Virtuelle Student fir 1 Dag 2020
Bedéngt duerch déi aktuelle Situatioun a Verbreedung vum Coronavirus/COVID-19 konnt de Student fir 1 Dag net an deen 22 Stied, déi dëst Joer um Programm stoungen, stattfannen.
Et ass eis awer wichteg, dass dir d’Chance huet iech ee Bild vun deene verschiddene Stied ze maachen, dowéinst loosse mir de Student fir 1 Dag virtuell stattfannen.
Dir hutt vum 27. Abrëll 2020 bis den 3. Mee 2020 esou wei den 9. Mee 2020 d’Méiglechkeet un deene verschiddenen Zoomkonferenzen/Videokonferenze vun deene verschiddene Cerclen aus deene verschiddene Stied deelzehuelen.
Hei hutt dir d’Méiglechkeet de Cercle, d’Stad esou wei déi verschidde Studiegäng déi op de verschiddenen Universitéiten ugebuede ginn, virgestallt ze kréien. Donieft hutt dir och d’Méiglechkeet är Froen un déi verschidde Studenten ze stellen an esou Informatiounen aus éischter Hand ze kréie wat d’Studenteliewen ugeet.
Du wëlls gäre studéiere goen, mee du weess nach net wat dech op der Uni erwaart? Du weess net wou s du wëlls studéiere goen a wéi eng Uni déi richteg fir dech ass? Dann sief och du Student fir 1 Dag a maach bei enger oder méi Videokonferenze mat organiséiert vun der ACEL zesumme mat senge Cerclen.
Alles wat s du dofir maache muss, ass dech fir déi Videokonferenz unzemellen un der s du wëlls deelhuelen. De Link fir d’Umeldung, fir déi jeeweileg Konferenz, fënns du an der Tabelle méi wäit ënnen. No denger Umeldung kriss vun eis de Link, fir dech an d’Videokonferenz eranzeschalten, per Mail geschéckt. Den Dag selwer muss du just nach pünktlech iwwert de Link un der Konferenz deelhuelen.
Donieft muss du dir och d’App Zoom op däi Computer eroflueden. Hei ass de Link fir den Download: https://zoom.us/download
Umelle kanns du dech bis 23h59 den Owend virun all Videokonferenz.
Sief och du Student fir 1 Dag a looss dir all deng Froe ronderëm Studenteliewen an d’Uni’en beäntwerten.
Folgend Videokonferenze stinn dëst Joer um Programm:
Datum | Stad | Auerzäit | Un/Ofmellen bis den… | Umeldung |
---|---|---|---|---|
27. Abrëll | Freiburg | 10h00 – 12h00 | 26.Abrëll (23h59 Auer) | Link |
27. Abrëll | München | 15h00 – 17h00 | 26.Abrëll (23h59 Auer) | Link |
27. Abrëll | Oochen | 17h00 – 19h00 | 26.Abrëll (23h59 Auer) | Link |
28. Abrëll | Karlsruhe | 10h00 – 12h00 | 27.Abrëll (23h59 Auer) | Link |
28. Abrëll | Zürech | 15h00 – 17h00 | 27.Abrëll (23h59 Auer) | Link |
28. Abrëll | Heidelberg | 17h00 – 19h00 | 27.Abrëll (23h59 Auer) | Link |
29. Abrëll | Tréier | 10h00 – 12h00 | 28.Abrëll (23h59 Auer) | Link |
29. Abrëll | Innsbruck | 15h00 – 17h00 | 28.Abrëll (23h59 Auer) | Link |
30. Abrëll | Léck | 10h00 – 12h00 | 29.Abrëll (23h59 Auer) | Link |
30. Abrëll | Stroossbuerg | 15h00 – 17h00 | 29.Abrëll (23h59 Auer) | Link |
30. Abrëll | Saarbrécken | 17h00 – 19h00 | 29.Abrëll (23h59 Auer) | Link |
01. Mee | Bréissel | 10h00 – 12h00 | 30.Abrëll (23h59 Auer) | Link |
01. Mee | Wien | 15h00 – 17h00 | 30.Abrëll (23h59 Auer) | Link |
01. Mee | Fribourg | 17h00 – 19h00 | 30.Abrëll (23h59 Auer) | Link |
o2. Mee | Bonn | 10h00 – 12h00 | 01.Mee (23h59 Auer) | Link |
02. Mee | Berlin | 15h00 – 17h00 | 01.Mee (23h59 Auer) | Link |
02. Mee | Köln | 17h00 – 19h00 | 01.Mee (23h59 Auer) | Link |
03. Mee | Maastricht | 15h00 – 17h00 | 02.Mee (23h59 Auer) | Link |
03. Mee | Frankfurt | 17h00 – 19h00 | 02.Mee (23h59 Auer) | Link |
09. Mee | Nanzeg | 10h00 – 12h00 | 08.Mee (23h59 Auer) | Link |
09. Mee | Kaiserslautern | 15h00 – 17h00 | 08.Mee (23h59 Auer) | Link |
Eréischt wann s du vun eis de Link fir d’Zoomkonferenz per Mail geschéckt kritt hues bass du ugemellt. Du kriss also eng Bestätegung per Mail geschéckt, also pass bei denger Umeldung op dass deng Mail Adress richteg ass.
1.3 Kascht de Virtuelle Student fir 1 Dag eppes?
De Virtuelle Student fir 1 Dag ass gratis.
4.1 Wat ass dat fir eng Applikatioun?
De Virtuelle Student fir 1 Dag fënnt iwwert d’Applikatioun Zoom statt déi een sech aus dem Internet muss eroflueden. De Link fir den Download fënns du ënnert folgendem Link: https://zoom.us/download
4.2 Wou kréien ech de Link fir un der Videokonferenz deelzehuele fir déi ech mech ugemellt hunn?
Du kriss de Link op deng E-Mail Adress geschéckt iwwert déi s du dech ugemellt hues. Pass bei der Umeldung op dass deng E-Mail Adress déi richteg ass.
4.3 Wat maachen ech wann ech kee Link geschéckt krut?
Et kann eng Zäitchen dauere bis dass du de Link geschéckt kriss. Kuck och an dengem Spam no op eis Mail net dodra gaangen ass. Falls du no 24 Stonn keng Mail kritt hues, kann s du eis ënnert email hidden; JavaScript is required kontaktéieren.
Nee, dësen Download wei och d’Deelhuele mat dëser Applikatioun ass gratis.
Nee du muss dech net registréieren.
An d’Feld ” Meeting-ID oder Meeting-Raum-Name” muss du déi Nummer oder de Link aginn, de mir dir per Mail zoukomme loossen.
An d’Feld “Ihr Name” muss du dech mat dem Numm a Virnumm umellen dëns du och bei denger Umeldung uginn hues.
Nee, et kenne just déi Leit matmaachen, déi sech iwwert eis Links, déi s du uewen an der Tabell fënns, ugemellt hunn.
Nee, du muss net mat engem Mikro deelhuelen. Du kann s awer, well et esou méi einfach ass deng Froen ze stellen.
An der App gëtt et zousätzlech eng Chatfënster déi s du benotze kann s wann s du Froen hues. Sou kann s du ganz einfach deng Froen un de Cercle stellen.
Jo, du brauchs ee Computer oder ee Laptop de mat Lautsprecher verbonnen ass oder dës schonn integréiert sinn.
De Virtuelle Student fir 1 Dag gëtt vun der ACEL an Zesummenaarbecht mat de Cerclen organiséiert.
Wärend de Videokonferenze si Vertrieder vun der ACEL dobäi ewéi och d’Studenten aus de jeeweilege Stied.