Cerclë sinn Organisatiounen, déi d’Student:innen an enger Stad oder d’Student:inne vun enger bestëmmte Fachrichtung zesummebréngen an informéieren. Et sinn Insider an hirem Gebitt. Vill Lëtzebuerger Student:inne sinn derzou gezwongen hiert Studium am Ausland ze maache well d’Unzuel u komplette Studiegäng, déi d’Universitéit Lëtzebuerg ubitt, begrenzt ass. Dëst ass eng eenzegaarteg Situatioun, déi grouss Virdeeler mat sech bréngt an zur Grënnung vu Studentevereenegungen, sou genannte Cerclen, a villen europäesche Stied gefouert huet. D’Cerclë bilden haut déi aktiv Membere vun der ACEL a sinn op 10 Länner verdeelt. Dorënner ass d’Belsch, Däitschland, Frankräich, England, Éisträich, Holland, Irland, Lëtzebuerg, Schwäiz a Portugal. Dës Vereenegungen empfänken a vereenen d’Lëtzebuerger Student:inne wärend hirer Studienzäit an de jeeweilege Stied. Dernieft ginn et nach 10 fachspezifesch Cerclen.
Cerclen
📚 Fachspezifesch Cerclen
ALEM
Association Luxembourgeoise des Étudiants en Médécine
Wee si mir?
D'Association Luxembourgeoise des Étudiants en Médecine vertrëtt lëtzebuergesche Medezin- an Zännmedezinstudent:innen sou wei och Dokteren an Dokteschen, déi am Gaange sinn, sech ze spezialiséieren. Der ALEM hier Missioun ass et d'Vernetzung vun de jeeweilegen ze verbesseren an hir Interessen op nationalem an internationalem Niveau vis-à-vis vun der Politik an de verschiddenen Acteure vum Gesondheetswiesen ze vertrieden.
Des Weideren informéieren si interesséiert Schüler:innen iwwert de Medezinstudium, wéi och iwwert de Pharmakologie- a Veterinärstudium, a sinn och an de verschiddenste Beräicher vun der Santé publique, der Éducation médicale an der Éducation sexuelle aktiv. Mir sinn ee Cercle dee scho laang besteet, virun allem wéinst fläissegem Engagement vun neie Memberen.
Wat maachen mir?
-
Training Day - een Übungsdaag fir all eis Memberen an deene verschiddenen Spezialisatiounen an den HRS
-
Journée du future médecin - eng Foire op der mir eise Memberen een direkten Austausch mat de verschiddenen Acteuren an Actricen aus dem Gesondheetssecteur erméiglechen
-
Student fir 1 Dag - wei ass et 1 Dag Medezinstudent:in ze sinn: Theorie & Praxis an eng Froeronn zum Studium
-
Intercercle Bluttspendemarathon & Studentebal
-
Ertsi Woche fir Medezinstudent:innen op der Uni Lëtzebuerg
ALEP
Association Luxembourgeoise des Étudiants en Psychologie
Wee si mir?
Wat maachen mir?
-
Ee wichteg Event sinn eis Schoulvisitten. Hei gi mir verschidde Lycéeë besichen a klären iwwer de Studiegang Psychologie, Uni's Liewen a Perspektiven op a ginn op Froe vun de Schüler:innen an.
-
De Letzmind huet als Zil Lycée Schüler:innen zu Lëtzebuerg méi opmierksam op Thema Mental Gesondheet ze maachen. Dofir maache mir och hei Schoulvisiten fir Schüler:innen opzeklären an dat Stigma ronderëm Mental Gesondheet ze briechen.
-
Op eiser "Soirée d'Information sur la Psychologie" erméigleche mir de Schüler:innen den Dialoge mat Psycholog:innen a gi Beruffstätege Méiglechkeet fir iwwer hier Erfarungen a Aarbescht ze schwätzen.
ALES
Association Luxembourgeoise des Étudiants en Sport
Wee si mir?
Wat maachen mir?
- Berodung iwwer Studien a Beruffsméiglechkeeten
- Netzwierker mat anere Sportsstudenten a Fachleit
- Organisatioun vu Presentatiounen a Standen op Eventer wéi der Studentefoire
- Digital Ressourcen a Brochüren iwwer Beruffsperspektiven
ALESPS
Association Luxembourgeoise des Étudiant·es en Sciences Politiques et Sociétales
Wee si mir?
D’Association Luxembourgeoise des Étudiant·e·s en Sciences Politiques et Sociétales (ALESPS) huet sech d’Zil gesat, als zentral Uspriechorganisatioun fir Student:innen aus de Beräicher Politik-, Sozial-, Kommunikatiouns- a Gesellschaftswëssenschaften, Journalismus souwéi verbonnen transdisziplinär Studien ze etabléieren. D’Zil vun der Associatioun ass et, d’Interesse vun de Student:innen ze vertrieden, si iwwer wichteg Entwécklungen an hirem Studium ze informéieren an eng Plattform ze bidden, wou si sech ënnereneen austausche kënnen.
Wat maachen mir?
-
Student:innen aus den ALESPS Fachberäicher vertrieden an informéieren.
- Eventer bei deenen sech Student:innen aus der ALESPS hire Fachberäicher kenneléieren an austausche kennen.
- Nieft dëser Roll engagéiert sech ALESPS och dofir, Schülerinnen a Schüler, déi sech fir e Studium an de Beräicher Politik-, Sozial-, Kommunikatiouns- a Gesellschaftswëssenschaften, Journalismus souwéi verbonnen transdisziplinär Studien interesséieren, mat nëtzlechen Informatiounen a Rot an Dot z’ënnerstëtzen.
- Duerch Konferenzen, Diskussiounsronnen an aner Eventer wëll d’Associatioun d’Bewosstsi fir d’Relevanz vu politeschen a gesellschaftleche Sujete stäerken.
- Op dës Manéier positionéiert sech d’ALESPS als a.s.b.l tëscht de Studentinnen a Studenten, de Schülerinnen a Schüler an der politescher an akademescher Welt, an als Motor fir en oppene Gedanken- an Informatiounsaustausch.
ALSEP
Association Luxembourgeoise Socio-éducative et pédagogique
Wee si mir?
D’ALSEP (Association Luxembourgeoise Socio-Éducative et Pédagogique) ass am Dezember 2024 an d'Liewe geruff ginn. Et handelt sech ëm ee fachspezifesche Cercle, deen all méiglech Studiegäng aus pädagogeschen, edukativen a soziale Beruffsrichtungen verbënnt.
Wat maachen mir?
-
D'ALSEP huet als Zil d'Student:innen aus den uewe genannte Beräicher mateneen a Kontakt ze bréngen an een Austausch ze erméiglechen.
- An deem Kontext sollen am Joer verschidde Visitten, Informatiounsversammlungen an Events stattfannen.
