Skip to main content
Wat sichs du?

Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.

< All Topics
Print

Kontrakt

Den Aarbechtskontrakt ass e Vertrag, deen en Aarbechtsverhältnis reegelt an duerch deen eng Persoun sech dozou engagéiert, enger anerer Persoun, där déi éischt Persoun sech subordonéiert, hir Aarbechtskraaft géint eng Remuneratioun zur Verfügung ze stellen.Beschreiwung

Wat muss am Kontrakt stoen?

En Aarbechtskontrakt soll prinzipiell schrëftlech an an duebeler Ausféierung ofgeschloss ginn. Dat heescht, dass souwuel du, wéi och de Patron, en ënnerschriwwenen Exemplaire vum Kontrakt kritt. De Kontrakt soll folgend Informatiounen enthalen: 

  • Numm a Sëtz vun der Firma vum:vun der Patron:ne 
  • Numm vum Vertrieder vun der Firma
  • Numm a Wunnuert vum:vun der Salarié:e 
  • Ufanksdatum vum Kontrakt 
  • Informatiounen zu der Proufzäit, wann eng virgesinn ass 
  • Funktioun vum:vun der Salarié:e 
  • Bruttoloun 
  • Aarbechtsplaz 
  • Aarbechtszäiten 
  • Congésdeeg 
  • Detailer zur Kënnegungsfrist

Nieft den obligatoreschen Informatiounen, kënnen och nach eng Rei aner Klauselen am Kontrakt stoen. Am Prinzip gëllt, dass legal Virschrëften nëmme kënne geännert ginn, wann dës Ännerunge favorabel fir de:d‘Salarié:e sinn am Verglach mat de Mindestbestëmmungen aus dem Aaarbechtsgesetzbuch. Méi Informatioune fënns du: 

  • um Site vun der Chambre des salariés (www.csl.lu), ënnert der Rubrik „Vos droits”. 
  • um Site www.guichet.lu, ënnert der Rubrik „Travail” 

Kontraktformen

Et gi verschidden Zorten Aarbechtskontrakten, déi mir am folgende Kapitel méi genee virstelle wäerten: 

  • de Contrat à durée indéterminée (CDI) 
  • de Contrat à durée déterminée (CDD) 
  • de Contrat d’intérim

Wat ass e CDI?

De Contrat à durée indéterminée (CDI) leeft iwwert eng onbegrenzt (illimitéiert) Period, bis den Employeur oder de:d‘Salarié:ede Kontrakt kënnegt.

Enn vum Kontrakt

Och wann de CDI fir eng illimitéiert Zäit opgestallt ass, kann en niewent senger Opléisung duerch d’Parteien och duerch verschidde Situatiounen automatesch (per Gesetz) beendegt ginn. Dëst geschitt zum Beispill wann: 

  • den:d‘ Dokter:esch bei der Visite médicale d’embauche eng Onfäegkeet vum:vun der Salarié:e di envisagéiert Tätegkeet auzeübe feststellt 
  • de:d‘Salarié:e oder den Employeur stierft 
  • den Employeur faillite geet 
  • de:d‘Salarié:e eng Alterspensioun oder eng Invaliderent kritt

Wéi kann een e CDI kënnegen?

Delaien

Déi Persoun, déi de Kontrakt kënnegt, sief dat de:d‘Salarié:e oder den Employeur, muss e gewëssen Delai op Basis vun der Anciennetéit vum:vun der Salarié:e anhalen. Am Fall vun enger Faute grave kann de Kontrakt vu béide Säite gekënnegt ginn, ouni dass en Delai agehal muss ginn.

Nee, d’Kënnegung vun engem:enger Salarié:e muss net motivéiert sinn. Wann de Patron de Kontrakt kënnegt , muss hien dogéint en trëftege Grond hunn an op Nofro vum:vun der Salarié:e och uginn.

 

Et gi verschidde Grënn, firwat en Employeur engem:enger Salarié:ekënnege kann: 

  • Kënnegung, déi duerch d’Persoun bedéngt ass: wéinst Problemer, wat d’Fäegkeeten oder d’Behuelen op der Aarbecht ugeet. Esou eng Kënnegung geschitt entweder mat engem Preavis oder ouni, am Fall vun enger Faute grave vum:vun der Salarié:e. 
  • Kënnegung aus wirtschaftleche Grënn: aus Grënn, déi mam Fonctionnement vum Betrib ze dinn hunn. Esou eng Kënnegung geschitt ëmmer mat Preavis. 
  • Kënnegung wéinst Faute grave: Eng Faute grave läit vir, wann eng weider Zesummenaarbecht net méi méiglech ass, well d’Vertrauen tëschent dem Employeur an dem:d‘Salarié:egebrach ass, zum Beispill a folgende Fäll:
    • Feelen ouni Begrënnung 
    • Klauen 
    • Physesch Menace a Gewalt géintiwwer dem Employeur oder Kollegen 
    • Verweigerung vun engem Uerder

