Tip: Start typing in the input box for immediate search results.
-
Job fonnt
Proufzäit
D’Zil vun der Proufzäit ass et, dem Employeur Zäit ze ginn, fir d’Kompetenze vum:vun der Salarié:e ze bewäerten an dem:der Salarié:e d’Chance ze ginn, sech eng Iddi vu senger Aarbecht ze maachen.
Muss d’Proufzäit am Kontrakt stoen?
Jo, d’Klausel vun der Proufzäit muss schrëftlech am Kontrakt festgehale ginn. Eng mëndlech festgeluechte Proufzäit ass net gülteg. Allerdéngs, wann am Kollektivvertrag eng obligatoresch Proufzäit fir all neie Salarié virgesinn ass, muss dës net méi explizit am Aarbechtskontrakt ernimmt ginn. Eng Proufzäit kann u sech an all Kontrakt agebaut ginn, egal ob et sech ëm e CDI, e CDD oder e Contrat d’intérim handelt. D’Bedingungen (z. B d’Dauer vun der Proufzäit) si beim Contrat d’intérim awer anescht.
Wéi laang leeft d’Proufzäit?
D’Proufzäit fänkt mam Ufank vun engem Kontrakt un. Eng Proufzäit, déi méi spéit ufänkt, ass net gülteg.
D’Proufzäit ass fir minimum zwou Wochen virgesinn a muss no
maximal sechs Méint ofgeschloss ginn. Hei ginn et awer zwou
Ausnamen:
- Wann de:d‘Salarié:e keen Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) huet, dierf d’Proufzäit maximal dräi Méint daueren.
- Eng Proufzäit vu bis zu 12 Méint kann am Vertrag festgehale ginn, wann de Brutto-Ufanksloun méi héich wéi 536€ de Mount beim Index 100 (5 062,14€ mam aktuellem Index vu 944,43) ass.
Am Fall wou am Kontrakt méi eng laang Proufzäit virgesinn
ass, wéi erlaabt, gëtt se reduzéiert a leeft automatesch aus
wann di erlaabte Maximaldauer erreecht ass.
Kann eng Proufzäit erneiert, verlängert oder ënnerbrach ginn?
Erneiert? Nee, d’Proufzäit kann net erneiert ginn. Verlängert? Jo, awer nëmme wann d’Aarbechtszäit wärend der Proufzäit ënnerbrach gouf, z.B. aus gesondheetleche Grënn. D’Proufzäit kann dann ëm déi Deeg verlängert ginn, déi de:d‘Salarié:e krankheetsbedéngt gefeelt huet. De Maximum, ëm deen eng Proufzäit ka verlängert ginn, läit awer bei engem Mount. Ënnerbrach? D’Proufzäit kann am Fall vun enger Schwangerschaft ënnerbrach ginn. Dëst gëllt awer nëmme fir de CDI.
Wéi kënnegen ech eng Proufzäit?
Wärend deenen éischten zwou Woche vun der Proufzäit kann ee Kontrakt net gekënnegt ginn, ausser am Fall vun enger Faute grave. No deenen éischten zwou Woche kann de Kontrakt mat engem ageschriwwene Bréif gekënnegt ginn. Oder de Kënnegungsbréif gëtt der anerer Partei perséinlech iwwerreecht an déi gëtt dann en Accusé de réception op d’Kopie vum Kënnegungsbréif.
D’Kënnegung vum Kontrakt wärend der Proufzäit muss net begrënnt ginn. Muss ech bei der Kënnegung vun der Proufzäit e Preavis anhalen?
Jo, souwuel de:d‘Salarié:e, wéi och den Employeur muss en Delai anhalen, fir eng Proufzäit ze kënnegen. Déi eenzeg Ausnam ass d’Faute grave. Den Delai fir den Employeur an de:d‘Salarié:e ass deen nämmlechten an hänkt vun der Dauer vun der Proufzäit of.
Dauer vun der Proufzäit | Kënnegungsfrist, déi agehale muss ginn |
1 Woch 2 Woch | Kënnegung net méiglech ausser am Fall vu Faute grave |
3 Wochen | 3 Deeg |
4 Wochen | 4 Deeg |
1 Mount | 15 Deeg |
2 Méint | 15 Deeg |
3 Méint | 15 Deeg |
4 Méint | 16 Deeg |
5 Méint | 20 Deeg |
6 Méint | 24 Deeg |
7 Méint | 28 Deeg |
8 Méint | 1 Mount |
9 Méint | 1 Mount |
10 Méint | 1 Mount |
11 Méint | 1 Mount |
12 Méint | 1 Mount |
Et handelt sech heibäi ëm Kalennerdeeg an net ëm déi sougenannte Schaffdeeg. De Preavis muss spéitstens de leschten Dag vun der Proufzäit ophalen, soss verwandelt de Kontrakt sech an en definitiven Kontrakt.