- Ausserdeem huet d'ALSEP als Zil d’Schüler:innen an hirer Studiewal a bei Froe, wéi och zum Iwwergang an d'Beruffsliewen, ze ënnerstëtzen.
- Et kann een sech mat all senge Froen zum Thema Studium oder Beruffsliewe bei eis mellen déi ënnert Bildung, Erzéiung a Sozialberäich falen.
- Et kënne Froen zum Studium a Lëtzebuerg oder am Ausland sinn, sou wéi iwwert d'Unerkennung vum Diplom oder och zum Thema Exame fir an de Beruff ze starten.
ANEIL
Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois
Wee si mir?
D'ANEIL representéiert Student:innen aus de Beräicher Ingenieurswiesen, Architektur, Naturwëssenschaften, Mathematik an Informatik.
Eis Haaptaufgabe bestinn doran, d'Interesse vun dëse Student:innen no baussen ze vertrieden an de Kontakt tëschent hinnen an den Entreprisen hierzestellen. Ausserdeem stelle mir déi Studiegäng a Beruffer, déi domat verbonne sinn, an de Lycéeë vir.
Wat maachen mir?
-
Dat wuel wichtegst Event vun der Aneil ass de "meeting". Hei stellen Entreprisen sech vir an d'Student:inne kënne Kontakter mat der Beruffswelt knëppen an no Stagen oder festen Ustellunge sichen.
-
De meeting gëtt encadréiert vun engem "All you can eat / drink" Catering an duerno engem Fräibéier.
-
D’ANEIL organiséiert dat ganzt Joer national awer och international Visitte bei Entreprisë fir eise Member:innen en éischten Abléck an d’Aarbechtswelt ze erméiglechen
-
Donieft iwwerhuelen mir d'Präsentatioun vum MINT Beräich an de Schoulen, a probéieren de Schüler:innen déi naturwëssenschaftlech Studiegäng méi no ze bréngen.
-
All Joer ënnerhuelen mir eng gréisser kulturell Rees wéi zum Beispiel an Japan (2025), Prag (2024), Toulouse (2023), …
ANELD
Association Nationale des Étudiants Luxembourgeois en Droit
Wee si mir?
D’ANELD ass zanter 1998 d'national Associatioun vun de lëtzebuerger Droitsstudent:innen am In- an Ausland. Si informéiert an orientéiert d'Lycéesschüler:innen, organiséiert Eventer fir hir Memberen a Studentestied wéi Paräis, Stroossbuerg, Bréissel oder Lëtzebuerg, notamment de prestigiéise Gala de Droit. Duerch d'Organisatioun vu Visitte vun de juristeschen a politeschen Institutiounen an dem Concours de Plaidoiries erméiglecht d'ANELD Immersiounen an d’juristesch Welt. Si hëlleft och beim Astig an d’Beruffsliewen, ënner anerem duerch d'Organisatioun vun hirer eegener Recrutementsfoire, dem ANELD Career Day. Zousätzlech vertrëtt si hir Membere vis-à-vis vun den Institutiounen a schafft Avisen zu gesetzleche Projete aus.
Wat maachen mir?
-
D'Journée du Futur Étudiant en Droit
-
De Concours de Plaidoiries
-
D'Pots de Bienvenue an d'Apéros an de verschiddene Studentestied.
- Déi alljärlech Visitte vu verschiddenen Institutiounen, déi am Zesummenhang mat dem Droitsstudium stinn, wéi z. B. vun der Cour de Justice vu Lëtzebuerg, dem Europäesche Geriichtshaff, der Chambre des Députés.
-
Den ANELD Career Day an de Gala de Droit
ANESEC
Association Nationale des Étudiants en Sciences Économiques et Commerciales
Wee si mir?
D’Association Nationale des Étudiants en Sciences Économiques et Commerciales vertrëtt all d’ Student:innen, déi am Ekonomiesberäich studéiren. D’ANESEC steet a stännegem Kontakt mat ausgewielten Acteure vun der lëtzebuergescher Economieswelt an de Student:innen an huet als Zil, de Kontakt tëschent béide Säiten duerch verschidden Eventer ze vereinfachen.
Wat maachen mir?
-
De Career Opportunity Day ass eist wichtegst Joresevent mat inspiréierende Rieden, Paneldiskussiounen, Jobfoire an der Chance op professionell CV-Fotoen.
- D'Digital Business Days ass en Event deen iwwer 3 Deeg geet, bei deeneen eis Memberen sech mat féierende Lëtzebuerger Firmen am Economie a Finanzen Beraïch austausche kënnen.
- Am Laf vum Joer organiséieren mir Visites d’Entreprises, déi de Student:innen en konkreten Abléck an d’Aarbechtswelt ginn an eng wichteg Erfahrung fir hir berufflech Orientéierung duerstellen.
- ANESEC organiséiert informell Networkingeventer, wou sech d’Memberen a kollegialem Kader kenneléieren. Dës Eventer förderen den Austausch vun Erfahrungen an stäerken de Gruppengeescht tëscht den Ekonomiestudent:innen.
History.UL
History Club of the University of Luxembourg
Wee si mir?
History.UL ass d'Associatioun fir all d'Geschichts-Enthusiaster op der Universitéit Lëtzebuerg. Eist Zil ass et, d'Studente ronderëm eng gemeinsam Passioun fir d'Vergaangenheet zesummenzebréngen, an enger frëndlecher a wuelwollender Atmosphär. Mir schafe Bänn tëscht de Studenten an dem Geschichts-Departement, a gläichzäiteg hëllefe mir den neie Memberen, hir Plaz ze fannen. Mee eis Missioun geet méi wäit: Mir wëllen eis Léift fir d'Geschicht och mat den aneren Departementer deelen, andeems mir d'Oppentheet an den Austausch fërderen. History.UL ass eng Gemeinschaft, déi d'Geschicht all Dag liewe léisst.
Wat maachen mir?
- Organisatioun vun historeschen Evenementer (Quizer, Ausflich, asw.)
- Ënnerstëtzung fir d'Geschichts-Studente (Auswiel vu Coursen, administrativen Demarchen, …)
- Wichteg Informatiounen am Kader vun der Uni ginn (Informatiounssessiounen, …)
Jonk BAD
Studentencercel fir d’Lëtzebuerger Student:innen am Bibliothéikswiesen, der Archivistik an an der Dokumentatioun
Wee si mir?
D’Jonk BAD ass de Studentencercel fir d’Lëtzebuerger Student:innen am Bibliothéikswiesen, der Archivistik an an der Dokumentatioun. De Cercel gouf 2015 gegrënnt. Mir liewe matzen am Informatiounszäitalter, an dofir brauche mir Leit, déi Struktur an déi ganz Informatioune bréngen, fir duerno eppes erëmzefannen – an zwar dat Richtegt.
Wat maachen mir?
