Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

Opruff Stagegesetz

By April 26, 2022April 29th, 2022No Comments

D Stagegesetz ass am Mee 2020 gestemmt ginn. Elo no zwee Joer wëlle mir ee Bilan zéien an erausfannen ob dëst Gesetz seng Aufgab erfëllt, oder villäicht a verschiddene Punkte fir Problemer suergt.

Mir hunn an de leschten 2 Joer mat kritt, dass Student:innen entweder kee Stage fonnt hunn oder net esou bezuelt gi si wéi d’Gesetz dat virgesäit. Mat dësem Post wëlle mir een Opruff starte wou mir individuell Geschichten héieren, esou dass mir d’Ursaach vun dëse Problemer méi konkreet erfaasse kennen. Mir wëlle hei awer kloer stellen, dass alles wat eis erzielt gëtt och vertraulech behandelt gëtt an dass mir keng individuell Donnéeë weider ginn!

Mat dem wat mir bis elo mat kritt hunn, konnte mir schonn 2 gréisser Problemer erfaasse wouropper mir hei kuerz agoe wëllen. Villäicht kennt do engem eng Situatioun bekannt fir, a gëtt motivéiert sech bäi eis ze melle fir genau säi Problem ze erzielen. Wann d’Sich no engem Stage awer un engem ganz anere Grond gescheitert ass, si mir immens drun interesséiert och dovun ze héieren.

 

Problem 1: Goufs du net bezuelt?

D’Stagegesetz gesäit vir, dass een bäi engem Stage vun iwwert 4 Wochen muss bezuelt ginn. Dëst ass net de Fall fir obligatoresch Stagen a reglementéierten Beruffer wéi zum Beispill Medezin, Droit, Enseignement. Méi Infoe dozou fënnt een op an eisem Blogpost zum Stagegesetz.

 

Problem 2: Hues du kee Stage fonnt?

Dass ee kee Stage fënnt ka verschidde Grënn hunn. Ennen hu mir e puer méiglech Grënn dofir opgelëscht. Och wa mir dës eraus geschafft hu si mir weiderhin dorun interesséiert vun eenzelen Fäll ze héieren esou dass mir des Grënn bestätege kennen. Villäicht ass et awer och ee neie Grond dee mir nach net am Aen hunn!

  • E:ng potentiell:e Patron:ne hätt eng Plaz ugebueden, mee war net bereet d:e Student:in dofir ze bezuelen.
  • E:ng Patron:ne huet just ee Stage vu 4 Wochen ugebueden fir ze evitéieren d:e Student:in ze bezuelen, obwuel de obligatoresche Stage méi läng hätt sollte sinn.
  • D:e Student:in fënnt kee Stage well d’ Offer zu Lëtzebuerg net grouss genuch ass.
  • Pandemie bedéngt war et kengem/kenger Patron:ne méiglech zousätzlech Leit am Büro oder am Betrib opzehuelen