Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.
-
Fir eng Aarbecht kandidéieren
Sech fir eng Plaz mellen
Wann een eng Plaz fonnt huet, déi engem gefält, an déi bei een passt, geet et drëm, den Dossier ze preparéieren, an dat esou, dass een sech méiglechst gutt an avantagéis beim: bei der Patron:ne presentéiert.
Wourauser besteet eng Kandidatur?
D’Form vun der Bewerbung ka vun engem Employeur zum anere variéieren, mee generell besteet se aus engem Curriculum vitae (CV) an engem Motivatiounsbréif. Den Employeur huet d’Recht, eng Kopie vun dengem Diplom a Referenzen ze froen. E kann och no engem Extrait aus dem Strofregëster froen,
mee dat muss an der Annonce stoen a begrënnt ginn (z. B. am finanzielle Beräich, am juristesche Beräich, etc.). Wann s du am Ausland studéiert hues, muss du däin Diplom am Registre des titres aschreiwe loossen.
Den Employeur freet oft Referenzen. Déi kënnen iwwerpréift ginn, andeems e mat verschiddene Firme Kontakt ophëlt, fir ze kontrolléieren, ob s du do geschafft hutt. Nodeems du e Stage gemaach hues, kanns du e Stagecertificat ufroen, dee beweist, datt s du de Stage effektiv gemaach hues. Wann alles gutt wärend dem Stage gelaf ass an d‘Leit, mat deenen s du geschafft hues, mat denger Aarbecht zefridde sinn, kanns du en Empfeelungsbréif ufroen, an deem de:d‘ Patron:ne iwwer deng Aarbecht a Stäerkte schwätzt.
Liewenslaf (CV)
Den CV ass e bëssen ewéi eng Visittekaart, wou all wichteg Informatiounen drop opgeféiert solle ginn. Et ass d‘Dokument, dat als éischt gekuckt gëtt, mee et ass normalerweis ganz kuerz. Däin CV soll dofir kloer, konkret an iwwerzeegend sinn.
Perséinlech Donnéeën
De Numm, de Virnumm, d’Adress, d’Telefonsnummer, d’E-Mail-Adress, d’Nationalitéit, de Führerschäin an ob s du e perséinlechen Auto hues, muss op alle Fall um CV stoen. Du kanns däi Geschlecht an däi Gebuertsdatum och erwänen, mee a verschidde Kulture sollen déi Informatiounen net um CV stoen. Informéier dech, falls du eng Plaz am Ausland sichs.
Studium
D‘Studie sollen och op dengem CV opgeféiert sinn. Den Diplom, de Studieberäich, d’Joer vun der Erhuelung an déi besicht Institutioune sollen och dropstoen. Du kanns däi Studiegang kuerz beschreiwen an deng Haaptstudieberäicher oder déi wichtegst Themen erwähnen, zum Beispill de Sujet vun denger Masteraarbecht drop erwänen. Wann s du op enger renomméierter Universitéit studéiert hues, kanns du dat och uginn, fir däin aka demesche Parcours ervirzehiewen.
Praktesch Erfarungen
An dëser Rubrik solls de all deng praktesch Erfarungen opzielen a beschreiwen, zum Beispill deng Studentenjobben a Stagen.
Fir all Erfarung solls de den Numm vun der Firma, d’Stad an d’Land, d’Dauer vum Studentenjob/Stage an d’Positioun uginn. Beschreif deng Aufgaben a Responsabilitéiten, fir dës Erfarungen ervirzehiewen.
EDV/Kenntnisser an der Informatik
Ziel déi Programmen a Systemer op, mat deenen s du scho geschafft hues, déi no Beräicher ënnerschiddlech sinn. Déi Programmer, déi hautdesdaags bal ëmmer gefrot ginn, sinn MS Office an Outlook.
Sproochen
Fir deng Sproochekenntnisser unzeginn, benotz d’Referenz-Ofkierzunge vum CECRL (A1, A2, B1, asw.) a wann s du Certificaten hues, déi däin Niveau bestätegen, da schreif dat och op den CV. Wann s du net weess, a wéi eng Kategorie deng Kenntnisser kënnen agestuuft ginn, da beschreif däin Niveau (fléissend, Basiskenntnisser, asw.). Dëst ass awer relativ vague.
Hobbyen an Interessi
Wann s du Hobbyen hues, déi eppes mam Job ze dinn hunn an déi wichteg Kompetenzen ervirhiewen, kanns de déi op den CV dobäischreiwen (z. B. Fotografie fir e Posten am Marketing oder Graphikdesign).