- Eise Studielisting setze mir all Joers an Zesummenaarbecht mat eise Memberen op. An deem gi mir en Iwwerbléck iwwer d’Studienméiglechkeeten an eise Beräicher.
-
Mir beroden op Foiren an a Lycéen Schüler:innen a Student:innen iwwert de BAD-Beräich.
-
Mir ënnerstëtze Student:innen bei der Sich no Studentenjobs a Stageplazen.
-
Mir erméiglechen den Austausch zwëschent eise Memberen, Institutiounen an Associatiounen aus dem Kultursekteur.
-
Mat Events wéi BAD-Meets, gemeinsame Visitten an Aktivitéiten encouragéiere mir den Austausch zwëschent eise Memberen.
NSA
Nursing Students Association Luxembourg
Wee si mir?
D'Nursing Students Association Lëtzebuerg (gegrënnt 2024) ass déi éischt fachspezifesch Studentenassociatioun fir d'Infirmier/ièren am Grand-Duché. Dëst ass alles realiséiert gi mat folgenden Ziler :
- Eng eenheetlech Stëmm schafen, déi all Lëtzebuergesch Infirmièrestudenten vertrëtt.
- Sech fir de Fortschrëtt an d'Qualitéit vun der Infirmièreausbildung anzesetzen a bäizedroen.
- Sech fir eng héichqualitativ, evidenzbaséiert Gesondheetsversuergung anzesetzen.
- Informatiounen, Neiegkeeten a Meenungen ze verbreeden, déi fir Infirmièrestuden:innen, den Infirmiersberuff, souwéi staatlech a politesch Organisatiounen interessant sinn.
- Ënnerstëtzung a Berodung bei der berufflecher Ausbildung a Weiderbildung vu senge Memberen ze bidden.
- D'Interesse vun de Infirmièrestudent:innen ze fërderen an héich berufflech Idealer bei hinnen ze encouragéieren.
Wat maachen mir?
-
Mir bidden de Student:innen un gratis Nohëllef ze ginn an den Fächer oder Themen wou se nach Problemer hunn. Dëst ganz am Stil : Vu Student:in fir Student:in.
-
Enn vum Joer maache mir en Welcome at the NSA Day wou mir Student:innen, déi an der Associatioun sinn op ee Patt alueden.
-
Mir wäerten och un den Eventer vun der ACEL mat dobäi sinn an d'Infirmiersstudent:innen vertrieden.
🌍 Stied & Länner
- 🇧🇪 Belsch
- 🇩🇪 Däitschland
- 🇦🇹 Éisträich
- 🇫🇷 Frankräich
- 🇬🇧 Groussbritannien
- 🇮🇪 Irland
- 🇳🇱 Holland
- 🇱🇺 Lëtzebuerg
- 🇵🇹 Portugal
- 🇨🇭 Schwäiz
- 🇺🇸 USA
CELB
Cercle des Étudiant.e.s Luxembourgeois.e.s à Bruxelles
Wee si mir?
De CELB zielt all Joer ronderëm 550 Student:innen als Memberen a bidd zënter 1979 Hëllef, Spaass an Zesummenhalt fir all déi, déi zu Bréissel studéieren. Mir organiséiere reegelméisseg festlech, kulturell a sportlech Aktivitéiten, fir d’Studenteliewen esou interessant wéi méiglech ze gestalten. Esou brénge mir d’Lëtzebuerger Student:innen zu Bréissel zesummen, si fir si Uspriechpartner bei Froen oder Onkloerheeten a ënnerstëtzen hinnen, sech esou gutt wéi méiglech an d’Bréisseler Studenteliewen z’integréieren. Mir freeën eis drop, d’Lëtzebuerger Student:innengemeinschaft zu Bréissel och an Zukunft mat vill Engagement, Solidaritéit a Spaass ze vertrieden!
Wat maachen mir?
- Mir organiséieren de Bréisseler Bal den 28. Dezember : eng traditionell an grouss Festivitéit, déi d’Bréisseler (an natierlech och all méiglech) Student:innen aus dem In- an Ausland zesummebréngt.
- Eis wöchentlech Eventer wéi Tournée des cafés, Bowling, Quizoowend oder soss kulturell Aktivitéite suerge fir Zesummenhalt an eng flott Stëmmung am Bréisseler Studenteliewen.
- Mir ënnerhalen enk Kontakter mat Partnerorganisatiounen, Entreprisen an Institutiounen, fir eise Memberen Stages- a Beruffsméiglechkeeten ze bidden. Esou hëllefe mir hinnen, fréi Erfarung ze sammelen an wichteg Nëtzwierker fir hir Zukunft opzebauen, zu Bréissel wéi och zu Lëtzebuerg.
- Am sportleche Beräich bidden mir ennert aanerem Gruppen am Lafsport, Volleyball, Fussball a Basketball un, wou all Member matmaache kann. Mir ginn och ee mol am Joer zesummen an d'Schivakanz.
- Eis ImmoCELB- a Covoiturage-Gruppen hëllefen neie Student:innen, eng Wunneng oder een, mat deem een tëschent Lëtzebuerg a Bréissel fuere kann, ze fannen. An eiser WhatsApp-Grupp bleiwt och all Member um neisten Stand an gett iwwert dei nechst Eventer informeiert.
CELBas
Cercle des Étudiants Luxembourgeois à Bastogne
GDL
D'Lëtzebuerger zu Léiwen
Wee si mir?
Wat maachen mir?
- All Joer huele mer Deel un den "24H Vélo de Louvain-la-Neuve", wou mir ee Vëlo bauen dee Lëtzebuerg representéiert, an Owes hu mer do och eisen eegene Bar!
- Wärend dem Joer organiséiere mir all Sonnden eng Soirée an eisem Bar wou mir, mee och all déi aner Cerclen zu Louvain-la-Neuve, zesummekommen an ee flotten Owend verbréngen.
- Soss gi mir reegelméisseg och aner Aktivitéite maache wei Bowling spillen, lafe goen, Filmowender maachen oder eng aner Stad besichen!☺️
LËSTLÉ
Lëtzebuerger Studenten zu Léck
Wee si mir?
Wat maachen mir?
- Wëllkomm (Back) Owend - Op eisem éischten Evenement vum Schouljoer heesche mir deenen neie Studenten:innen direkt mat engem Fräibéier wëllkomm, an ett ass déi perfekt Geleeënheet fir déi déi scho länger zu Léck sinn, seng Kolleegen:innen erëmzegesinn.
- BeerPong-Tournoi - BeerPong ass natierlech ee Skill den all Student:in beherrsche muss, dofir organiséiere mir all Semester ee Beerpong-Tournoi. Keng Angscht, wann du verléiers kriss du méi ze drénken, domadder hues du op eng gewëssen Aart gewonnen.
