem Garden HEC, ugefaangen. Op dësem Festival, wou Musek vu Studente gemaach gëtt an deen sech um Terrain vun enger Uni befend, konnt jiddereen dat gutt Wieder genéissen an di éischt Bekanntschafte knëppen. Nodeem et dann esou lues däischter gëtt, sinn d’Leit ënnerwee op de Chapi, e risege Fräibéier organiséiert vun all de Cercle vu Léck, wou d’Stëmmung vu Mëtten nach eemol getoppt gëtt.

No enger mol méi oder manner kuerzer Nuecht ass dann Dënschdes de Cortège duerch d’Stad ugesot. Alleguer d’Lécker Studentencerclen hunn sech Ween organiséiert, des dekoréiert a mat Museksanlagen equipéiert, a fueren domat op enger fester Route duerch den Zentrum. Ëmkreest vun enger riseger Unzuel u Studenten, déi di klassesch Belsche Cercle-Lidder sangen, fiert de Cortège vun der Place du XX Aout bis ob d’ “Terasses”, wou de Li Tore steet, eng Statue vun engem Steier, déi d’Fräiheet vun de Lécker Studente symboliséiert. Ob dëser Plaz treffen sech dann all d’Studenten a sangen nach puer vun de Cercle-Lidder, ier et dann erëm ob hire Chapi geet. D’Participante vun der Intercercle hunn awer nach e klengen Ofstiecher an de Stammcafé vum Lestlé gemaach, wou de Comité mat Chili con Carne a Fritte gewaart huet.

Mëttwochs war dann nach en Mëttegiessen ugesot, wou een di lecker Lécker Spezialitéit ‘Boulet Liègeois’ zerwéiert krut a mat de Leit di lescht 2 Deeg Revue passéiere loosse konnt. Wann een es dann nach ëmmer net genuch hat, konnt een dann nach ob di lescht Aktivitéit, dem ‘4H Trottinettes’, goen. Hei fuere 4er-Equippen ob selwer gebaute ‘Trottinetten’ duerch e Parcours a mussen sou vill Ronne wéi méiglech a 4 Stonne packen, wat souwuel fir d’Fuerer wéi och fir d’Zuschauer e grousse Spaass ass. No dësem sportlechen Deel ass da wierklech Schluss gewiescht an all Mënsch huet sech zefridden op den Heemwee gemaach.


Route du Vin (ALUS)

Den 23. Mäerz hunn dann d’Studente vu Stroossbuerg all d’Studenten ob hir Route du Vin agelueden. Bei deser Intercercle fueren d’Leit an engem Bus duerch den Elsass a ginn 2 Kellereie kucken a Wäi schmaachen. All Joers sinn 2 aner Kellereien drun, an deementspriechend och aner kleng Stied an Dierfer, déi d’Participanten zu Gesiicht kréien.

Dëst Joer war di éischt Kellerei zu Epfig, wou d’Participante vun der Wënzerfamill häerzlech begréisst goufen a mat hinnen eng Visitte gemaach hunn. No deem d’Leit och nach e Film gewise kruten, deen d’Hierstellung vum Wäin erkläert huet, ass et dann och schonn un d’Wäischmaache gaangen. Mat den Informatioune vum Patron hunn se sech duerch di verschidden Zorte probéiert an dono och di eng oder aner Këscht kaf, fir de gudde Wäin och nach mi spéit kennen ze genéissen.

Mëttes ass et dann ob Ribeauvillé an de Restaurant gaangen, wou all Mënsch eng gutt Bouchée à la Reine zerwéiert krut an no engem ‘Dësch an d’Luucht’ konnt dat klengt Dierfchen ob eege Fauscht entdecken. Bei dem beschte Wieder hunn et sech d’Leit natierlech net entgoe gelooss, ob enger Terrass oder enger Bänk all Sonnestral opzehuelen. Dono ass et da mam Bus virun ob Scherwiller gaangen, wou den zweete Wënzer ob eis gewaart huet. Mat enger Visitten an engem weidere Wäischmaachen hu mer dann den Nomëtte verbruecht, ier et um 18 Auer dann erëm zréck ob Stroossbuerg gaangen ass.

Nodeem jiddereen seng Këschte Wäin heembruecht huet, ass eng gréisser Grupp nach gutt elsässesch Tarte Flambée à Volonté iesse gaangen, an dono sinn di ganz motivéiert Participanten nach viru gaangen an hunn d’Nuetsliewe vu Stroossbuerg entdeckt, woumat di dësjäreg Editioun vun der Route du Vin en Enn fonnt huet.


