Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.
-
Aarbechtssich
Fuerscher ginn
Du bass u Fuerschung interesséiert? Du wëlls nei Sachen entdecken, neit Wëssen schaafen? Du bass passionnéiert iwwert eng bestëmmten Thematik? Dann ass en Doktorat dat Richtegt fir dech. En Doktorat dauert an der Reegel 3-4 Joer, während deenen een un engem wëssenschaftlechen Thema schafft, ënnert der Leedung vun engem erfuerenen Fuerscher (Super visor). Um Enn gëtt dat neit Wëssen an enger Dokterthees ze summegeschriwwen a bewäert.
En Doktorat ass e langzäitegen Engagement a soll gutt iwwer luecht sinn. Beim Choix vun der Dokteraarbecht soll ee sech ni op eng eenzeg Recommandatioun baséieren. Vill Studente:inne froen hir Professeren ëm Rot, wéi eng Recherche-Aarbecht se wiele sollen. Esou een Avis ass natierlech wichteg, mee fir de Choix vun der Dokteraarbecht an der spéiderer Carrière soll ee sech op alle Fall och nach op anere Plazen informéieren, wéi zum Beispill um Internet, op de sozialen Netzwierker, oder bei aneren Doktorand:innen, déi schonns eng gewëssen Erfarung an dësem Beräich gesammelt hunn. Eier een sech op en The ma festleet ass et ugeroden sech d’Fachliteratur unzekucken an sech e Bild ze maachen iwwert aktuell Fuerschungsfroen an dësem Beräich an iwwert die international Fuerschungsakteu ren di doru schaffen.
Wie muss ech kontaktéieren?
D’europäesch Associatioun Eurodoc huet national Memberassociatiounen an de meeschten EU-Länner. An dëse Reseaue vun den Doktorand:in nen fënnt ee vill Informatiounen zur Recherche a si maachen engem d’Dieren op, wat Kontakter an der Recherche ugeet. LUXDOC ass déi lëtzebuergesch Memberassociatioun vun Eu rodoc (luxdoc.uni.lu/). Et ass och gutt, am Viraus bei senger Universitéit nozefroen, well si sécherlech Kontakter an hirem internationalen akademesche Reseau huet, mat deenen si dech a Verbindung brénge kann.
Déi verschidde Méiglechkeeten, fir e Posten an der Recherche ze fannen
„Euraxess” ass en internationale Reseau, dee vill Informatioune fir jonk Chercheure bitt. Dëse Portal proposéiert Chercheur sposten a Bourssen oder Financementprogrammer fir déi ver schidden europäesch Länner:
Finanziell Ënnerstëtzung während dem Dokorat?
Verschidden Doktorandenposten gin ugebueden mat engem Finanzement vun 3-4 Joer, a Form vun enger Bourse oder als Arbechtsvertrag. Fir aner Doktoratsprojeten muss de Finanz ement fir d’éischt nach ugefrot gin.
Fir en Doktorat zu Lëtzebuerg kann een sech bei der Uni.lu (www.uni.lu), oder an enger vun den ëffen lech Fuerschungsinstitutiounen, wéi dem LIST (www. list.lu), dem LIH (www.lih.lu) oder dem LISER (www. liser.lu/) bewerben. All Doktoranteposten zu Lëtzebuerg sinn publizéiert ënnert der Sektioun „Jobs“ op dem Site vun Eu raxess Lëtzebuerg (www.euraxess.lu). Allgemeng Informatiou nen iwwert den Doktorat zu Lëtzebuerg fënnt een och um Site vun Research Luxembourg (www.researchluxembourg.lu).
De Fonds National de la Recherche offréiert all Joer individuell finanziell Ennerstëtzung fir eng limitéiert Unzuel vun Doktoran den iwwert folgend Programmer:
- „AFR Individual“ fir en Doktorat zu Lëtzebuerg di en Doktorat am Ausland wëllen maachen
- „Industrial Fellowships“, fir en Doktorat an Zesummenaar bescht mat enger Entreprise zu Lëtzebuerg
Dës verschidde Méiglechkeeten, fir säin Doktorat ze finanzéie re sinn natierlech jeeweils u spezifesch Konditioune gebonnen. Du fënns dës um Site vum FNR (www.fnr.lu), ënnert der Rubrik „Funding Instruments“ (www.fnr.lu/funding/). Reegelméisseg Informatiounen zu den Appeller ginn et och an der FNR News letter an an de soziale Medien vum FNR (FB, Twitter, Instagram a Linkedin).
Wat fir Precautioune muss ech huelen?
Fir dei spéider Carrière ass et interessant; en Doktorat ze si chen an engem Domaine, an deem et nach vill Nofro vun der In dustrie gëtt, wéi zum Beispill an de STEM-Domainer (Wëssen schaft, Technologie, Ingenierie a Mathematik). Et ass ëmmer gutt e Choix ze treffen, deen dech aus der Mass eraushiewe wäert. Et ginn och ëmmer méi interdisziplinär Recherchepro grammer, ugebueden. Déi brénge spannend Opportunitéite fir Neiheeten z’entdecken, mee kënnen awer och Aschränkunge fir deng spéider Carrièresentwécklung mat sech bréngen, zu mools wann een an der akademescher Fuerschung well blei wen.
En Doktorat soll net méi wéi 4 Joer daueren (Défense vun der These inclus). Hei ass et wichteg, dass du an där Zäit eng gutt Relatioun souwuel mam Superviseur ewéi och mat den Aar bechtskollegen häls an deem s du mat hinnen a reegelméis segem Kontakt bleifs. Et wier och gutt, wann s du géings en visagéieren, déi eng oder aner Artikelen an den relevanten Fachzeitungen ze verëffentlechen. Probéier och, duerch wës senschaftlech Reseauen eng gewësse Visibilitéit ze erreechen, zum Beispill duerch d‘Präsentatioun vun denger Aarbecht op wëssenschaftleche Konferenzen, duerch wëssenschaftlech Präisser an duerch Evaluatiouns- oder Editiounsaarbechten, an eng gewëssen Experienz am universitären Enseignement ze kréien, ouni däi Projet aus den Aen ze verléieren.
Zu gudder lescht, envisagéier och net-wëssenschaftlech For matiounen en vue vun denger zukünfteger Carrière (z.Bsp. Pro ject Management, Kommunikatioun,etc.) Je no Méiglechkeet wier et och sënnvoll e Stage wärend dem Doktorat ze maachen, fir deng Perspektiven ausserhalb vum Secteur vun der akademescher Fuerschung ze erhéijen.
Allgemeng ass et nach interessant ze wëssen:
- dass all Doktorand:innen zu Lëtzebuerg (an déi meescht vum FNR finanzéiert am Ausland) en Aarbechtsvertrag hun an domat sozial ofgeséchert sinn wärend hirer Dokteraar becht (z.Bsp. och Urecht hunn op Congé de maternité/Congé parental)
- dass Doktorand:innen zu a vu Lëtzebuerg och Urecht op die staatlech Studienbäihëlleg vum Héichschoulministère hunn