- Lëstlé goes Chapi - De Chapi ass ee risege Fräibéier den am Chapitaule zu Droixhe stattfënnt. Dës si vu Mëtt Februar bis Mëtt Abrëll, zum Ufank an zum Schluss vum Schouljoer an ufanks Dezember. Do muss een absolut mol deelgeholl hunn.
- Saint-Nic a Saint-Torè - Ufanks Dezember a Mëtt Mäerz sinn déi gréisste Studentenfester zu Léck. Déi fänke mat engem Chapi un, den Daach drop ass ee Cortège duerch d'Stad a fir d'Saint-Torè geet et Mëttwochs nach mat enger Garden weider.
AELK
Amicale des Étudiants Luxembourgeois à Karlsruhe
Wee si mir?
Wat maachen mir?
- D’Vëlosheemrees ass eisen allejoeresche Sports-Highlight, bei deem mir a bannent engem Dag vu Karlsruhe op Lëtzebuerg fueren. Duerch Patronagen a Spendenaktiounen ënnerstëtze mir dobäi eng ausgewielte sozial Organisatioun a maachen aus der sportlecher Erausfuerderung eng gemeinschaftlech Aktioun mat reellem Impakt.
- Eisen Wäin & Kéis Owend ass eng traditionell Verkostung mat Auswiel u Wäiner a klassescher Kéisfondue. D’Participantë kommen schéin ugedoen zesummen an et entsteet eng frëndlech, geselleg Chrëschtdagsatmosphär, déi ideal an dës Zäit vum Joer passt.
- Beim LuxiQuiz trieden Teams géinteneen un a beäntwerten Froen zu Lëtzebuerg, Kultur, Geschicht, Studieliewen an Allgemengbildung. Et entsteet eng dynamesch an interaktiv Atmosphär, an um Schluss gëtt dat bescht Team mat engem flotte Präis ausgezeechent.
- Fir den Nationalfeierdag treffen mir eis um Baggerweier bei Karlsruhe mat deenen, déi iwwer d’Vakanzen do bleiwen. Et gëtt gegrillt, Beachvolleyball gespillt, Waasseraktivitéite gemaach a mir genéissen dobäi gutt Musek an e kale Béier.
- Bei eiser Clubrees verbréngen mir e verlängerte Weekend ausserhalb vu Karlsruhe, mat Iwwernuechtung, geplangten Aktivitéiten a kulturellen Elementer. Vergaangen Destinatioune waren zum Beispill Prag, Mailand, Hamburg oder Amsterdam, wou mir Stied entdecken an zesumme flott Erfarunge sammelen.
Alesontia
Lëtzebuerger Studenten zu Bonn
Wee si mir?
Wat maachen mir?
-
Welcome Drink - All néit Unisjoer fänke mir mat eisem WelcomeDrink un. Héi ginn et an eisem Stammcafé, dem Spleen Béier a Softs op eis fir all Memberen resp. néi Erstien.
-
Bonn in Flammen - Den éischte Weekend am Mee ass et all Joer sou wäit an um gratis Rhein in Flammen Festival mat Féierwierks- an Dronenshow féiere mir mat Kollegen.
-
Drachenfelswanderung - Niewend méi spontanen sportlechen Treffen gi mir am Summersemester och all Joer op de berühmten Drachenfels zu Königswinter. Hei entdecke mir zesummen d'Geschicht vun der Regioun em Bonn.
-
NRW Pick-Nick - Wéi et sech fir gudd Noperen gehéiert invitéieren mir natierlech och eis kölner, oochener an düsseldorfer Kollegen bei eis. Mir verbrengen beim Rhein e flotten Owend
-
Tournoi de Noël, Student fir 1 Dag, De Studentebal, ACEL-Quizowend, Studentefoire & co. - D'Alesontia dierf natierlech och net bei de sëllegen ACEL-Events am Joer feelen!
AVL
Akademischer Verein d'Lëtzebuerger
Wee si mir?
Wat maachen mir?
-
Mir organiséieren dat ganzt Joer iwwer lauter sportlech Aktivitéiten. Nieft Sporteventer wei de Fussballstournoi de l'ambassadeur, ee Summer Beachvolleyballsmatch oder ee Spikeballtourneier hu mir och all Woch een Trainingsdaach am Volleyball, Fussball a Basketball.
-
Wann dat sportlecht engem näischt seet an een awer well Leit kenneléieren, dann ass de Stammdësch méindes am Kaktus déi perfekten Occasioun dofir. Ab 20h kann een do bei engem Patt zesummen iwwert Liewe philosophéieren.
-
Natierlech hu mir och nach weider ganz flott Eventer dat ganzt Joer iwwer alles am Motto zesummen eng gutt Zeit ze verbréngen an dat ganzt natierlech sou bëlleg wei nëmme méiglech.
-
Gréisser Aktivitéiten am Joer sënn am Summer eis Kulturrees (Budapest, Warschau, Bologna,...) an am Wanter eis Schivakanz (Portes du Soleil, 3 Vallées, Gaschurn,...). Vir sou wéineg Geld mat engem coolen Trupp leit an d'Vakanz fënnt een net sou oft.
-
Vir dat ganzt kennen ze Finanzéieren hu mir natierlech och vill Partner. Dowéint hu mir och all Joer eng Ponttorfeier wou am Vierdergrond steet an d'Gespréich mat de Partner ze kommen an evtl. eng Stageplaz oder eng Aarbechtsplaz ze ergatteren.
LSB
Lëtzebuerger Studenten zu Bingen
Wee si mir?
Wat maachen mir?
- Mir treffen eis regelméisseg fir Stammdëscher, gi zesumme essen, drénken, an machen awer och mol Ausflieg an aner Stied. Mir hëllefen eis géigesäiteg, ob beim Léieren oder am
Alldag, wéi eng grouss Famill. - An deene leschten Joer huet eisen Cercle puer mool beim Volleyballstournoi zu Kaiserslautern matgemaach.
- Dës Joer maachen mir dann och beim Tournoi de Noël mat.
LSC
Lëtzebuerger Studenteclub Cölln
Wee si mir?
Wat maachen mir?
-
All Dënschdeg treffe mir eis fir ganz verschidden Eventer, wou fir jiddereen eppes dobäi ass a mir zesumme flott Owenter verbréngen. (z.B. Beerpongtournoi, Laser Game, Rallyen a villes méi!)
-
Am Ufank vum Wantersemester, veranstalt den LSC een Ersti-Day fir d’Neuankömmlinge. Hei hunn eis Erstien d’Méiglechkeet den LSC a seng Membere kennenzeléieren.
-
Eemol an der Woch hu mir an eisem Stammcafé de Stammdësch, wou mir gemittlech zesummekommen, fir een oder e puer Kölsch a wat soss engem säin Häerz begiert, ze drénken.
-
Mir treffen eis reegelméisseg am Joer fir zesumme Volleyball, Fussball, Basket an aner Sportaarten ze spillen. Domadder si mir perfekt virbereet, fir déi verschiddenst Tournoien ze gewannen.