Wann s du aktiv an Associatioune bass, kanns de dat och op den CV schreiwen. Gëff den Numm vum Veräin un a präziséier, a wéi engem Beräich en aktiv ass. Beschreif däi Posten an deng Responsabilitéiten.
Am Prinzip ginn et keng Reegelen, wat den CV betrëfft. Dat hänkt awer vum Land a vun der Kultur of. Informéier dech, wann s du am Ausland wëlls schaffen
Schreif keng Feeler! – Iwwerlies däi CV a looss och aner Leit driwwer kucken. Schreiffeeler um CV sinn absolut Tabu!
Léi net! Verschidde Firmae kontrolléieren, ob s du och tatsächlech ob der Uni studéiert hues, a wéini s du däin Diplom krus. Dobäi kënnt, dass een zu Lëtzebuerg oft ee kennt, deen dech och kennt a sou Informatiounen aus dem CV iwwerpréiwe kann.
Motivatiounsbréif
De Motivatiounsbréif gëtt meeschtens mam CV matgeschéckt. Do solls du weisen, datt s du de perfekte Kandidat fir de Poste bass. Et ass wichteg, datt s du dech iwwert d’Firma informéiers an d’Job-Beschreiwung genau lies. Obwuel dëst Dokument manner gefrot gëtt, hätten e puer Firmen nach ëmmer gär e Motivatiounsbréif.
Als éischt emol muss deng Adress an déi vun der Firma uewe stoen, souwéi de Sujet (Beispill: Objet: Candidature pour le poste de XXX)
1. Stell dech kuerz vir an erklär, wou s du d’Annonce gesinn
hues a firwat s du dech mells.
2. Weis dem Employeur, datt s du d’Firma kenns, andeem s de vun den Haaptaktivitéiten a vum Poste schwätz. Erklär, firwat dee Posten dech intresséiert a wat deng Motivatioune sinn.
3. Beweis, datt s du dee perfekte Kandidat bass an erklär, wat s du der Firma brénge kanns.
4. Schléiss mat Héiflechkeetsformelen of. Denk drun, ze schreiwen, datt s de fir e Gespréich disponibel bass.
Hautdesdaags gëtt de Motivatiounsbréif bal ëmmer um Computer geschriwwen. Wann awer an der Annonce steet, datt si gären en handgeschriwwene Motivatiounsbréif hätten („lettre de motivation manuscrite“), da schreif en op der Hand.
Wann all deng Dokumenter prett sinn, kanns de deng Kandidatur fortschécken. Déi meescht Kandidature gi per E-Mail, iwwert d’Internetsäit vun der Firma oder iwwert LinkedIn verschéckt.
- Wéi beim CV soll de Bewerbungsbréif op de Posten ugepasst
ginn an Orthografiesfeeler sinn ze vermeiden. - Denk drun, de Bréif ze ënnerschreiwen.
- Du fënns vill Online-Modeller fir Bewerbungsbréiwer. Du kanns se als Referenz benotzen an dech dovunner inspiréieren, mee kopéier se net einfach!
- Vermeit Klischeeën – de Bewerbungsbréif soll en authentescht Bild vu dengem Profil ginn.
- Setz deng Stäerkten an de Vierdergrond a gëff konkret Beispiller, fir deng Kompetenzen aus dem CV ze beleeën.
- Schreif am Present a benotz aktiv Verben.
- Benotz déi gängeg Schrëften a schreif weder ze kleng, nach ze grouss.
- Iwwerlies! Feeler am Motivatiounsbréif sinn absolut ze vermeiden a kënnen als Konsequenz hunn, datt deng Kandidatur eliminéiert gëtt.
• Ëmmer méi Entreprisë froe Referenze vu Stagen an Diplomer. Heiansdo kontrolléieren si déi Donnéeë selwer, ouni dass du agräife kanns oder muss.
• Wann s du e Stage gemaach hues, fro no engem Certificat de stage an duerno no engem Certificat de travail. Dës kanns du mat dengem Dossier fir d’Kandidatur fortschécken.
Wann all deng Dokumenter prett sinn, kanns de deng Kandidatur fortschécken. Déi meescht Kandidature gi per E-Mail, iwwer d’Internetsäit vun der Firma oder iwwert LinkedIn verschéckt.
Verschéck all deng Dokumenter als PDF a gëff de Fichiere passend Nimm (CV_Max_Mustermann.pdf; Lettre_de_motivation_Max_Mustermann.pdf).