Skip to main content
De Réckbléck op en Anniversairesjoer a villen Aspekter

De Student fir 1 Dag 2024 war net nëmme besonnesch well en am 40. Anniversairesjoer vun der ACEL stattfonnt huet. Et war och selwer 20 Joer hier dass d’ACEL déi éischte Kéier d’Konzept “Schülerreesen” ëmgesat huet. An dësen 20 Joer ass vill um Konzept geschafft ginn, esou dass mir 2024 op eist bis elo erfollegräichst Joer zeréckblécke kennen.

Mir freeën eis drop och 2025 rëm vill Schüler:innen bei hirer Studiewiel ze ënnerstëtzen!

Student fir 1 Dag 2025
De Fachspezifesche Student fir 1 Dag

Eng Neierung war och déi éischt Editioun vum Fachspezifesche Student fir 1 Dag. E Konzept wat explizit fir Schüler:innen ass, welch zwar eng grob Ahnung hunn, wat si studéiere wëllen, awer sech nach net fir eng Stad entscheet hunn. Hei konnten dëst Joer 5 Disziplinnen entdeckt ginn: Medezin, Droit, Ingenieurs- a Naturwëssenschaften, Ekonomie a BAD(Informatiouns- an Datenwëssenschaften). Dobäi gouf et flott Atelieren, wei Beispillsweis e Simulatiounssall, e Besuch vun engem Riichter an eng Visitt vum Héichuewen. Insgesamt 85 Schüler:innen hu vum Konzept profitéiert a konnten eng méi konkret Virstellung vun den Disziplinne kritt. Mir freeën eis drop am Joer 2025 nees vill Schüler:innen begréissen ze kennen an och néi Disziplinnen offréieren ze kennen!

Déi klassesch Visitten an de Stied

De klassesche Student fir 1 Dag an de Stied ass als Erfollegskonzept natierlech weidergaang. Duerch zwee néi Destinatiounen ass d’Unzuel u Reesen op 25 geklommen. Mir waren och frou e weidert Joer déi beléift Destinatioune Wien, Berlin a München a Kooperatioun mat der Luxair ufléien ze kennen. Donieft sinn natierlech d’Busdestinatiounen bäibehalen a mat Paräis expandéiert ginn. Op déi insgesamt 25 Destinatioune konnte mer ca. 500 Schüler:innen begleeden, welch an der Ouschtervakanz bei beschtem Wieder Studiestied entdecke konnten.

Eis Aftermovies – Inspiréier dech!