-
Natierlech dierf bei eis Kölner*innen de “Karneval” net feelen, dofir feiere mir déi besonnesch Deeg all zesummen. Vum Wëllkommsfräibéier am Virowend bis de “Kölle Alaaf” ass alles dobäi.
LSD
Lëtzebuerger Studenten zu Düsseldorf
Wee si mir?
Wat maachen mir?
- Stammdësch - Aktuell hu mir all zwou Woche Stammdësch wou mir zesummen eppes drénken, eis austauschen an einfach ee gemittlechen Owend zesumme verbréngen.
-
Rallye - Am Ufank vum Wantersemester organiséire mir ee Rallye fir deenen neie Student:innen Düsseldorf ze weisen.
-
Studentefoire - All Joer representéire mir den LSD op der Studentefoire.
-
NRW Noperen - Mir ënnerhuele reegelméisseg Aktivitéiten mat eisen NRW Noperen (Bonn, Oochen, Köln): Picknick, Summerfest, Chrëschtmaart, ...
- Intercercles - Mir gi reegelméisseg vun anere Cerclen op hieren Intercercle invitéiert. Do treffen da verschidde Cerclen openeen a verbréngen eng cool Zäit zesummen.
LSF
Lëtzebuerger Studenten zu Frankfurt
Wee si mir?
Wat maachen mir?
-
Ob Treffen um Chrëschtmaart, Grillen am Park oder e Patt am Zinos, maachen mir lauter Saachen fir eis reegelméisseg ze gesinn.
LSH
Lëtzebuerger Studenten zu Heidelberg
Wee si mir?
Ee vun eisen Ziler ass et eis Memberen ze regruppéieren. Dofir organiséiere mir reegelméisseg Events. Mir informéieren Schüler:innen a Studenten:innen déi un engem Studium zu Heidelberg interesséiert sinn. An natierlech beäntwere mir och Froen zur Wunnengssich, Umeldung oder aneren administrative Virgäng.
Wat maachen mir?
-
Niewent den traditionellen Events wéi d'Bienvenue, wou mir mat eise Memberen an den Erstis zësummen an dat neit Semester starten, der järlecher Chrëschtfeier, oder eise beléiften Intercercle, wou mir zësummen mat eisen Memberen an Student:innen aus anneren Cerclen mat enger Sixtys Bunn duerch Heidelberg fueren an ee Flunkyball-Tournoi organiséieren fir dono den Owend op der Hendsemer Kerwe ze verbréngen, organiséiert de Comité vum LSH a regelméissegen Ofstänn divers Owender, wéi Bowling oder Lasertag bis hin zu Karaoke, Pubcrawl oder och méi relax Stammdëscher.
LSK
Lëtzebuerger Studenten zu Kaiserslautern
Wee si mir?
Wat maachen mir?
- Eist gréisst Event ass eisen alljärleche Beachvolleyball-Intercercle, wou sech méi wéi 180 Student:innen aus anere Studentestied zesummefanne fir un eisem Tournoi zu Kaiserslautern deelzehuelen.
- Eemol am Joer fënnt eis legendär Bistropiad statt. D'Ekippen trieden am Darts, Kicker a Billard géinteneen un. Gewënnerekipp gëtt ob eisem renomméierte Wanderpokal veréiwegt.
- Wat wier Kaiserslautern ouni de Fussball? Schoun säit Joerzéngten hëlt den LSK als Ekippe bei der Uniliga ob der Uni deel, wou wéchentlech Turnéiere gespillt ginn.
- Egal ob dobannen oder op der Terrasse, all Dënschden treffe mir eis fir eise Stammdësch, wou mir niewe Gespréicher a Spiller och den en oder aneren drénken.
- Fir eis Chrëschtfeier kommen eis Memberen an hire beschte Sonndeg-Kleeder a loossen et sech den Owend mat engem 3 Gänge Menu an dem en oder anert Glas Wäin gutt goen.
LSM
Lëtzebuerger Studenten zu München
Wee si mir?
D’Lëtzebuerger Studenten zu München, kuerz den LSM, regroupéiert an der Tëschenzäit ronn 180 Studente vun den Héichschoulen an Unien zu München. Gegrënnt gouf den LSM virun enger gudder Zäit vun enger Handvoll Leit mam Zil eng Plattform ze schafen, wou sech Studente kenneléieren an austausche kënnen. Traditionell soll de Cercle also Kontakter erméiglechen, Informatiounen ubidden a fir een ongezwongent Matenee suergen. Un dësen Ziler huet sech wéineg geännert. Mir bidden nieft eise wéchentlche Stammdëscher och bal all Weekend verschiddenst Aktivitéiten un a sinn op den Eventer vun ACEL ëmmer gutt vertruede fir genau dës Ziler weider ze verfollegen.
Wat maachen mir?
- Nieft engem Welcome Day, fir déi nei Studenten zu München ze begréissen, an traditionellen Datumer wéi der Chrëschtfeier an zwee Fräibéier, organiséiert den LSM och all Joer ee Skiweekend zu Kitzbühel souwéi eng Summerrees an eng europäesch Stad.
- Donieft kënnt och de sportlechen Aspekt mat Fussball, Volleyball a Basket net ze kuerz.
- 2015 hu mir, mat groussem Erfolleg, déi éischt Oktoberfest-Intercercle lancéiert an halen dat bis haut nach ëmmer bäi.
- Eis Käraktivitéit vum Joer ass allerdéngs de Münchner Bal op Ouschtersonndeg, deen ëmmer erëm e groussen Erfolleg ass a genuch Geld an d’Cercle-Kees spullt, fir dass mir de Memberen all dës Aktivitéiten ubidde kënnen.
- Zéckt net eis eng Mail ze schreiwen, eise Site ze besichen, Donneschdes Owes ab 21 Auer an d‘Klenze17 op eise Stammdësch ze kommen oder un enger anerer vun eisen Aktivitéiten.
LSS
Lëtzebuerger Studenten zu Saarbrécken
Wee si mir?
Wat maachen mir?
- Soirée de Bienvenue - An eise Stammcafé "Synop" kënnt dir gär laanschtkommen, hei gëtt den LSS-Comité dann och emol gären deen een oder anere Patt zum Bäschte.
-
Beachvolleyball - Am Summer loune mir ee Beachvolleyballterrain op der Uni an grillen gaer Owes un der Saar.
-
Pubquiz - Am "Old Murphy's" oder en eegene Quiz dee vum LSS-Comité selwer erstallt gouf.
-
Lasertag
-
Rallye a Karting
LST
Lëtzebuerger Studenten zu Tréier
Wee si mir?
Wat maachen mir?
-
Déi éischt Manifestatioun am neie Joer ass d’Erstiversammelung fir eis Eischtsemestler:innen. Op dësem Dag kriss du wichteg Informatiounen iwwert d’Studenteliewen a mir weisen Dir d’Stad Tréier Kombinéiert gëtt dëst Event gäre mat engem Fräibéier! Interessant fir all Eischtsemestler:in!
