De Studentebal

Den 14. Juli fënnt déi 17t Editioun vum ACEL Studentebal statt. Hannert dem P&R Bouillon op der Wiss gëtt och dëst Joer deen gréissten Open Air Bal vun Studenten fir Studenten organiséiert.

De 14ten Juli ass et erëm souwäit an de Studentebal 2017 steet um Programm. Dat Ganzt ass wei déi lescht Joren hannert dem P&R Bouillon op der Wiss.

Um 20 Auer geet dat grousst Fest, organiséiert vun ACEL, lass. Mat dobäi sinn eng ronn 14 Stänn wou déi verschidde Cerclen nieft der normaler Buvette, hier Specialdrinks ubidden. Fir dass keen hongereg de Site verléisst, ass zousätzlech e Cercle fir de Grill zoustänneg wou diverst Iessen ugebuede gëtt.

Fir déi néideg Stëmmung am Zelt wäerten DJ´s MdoubleU an Diamonds suergen.

Wann s du och wëlls deelhuelen op engem vun deene gréisste Studentenpartyen am Land da sécher dir en Virverkafsticket an engem vun dee Caféen. Natierlech gëtt et och eng Oweskeess wou s de ab 20 Auer däin Ticket séchere kanns. Virverkaf kascht 10 € an Oweskeess 12 €.

An och dëst Joer lount et sech erëm frei un ze sinn: Vun 20-22h ass Happy Hour!

INFO: Leider sinn dëst Joer keng Rucksäck um Studentebal erlaabt, loosst dëst w.e.g. am Auto oder Doheem
Kleng Poschen, Gürteltaschen etc. sinn awer kee Problem

Virverkaf-Tickete ginn et bei deenen eenzele Cerclen an a folgende Caféen:

Café Beim Frank - Dikrech
Fabrik - Miersch
Snooze – Belval
Snooze - Stad
Pitcher - Esch

Kommt laanscht a feiert zesumme mat der ACEL den Ofschloss vum Akademesche Joer 2016/17!

———————— SPECIAL DRINKS ————————

Aix-en-Provence — LETZ'AIX
Sex in Aix
————————————————
Baaschtnech — CELBas
Sangria
————————————————
Berlin — VLIB
Berliner Luft
————————————————
Bonn — ALESONTIA
Aerdbiersbowl
————————————————
Bréissel — CELB
Bombe Bleue
————————————————
Düsseldorf — LSD
LSD Shot
————————————————
Freiburg — SLUF
Schwarzwald Caipi
————————————————
Fribourg — FRIBLETZ
Swiss Kiss Sprëtz
————————————————
Heidelberg — LSH
Melounenschnaps
————————————————
Innsbruck — LSI
Almgaudi
————————————————
Karlsruhe — AELK
Zuccherini Alcolici
————————————————
Köln — LSC
Gin Tonic
————————————————
Kommunikatioun — ELSIC
Elsicker
————————————————
Lausanne — AELL
Eischt Hellef Sprëtz
————————————————
Léck — LESTLE
Peket Shot
————————————————
Louvain — GDL
Berentzen
————————————————
Medeziner — ALEM
Narkos
————————————————
Montpellier — CELM
Loony Flamingo
————————————————
München — LSM
Blue Seppl
————————————————
Nanzeg — ELAN
Nasty Nancy
————————————————
Oochen — AVL
Campari-O
————————————————
Paräis — AELP
One Night In Paris
————————————————
Psychologen — ALEP
Placebo
————————————————
Rhein-Main — LSRM
Big Apple
————————————————
Saarbrécken — LSS
Saar Sun
————————————————
St. Gallen — LSSG
Casual Gallus
————————————————
Stroossbuerg — ALUS
Hot Lion
————————————————
Tréier — LST
Koma
————————————————
Wien — LSW
Hugo
————————————————
Zürech — LSZ
Laang Züri Insel
————————————————
Amicale vun der ACEL — aACEL
Picon Béier a Ramborn Cidre
————————————————

Aftermovie 2016: Youtube

De Studentebal Aftermovie 2016

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.