Starkbierfest (LSM)

Eng Woch mi spéit waren et dann d’Leit vum LSM, déi all d’Studenten ob München agelueden hunn, fir zesummen op d’Starkbierfest ze goen. Nieft dem weltbekannten Oktoberfest an dem mi lokale Frühlingsfest ass dat heiten dat drëtt Volleksfest, wat am Géigesaz zu den éischten Zwee net ob der Theresienwiese stattfënnt, mee an de Brauhaiser selwer, a wou och Starkbier zerwéiert gëtt. Dëse Béier ass vun de Mönche gebraut ginn, fir wärend dem Faaschten eng nahrhaft Ergänzung ze hunn, a gëtt dowéinst nach ëmmer an der Faaschtenzäit verkaf.

Wéi et sech fir Münche gehéiert, war di ganz Intercercle ënnert dem Thema ‘bayresch Gemittlechkeet’ geplangt. Gestart huet et dowéinst Freides owes mat engem klenge Get-Together am Stammcafé vum LSM, wou een a rou mat de Leit schwätze konnt an nei Bekanntschafte knëppe konnt. Samschdes ass et da virugaange mat engem Weißwurstfrühstück, wou de Comité en Faass ugezaapt huet a jidderengem passenderweis Weißbier zerwéiert huet. Dono sinn d’Léit bis bei d’Isar getrëppelt, wou een sech d’Sonn ob de Bauch schénge loosse konnt, bis et dann um 7 Richtung Augustinerkeller gaangen ass.

Do am Brauhaus ass d’Party da richteg lassgaangen. No kuerzer Zäit, wou d’Leit matenee konnte schwätzen an sech mat Kaartespiller ameséiert hunn, huet dann och eng lokal Band ugefaangen, zünfteg Brauhaus- an iergendwann och Partymusek ze spillen. Ab dësem Zäitpunkt huet et dann och kee méi ob de Setzer gehalen a jiddereen huet ob den Dëscher gedanzt a gesonge bis spéit an d’Nuecht. Als dann de Spaass do fäerdeg war, sinn d’Leit a klenge Gruppe virugaangen an hunn d’Nuetsliewe vu München onsécher gemaach, bis se doudmidd an hir Better gefall sinn an sech iwwert e flotten Dag konnte freeën.


Ugly Skiing Day (LSI)

Erëm eng Woch drop hunn sech masseg Léit ob de Wee gemaach an sinn der Aluedung vun den Innsbrucker Studenten nokomm, déi hir Intercercle Ugly Skiing Day ofgehalen hunn. Den Ugly Skiing Day ass en Event, wou sech etlech Leit an hiren trashegsten Outfit geheien an um Bierg vum Axamer Lizum-Schigebitt de ganzen Dag ob Apres-Ski-Musek feieren. Do huet sech den LSI geduecht, dass dat Event bestëmmt och bei de Lëtzebuerger Studente gutt ukënnt.

Fir dass och kee Mënsch um Haaptevenement feelt, war de Startpunkt vun der Intercercle scho Freides Nomëttes, wou sech vill Leit ob en gemittlechen Apero getraff hunn an dat gutt Wieder genoss hunn. Dono huet sech e Groussdeel op de Wee an de reservéierte Restaurant gemaach, wou d’Leit Platen aus der éisträichesche Kichen zerwéiert kruten. Nodeem erëm eemol en ‘Dësch an d’Luucht’ ausgeféiert gouf, huet de LSI nach d’Participanten an e Club entfouert, wou den Owend relax ausgeklongen ass.

Samschdes moies um 8 stoungen dann 3 Busser prett, déi di verkleede Leit ob de Bierg bruecht hunn, wou ob der Tal- an der Bergstatioun bis um 20 Auer Partystëmmung ouni Enn war. Natierlech konnt een och Ski fuere goen, well genuch Schnéi war nach ob de Pisten. Bei beschtem Wieder an net ze kalen Temperaturen ass d’Zäit och zimlech schnell ëmgaangen, an nodeem een sech kuerz anescht undoe war ass et dann och schonn direkt virugaangen an de Club ‘Mausefalle’, wou d’Nuecht zum Dag gemaach gouf.

Sonndes konnt een dann a Rou ausschlofen ier et am freien Nomëtte bei den Inn gaangen ass, wou een an der Sonn leien a mat den neie Kollegen d’Erliefnisser vum Weekend diskutéiere konnt. No an no sinn dann och d’Léit heemgefuer, a fir déi, déi eréischt de Méinden heem wollte fueren, war nach en Owend an engem Restaurant virgesinn, wou sech nach eng Kéier köstlech ameséiert gouf. \MC