-
Dat ganzt Semester iwwer treffe mir eis um 20.00 Auer Denschten Owes fir e reegelméissege Stammdësch. Am Wanter as sdeen an eisem aktuelle Stammcafé, am Summer gëtt bei guddem Wieder beim Turm Luxemburg um Petrisberg gegrillt.
-
Nieft de Stammdëscher ginn et wärend dem Semester nach vill aner Flott Eventer, een Highlight ass sécher eise Karaoke!
LSWü
Lëtzebuerger Studenten zu Würzburg
Wee si mir?
Wat maachen mir?
-
Stammdësch: All 2. Woch treffen mir eis fir en gemitterlechen Owend zesummen ze verbréngen. Do gett dann bei engem leckeren Béier oder Cocktail iwwer Gott an Welt geschwaat an zesummen gelaacht.
-
Chrëschtmaart: Mir ginn och gären an der Chrëschtzäit op den Chrëschtmaart, egal ob zu Würzburg oder och mol an der Géigend wéi z.B op Regensburg oder op Nürnberg.
-
Main-Grill-Boot: Am Summer fueren mir dann och mol mam Main-Grill-Boot, engem Boot wou een drop grillen kann, iwwer den Main an genéißen den Summer zu Würzburg.
-
Kiliani-Volkfest: Och ginn mir gären zesummen op d'Kiliani-Volkfest an feiren zesummen am Bierzelt an Tracht an mat enger Maß am Grapp bis dass Bänken kraachen.
-
Intercercle-Lët‘z Go Wü: Den Highlight ass eise legendären Intercercle am Mee, wou mir schon bis zu 50 Studente vun anere Cerclen begréisse konnten. Um Programm steet do enner aanerem en Rallye duerch eis schein Staadt an eng Wäindegustatioun.
SLUF
Studente vu Lëtzebuerg op der Uni Freiburg
Wee si mir?
Wat maachen mir?
-
All Mëttwoch ass Stammdësch am Cheers.
-
All neit Semester gëtt mat enger Boume d'Ouverture offiziell ugefaangen.
-
Beim Pubquiz strenge mir eemol am Semester eis gro Zellen un (ausserhalb vum Kuer natierlech).
-
Beim Cafésrallye ginn et vill flott Caféen ze entdecken a Spiller ze meeschteren.
-
Am Wanter verbrénge mir ee gemittleche Weekend zesummen an enger Hütt um Feldberg, do iesse mir dann zesumme vill Raclette a spillen am Schnéi.
VLIB
Verein Luxemburger Studenten in Berlin
Wee si mir?
Wat maachen mir?
- Spätitour - Eiden traditionellen Optakt vum Semester maache mir mat enger Spätitour duerch Berlin
- Beach-Volleyball-Tournoi - Eist sportlecht Event kuerz virun der Summerpaus
- Beer-Pong-Tournoi - Zwee mol am Joër organiséiere mir ee Beer-Pong Tournoi an engem Studi-Café op der TU-Berlin
- Bierkastenlauf - Um Herrentag probéiere mir rauszefannen, wien den Tour rondrëm d'Templehofer Feld am schnellste packt
- Nationalfeierdag - Fir Nationalfeierdag gi mir op d'Feierlechkeeten vun der Lëtzebuerger Ambassade zu Berlin agelueden
LSI
Lëtzebuerger Studenten Innsbruck
Wee si mir?
Den LSI (Lëtzebuerger Studenten zu Innsbruck a.s.b.l.) ass e Veräin, dee lëtzebuergesch Student:innen zu Innsbruck vertrëtt a vereenegt. Hien hëlleft bei der Integratioun am Studenteliewen, bitt Ënnerstëtzung bei Froen zum Studium a Wunnen a schafft eng staark Gemeinschaft duerch Eventer wéi Welcome-Day, Pubquiz oder de Schitripps. De LSI ass politesch neutral, setzt sech vir all Student:in vu Lëtzebuerg an a fördert Zesummenhalt am Ausland an d’Verbindung mat der ACEL. Fir weider Informatiounen oder Froen kann een eis gären iwwer eis Social-Media-Plattformen kontaktéieren. Mir freeën eis drop, nei Student:innen häerzlech bei der LSI-Gemeinschaft ze begréissen a mat iech zesummen flott Momenter ze erliewen.
Wat maachen mir?
-
Eise Welcome-Day ass ee Highlight vum Joer: Mir lounen e Club, invitéieren all eis Memberen a feieren zesummen den Start vum Semester. Mat DJ an offeréierte Gedrénks ass et déi perfekt Geleeënheet, nei Leit kennen ze léieren.
-
Eis Daf ass ee vun de spannendsten Eventer vum Joer. Bei engem Rallye duerch d’Stad Innsbruck entdecken eis Erstien d’LSI-Gemeinschaft op eng spilleresch a lëschteg Manéier. Mat kreative Aufgaben, vill Laachen a gudder Stëmmung entsteet en onvergiesslechen Dag.
-
Eisen Pubquiz ass e lëschtegen Owend voller Wëssen a Teamgefill. An enger gemittlecher Atmosphär trieden d’Equippen géinteneen un, beäntweren originell Froen a kämpfen ëm flott Präisser. Ideal, fir zesumme Spaass ze hunn a de Kapp fräi ze kréien.
-
Eise Karaoke-Owend ass eng onvergiesslech Geleeënheet, d’Stëmm ze weisen oder einfach matzeféieren. An enger relaxer Atmosphär mat Frënn a Memberen entsteet vill Spaass, vill Laachen an eng super Stëmmung.
-
Eist Ski-Event ass e sportlechen Ausfluch, deen eemol am Semester stattfënnt. Zesumme fuere mir mam Bus, zum Beispill op Ischgl. Mat vill Spaass, Sonn, Schnéi a gudder Laun verbrénge mir en onvergiesslechen Dag op der Pist an eventuell um Après-Ski.
LSW
Lëtzebuerger Studenten zu Wien
Wee si mir?
Den LSW gouf de 24 Mäi 1975 gegrënnt a besteet lo scho säit 50 Joer. Eis Aufgab ass et d’Lëtzebuerger Student:innen zu Wien ze beroden, ze ënnerstëtzen an zesummenzebréngen. Mir sinn en engagéierte Veräin den sech fir den Austausch, d‘Ënnerstëtzung a fir gemeinsaamt Erliewe vum Studenteliewen zesummegeschloss huet. D’Ziel ass et d’Lëtzebuerger:innen déi zu Wien studéieren oder studéiert hunn ze vereenegen an am In- an Ausland ze vertrieden. Bei organisatoresche Froen oder Problemer sinn mir fir iech do. Mir organiséiere reegelméisseg Treffen, kulturell Veranstaltungen oder sportlech Aktivitéiten a probéieren doduerch d'Lëtzebuerger Gemeinschaft zu Wien ze stäerken.
