Skip to main content
ArtikelenInforméieren

Studentebourse & Coronavirus, an elo?

By March 23, 2020March 26th, 2020No Comments

Villes ass am Moment onsécher, fir dass d’Studenten sech awer net em alles Suerge musse maachen huet d’ACEL beim CEDIES nogefrot wéi et mat der Studentebourse an Zäite vum Coronavirus ausgesäit.

Du weess net genau wat d’Bourse ass oder wéi een déi ufreet? Dann kuck dir hei eise Video dozou un.


 

  • Du hues deng Demande fir d’Studiebäihëllef vum Summersemester 2020 schonn ageschéckt?

Tipptopp! Du muss dir keng Suerge méi maachen, well d’Bourse gëtt normal weider ausbezuelt wéi soss och ëmmer.

  • Du hues deng Demande fir d’Studiebäihëllef vum Summersemester 2020 nach net ageschéckt?

Och kee Problem! Du hues nach bis den 30. Abrëll Zäit, mee waart net bis zum Schluss! Denkt drun, bléift Doheem, dofir soll dir net perséinlech beim CEDIES laanscht goen. Evitéiert och fir är Demande per Post eran ze schécken, domat suergt dir net nëmmen dofir, dass är Demande méi séier beaarbecht gëtt, mee protegéiert och d’Leit déi an dëse Servicer schaffen.

Hei och nach e ganz wichtege Message vum CEDIES zu der ganzer Situatioun:

Message vum Cedies – Ministère de l’Enseignement supérieur et de la Recherche

De Service des aides financières schafft och an der Zäit vun der COVID-19 Krise weider.

Waart net fir är Demande fir de Summersemester eranzeschécken, och wann déi eng oder aner Pièce nach feelt fir ee kompletten Dossier ofzeginn.

Fir e schnellen Traitement vun ären Demanden ze garantéiere biede mir iech se iwwer MyGuichet oder per E-Mail un d’Adresse email hidden; JavaScript is required eranzeschécken.

Wann dir Froen hutt schéckt se am beschte per E-Mail un : email hidden; JavaScript is required.

Kuckt och reegelméisseg um Site: http://www.mesr.public.lu/index.html fir Updates iwwer déi aktuell Situatioun an der COVID-19 Krise.

Dir hutt ëmmer nach Froen oder wësst net wei et weider goe soll? Schreift eis per Mail op email hidden; JavaScript is required !

Bleift gesond an haalt iech un d’Virschrëfte vun eiser Regierung oder vun dem Land wou dir iech grad ophaalt!

Lies och: Update: Studenten am Ausland