Skip to main content

Well mir dëst Joer d’Schüler:innen net an déi verschidde Studiestied konnte bréngen, hu mir d’Student:innecerclen aus 22 verschidde Stied op de Belval komme gelooss. Esou konnten wärend dem Student fir 1 Dag – Luxembourg Edition 216 Schüler:innen Informatiounen aus éischter Hand iwwer d’Studien an d’Studienliewen vu lëtzebuerger Student:innen kréien.

Wärend zwee Deeg an der Ouschtervakanz konnten sech d’Schüler:innen fir verschidde Präsentatioune vu Cerclen umellen. Ugefaangen huet hieren Dag mat enger Presentatioun vun der ACEL an dem Cedies iwwert d’ Studielänner, ier si sech dunn opgedeelt hunn an déi verschidde Säll wou hir Studiestad, fir déi si sech interesséiert hunn, virgestallt gouf. De Student fir 1 Dag – Luxembourg Edition den 6ten a 7ten Abrëll war ee grousse Succès, an dofir soe mir eisen 22 Cerclen, déi matgemaach hunn, villmools Merci.

Och dem Cedies soe mir Merci fir hir Presenz genau esou wéi dem Fonds Belval fir d’ Bereetstellen vun de Raimlechkeeten, a soss jidderengem, dee bei dësem Event mat bedeelegt war an zum Erfolleg bäigedroen huet.

Deng Froe goufen nach net all beäntwert? Dann schreif eis e Mail op email hidden; JavaScript is required!