Wat maachen mir?
- Eist Saufest fënnt all Joer op der Donau statt an geet iwwert 3 Deeg. Samschdes kann jidderee vun engem All-you-can-drink an enger knuspreger Sau profitéieren.
- De Pubquiz fënnt 2 mol am Joer statt a Student:innen trieden a 4 verschidde Kategorië géingt eneen un. En ganz beléift Event wou ëm Präisser gekämpft geet.
- De Beachvolleyball Tournoi ass eng vun eise sportlechen Aktivitéiten an ass eng flott Geleeënheet am Summer dat gutt Wieder ze genéissen a mat seng Kolleg:innen Zeit ze verbréngen.
- Fir d’Summersemester ofzeschléissen ginn mir op e ganze Mëtten op en Heurigen wou mir an den Wäinbierger déi schéin Aussicht mat engem gudde Glas Wäin genéissen.
- Den Éisträicher Bal gett am Wanter zu Lëtzebuerg zesumme mat den Innsbrucker Student:innen organiséiert an bréngt net nëmmen eis Éisträicher zesummen, mee och déi aner Cerclen.
AELP
Association des Étudiants Luxembourgeois à Paris
Wee si mir?
Wat maachen mir?
-
Partybus - Eist wuel gréissten Event, bei deem e Bus gelount gëtt, dee wärend puer Stonnen mat DJ duerch Paräis fiert a bei de bekanntste Sehenswürdegkeete stoe bleift.
-
Soirée Péniche - Am Ufank vum Schouljoer ass dës Soirée ideal fir ob der Seine ob engem Bateau-Mouche nei Kontakter ze knüpfen a gutt an dat neit Joer ze starten.
-
Pottien - Eis reegelméisseg Stammdësch-Owender erlaben et, an engem gemittleche Bar an a gudder Gesellschaft eng Paus vum stressege Studenteliewen ze huelen.
-
Karaoke-Owender - Ee mol am Semester lount d'AELP e Karaoke-Sall wou d'Paräiser Student:innen hir Sangkënscht beweise kënnen.
-
Billard Tournoi - Ee mol am Semester organiséiert d'AELP e Billard Tournoi bei deem d'Student:innen sech a Gruppe géintenee beweise mussen.
ALUS
Association des Luxembourgeois aux Universités de Strasbourg
Wee si mir?
D’ALUS huet sech schonn ëmmer als Ziel gesat de neie Studentinnen a Studenten ze hëllefe fir sech méi einfach an hirer neier Heemecht erëm ze fannen an sech besser ze integréieren. Dofir bitt d’ALUS dir och vill verschidden Aktivitéite wärend dem Joer un a probéiert wärend deem, dass du séier aner Lëtzebuerger an/oder Fransouse kenneléiers. Ausserdeem informéiert D’ALUS seng Membere reegelméisseg iwwert allméiglech Aktivitéiten, sief et Baler, Events, Visitten, de Laftreff, Fuss-, Basket- a Volleyball Trainingen, déi zu Stroossbuerg mee och ausserhalb mat eventuell anere Studentecercle stattfannen.
Wat maachen mir?
- Partyboot: mir lounen e grousst Boot a fueren domat ronderëm Strosbuerg mat Open Bar a super Stëmmung!
- Sport: 2x Laftreff an der Woch, reegelméißeg Fussball-, Basket- a Volleyball Trainings
- Fräibéier: 2x am Joer organiséiere mer fir all eis Memberen e gratis Fräibéier (sous condition dass se eng valabel Memberskaart hunn;)
- All Joers d'Visitt vum Europaparlament zu Strosbuerg + Rencontre mat engem lëtzebuergeschen EU-Députéierten
- Rallye de découverte: e Rallye duerch Strosbuerg den eise Neuankömmlingen d'Stad an hier Geschicht erkläert a weist + ofschließend Tartes flambées à volonté!
CELM
Cercle des Étudiants Luxembourgeois à Montpellier
Wee si mir?
Vive le Sud ! Esou ass d´Devise vum CELM, awer och vun all de Lëtzebuerger Student*innen, déi decidéieren, hir Unisjoren am Süde vu Frankräich ze verbréngen. Zënter 1989 empfänke mir all Joers déi nei Lëtzebuerger Student*innen zu Montpellier. Eist Ziel ass et, de Lëtzebuerger Student*innen de Süden esou no wéi méiglech ze bréngen an hinnen dat bescht méiglecht Studenteliewen ze bidden. Mir stinn och ëmmer zu Verfügung fir Froe ronderëm d´Uni oder fir Hëllef bei der Sich no engem neien Appartement.
Wat maachen mir?
-
TOUR DES APPARTS - 4 Appartementer, 4 verschidden Drinks an 1 onvergiesslechen Owend.
Vu Wunneng zu Wunneng geet d´Stëmmung an d´Luucht. Dëst legendäert Event ass ee vun de beléiftste vum Joer an ass e Must fir all Member. -
TOUR DES BARS - Mir zéien zesummen duerch déi coolst Baren am Zentrum vu Montpellier. Mat spezielle Studenten-Tariffer, gratis Drinks a vill Spaass gëtt dësen Tour zu engem richtegen Highlight vum Unisjoer.
-
BEERPONG TOURNOI - 12 Equipen, 1 Zil : déi Bescht ginn ! An enger knackeger Turnéier-Atmosphär kämpfe mir em den Titel vum Beerpong-Champion. Vill Publikum, Präisser an eng Top Stëmmung garantéiert.
-
STAMMDËSCH - Eise wéchentlechen Treffpunkt fir all déi, déi Loscht op e flotten Owend hunn.Mir drénken, schwätzen a laachen zesummen. A wann d'Stëmmung gutt ass, wat meeschtens de Fall ass, geet den Owend heiansdo och nach e bësse méi laang.
ELAN
Étudiants Luxembourgeois à Nancy
Wee si mir?
Wat maachen mir?
- Eis Daaf déi Mëtt Oktober stattfënnt, mat flotten an kréativen Mutproben, bei denen all néien ELANer:in sech (an seng Alkoholtoleranz) ënner Beweis stellen muss. Definitiv näischt fir liicht Nerven.
- Color Schëdden: Du wollt schon ëmmer eng Kéier un enger Cocktail Themenparty deelhuelen, wous du genau dat ze drénken kriss, wat dengem Kostüm entsprecht, dann ass des Soirée fir dech.
- Eis legendär Quizowender, bei denen eis clever ELANer:innen hiert Wëssen mussen ënner Beweis stellen, an d'Gewënner sech no vill Kappdämpen iwwer en flotten Präis kënnen freeën.