Et gi folgend Fäll: 

  • Kënnegung mat Preavis: D’Kënnegung mat Preavis ass de Broch vun engem Kontrakt duerch den Employeur, deen eréischt no enger gewëssener Zäit a Kraaft trëtt. Eng Kënnegung mat Preavis muss prinzipiell duerch en ageschriwwene Bréif festgehale ginn. De Bréif kann och dem:d‘Salarié:e perséinlech iwwerreecht ginn an de:d‘Salarié:e muss dann en Accusé de réception op eng Kopie vum Bréif setzen. Wann d’Entreprise op d’mannst 150 Salariéen huet, muss virun der Kënnegung e Virgespréich stattfannen. Wann d’Entreprise méi kleng ass, kann de:d‘Salarié:e ouni Virgespréich gekënnegt kréien. 
  • Direkt Kënnegung: D’direkt Kënnegung trëtt, wéi den Numm et seet, direkt a Kraaft. Si kann nëmmen am Fall vun enger Faute grave erfollegen. Wann d’Entreprise op d’mannst 150 Salariéen huet, muss virun dëser Kënnegung vum:vun der Patron:ne och e Virgespréich stattfannen.

Waat ass e CDD?

De Contrat à durée déterminée (CDD) ass op eng zäitlech begrenzt Period an op d’Ausféiere vun enger bestëmmter Aufgab limitéiert. En CDD dierf net fir permanent a normal Aufgaben an enger Firma ofgeschloss ginn. Dofir muss een e CDI ofschléissen.

Wéini kann een dat maachen?​

E CDD kann een zum Beispill ofschléissen:

  • fir e:eng permanente Salarié:e ze ersetzen, deen aus gesondheetleche Grënn oder Ähnlechem, eng Zäit laang fort
    ass,
  • wann d’Firma temporär méi Aarbecht huet,
  • fir saisonal Aarbechten auszeféieren

E CDD ka fir maximal zwee Joer ofgeschloss ginn. Seng Dauer muss un d’Missioun ugepasst sinn. Et kann een och méi kuerz CDDen ofschléissen. An dësem Fall däerf de Kontrakt zwee Mol erneiert ginn, mee d’Gesamtdauer vum Kontrakt mat maximal 2 Renouvellementer däerf net iwwer 24 Méint erausgoen. De CDD hält automatesch no sengem Echéancedatum op.

Ausser bei enger Faute grave, kann de CDD net eesäiteg gekënnegt ginn, soss huet de:d‘Salarié:e oder den Employeur gegeebenenfalls d’Recht op Schuedenersatz.

Wann d’Aarbechtsverhältnis nom Enn vum CDD weidergeet, gëtt aus dem Kontrakt automatesch e CDI. An deem Fall gëtt et och keng nei Proufzäit.

Interimsaarbecht

„Interimsaarbecht” ass, wann eng Interimsagence enger anerer Firma e:eent Salarié:e zur Verfügung stellt, deen eng präzis Aufgab wärend enger limitéierter Zäit ausféiert. Eng Firma kann zum Beispill op Interimsaarbecht zeréckgräifen, wann e.eng Salarié:e krank gëtt oder op eemol vill méi Aarbecht ufällt, wéi virgesinn. An dësem Fall ënnerschreift de:d‘Salarié:e e Kontrakt mat der Interimsagence, duerch deen hien sech engagéiert, eng Aufgab bei enger drëtter Firma auszeféieren. D’Interimsagence ass dem:der Salarié:e säin Employeur.

Kollektivverträg

Wat ass e Kollektivvertrag?

E Kollektivvertrag ass e Kontrakt tëscht de Vertrieder vun de Salariéen an dem Employeur oder engem Patronsverband deen d’Aarbechtsrelatiounen a – konditioune reegelt.

E Kollektivvertrag ass nëmme valabel, wann en Bestëmmungen enthält, déi mei favorabel fir de:d‘Salarié:e sinn, ewéi d’Mindestbestëmmungen aus dem Aarbechtsgesetzbuch. Eenzel Verträg an intern Reglementer vun der Firma mussen och dem Kollektivvertrag gerecht gin andeem se Bestëmmungen enthalen, di mei gënschteg wi de Kollektivvertrag sinn.

Wann d’Firma mat enger Gewerkschaft e Kollektivvertrag ofgeschloss huet, gëllt dee fir sämtlech Salariéë vun dëser Firma. Wann s du an esou engem Fall bass, kriss du de Kollektivvertrag och op dengem éischte Schaffdag.

Nee, dat muss de net.

Table of Contents