- Den Wichtelowend, rondrëm Zäit vun Niklosdag, wou jidderen mat engem groussen Paak ukënnt an keen mat eidelen Hänn heemgeet. Gëtt et eppes méi schéines, wéi seng léiwst ELAN-Kollegen mat engem flotten Kado ze iwwerraschen?
- Soirée des Anciens, bei der mir eis aal ELANer:innen mol rëm zu Nanzeg begréissen an mat hinnen en wonnerbaren Dag an (langen) Owend verbréngen. Eemol ELAN, ëmmer ELAN.
Letz’Aix
Association des Étudiants Luxembourgeois à Aix-en-Provence
Wee si mir?
De Letz'Aix ass am September 2003 gegrënnt ginn a säitdeem geet et drëms d'Interesse vun all de lëtzebuergeschen Student:innen zu Aix besser ze verwalten a géigeniwwer der ACEL ze vertrieden. D’Zil ass et d'Student:innen zu Aix zesummen ze bréngen, hir Integratioun ze erliichteren an hinnen d’Studenteliewen esou agreabel wéi méiglech ze gestalten. De Comité ënnerstëtzt d'Student:innen och bei administrativen Demarchen a fërdert de Kontakt tëscht neien an ale Student:innen. Fir en dynamesche Gruppenzesummenhalt ze erhalen, ginn reegelméisseg gemeinsam an flott Owenter, kulturell Aktivitéiten an Ausflich organiséiert. Bei Froen oder Problemer steet de Comité natierlech och ëmmer zur Verfügung fir d'Student:innen.
Wat maachen mir?
-
Fir d’Schouljoer gutt unzefänken, fuere mir zesumme mat de Student:innen op d’Gorges du Verdon, wou mir de ganzen Dag laang am ganze Grupp um Séi mat Booter fueren a profitéieren.
-
Mir organiséieren all Joer e Wine tasting fir eis Memberen, perfekt fir eis nei Leit kennen ze léieren a zesummen lokale Wäin an entspaanter Ambiance ze genéissen.
-
Ronderëm de 6. Dezember organiséiert de Letz’Aix all Joer seng traditionell Kleesifriess wat fir e gemittlecht Zesummesin mat Iessen, Kaddoen a Stëmmung steet,fir eis lëtzebuergesch Traditioun vum Kleesche bäizebehalen.
-
Reegelméisseg organiséiere mir Weekender flott Apéroen fir eis lëtzebuergesch Student.innen, ideal fir sech kennenzeléieren, zesummen ze feieren a schéin, gemittlech Momenter ze deelen.
-
Am Summer organiséiere mir zesumme mat anere franséische Cerclen eng grouss Soirée française déi oppen fir jiddereen ass, mat gudder Ambiance a Musek vu verschidden DJ's a villen Leit!
SLSB
Society of Luxembourgish Students in Britain
Wee si mir?
The main objectives of the society are to create an environment for Luxembourgish students to connect and thrive. We provide information on British university courses and student life to prospective students, and represent our members and defend their interests with the Luxembourgish and British authorities. During term time we have regular socials events in the UK like pub events, public match viewing, sports activities, museum visits, guided tours, networking, and group trips. Outside of term time is we organise some get-togethers back home in Luxembourg.
No team member found
LSMaas
Lëtzebuerger Studenten zu Maastricht
Wee si mir?
Mir sinn de Cercle vun de Lëtzebuerger Studenten zu Maastricht (LSMaas). Den LSMaas ass nach ee ganz neie Comité dee réischt am Summer 2022 gegrënnt gouf nodeems de Cercle vun de Studenten aus Holland gespléckt gouf. Mir sinn do fir den Studenten sou gutt et geet an hierem neien Liewen zu Maastricht ze hëllefen an z’informéieren. Wärend dem Joer organiséiere mir och reegelméisseg Eventer éwei z.B.: Fräibéier, Bowling, ... an net ze vergiessen eisen Stammdësch all Mëttwoch am Peter's Irish Pub fir eis Studenten zesummen ze bréngen!
Wat maachen mir?
-
Kingsday Intercercle - Den 27. Abrëll ass an Holland Nationalfeierdag an dat gëtt esou richteg gefeiert. Et kann een et sech virstellen wéi den 23. Juni zu Lëtzebuerg, just orange gekleet!
-
Maastrichter Fuesboken - Am Februar gëtt zu Maastricht Fuesend esou richteg geféiert. Wéi een et och vun Köln den 11.11 kennt, geet een hei zesumme verkleed duech d’Stad a feiert zesummen.
-
Boat Party - 2x d’Joer organiséiert den LSMaas seng legendär Bootsparty, bei deem mer e puer Stonnen um Floss ënnert eis a Party Stëmmung zesumme verbréngen.
-
Pubcrawl - Mir weisen eise Studenten déi beschte Caféeën a Spots aus Maastricht verbonne mat klenge Spillecher an Challenges.
-
Chrëschtmaart-Tournée - All Wanter reest den LSMaas an d’Géigenden ronderem bei eis Noopeschcerclen fir de Glühwäin op den ënnerschiddlechste Plazen ze schmaachen an zesummen e gudden Owend ze verbréngen.
RLA
Roud Léiwen Amsterdam
Wee si mir?
Wat maachen mir?
- Student fir 1 Dag
- Schüler kréien d’Méiglechkeet, d'Haaptcampusen ze gesinn
- Schüler kréien en Abléck an d'Studenteliewen zu Amsterdam
- Schüler kënnen sech mat Studenten aus Amsterdam austauschen, an Froen zum Liewe, Studéieren an der Stad stellen
- De Studentebal
- zu Amsterdam: eist signature Gedrénks entwéckelen
- Team Building duerch d'Op- an Ofriichten vum Site
- Mat anere Cerclen eist Gedrénks un haaptsächlech aner lëtzebuergesch Studenten verkaafen
- Daf
- fir eis nei Studenten an d’Studenteliewen an d’Stad z’integréieren an hinnen d’Méiglechkeet ze ginn, sech ënnerteneen an och mat eelere Membere bekannt ze maachen
- Amsterdam op eng spilleresch a lëschteg Aart kennenléieren.
LSL
Lëtzebuerger Studenten zu Lëtzebuerg
LSP
Lëtzebuerger Studenten a Portugal
Wee si mir?
D’Lëtzebuerger Studenten a Portugal (LSP) sinn zanter Dezember 2024 en offiziellen neie Cercle. Eist Zil ass et, all Lëtzebuerger Studenten a Portugal, egal ob zu Lissabon, Porto, Coimbra oder anere Stied a Portugal zesummenzebréngen. Mir wëllen aktuell an zukünfteg Studenten informéieren an zesummen dat wonnerschéint a waarmt Studentenliewen a Portugal genéissen.
Wat maachen mir?
-
Eis Aktivitéiten: An der Zukunft plange mir eng ganz Rei flott Aktivitéiten, dorënner: - Stammdëscher - Surfen - Kleng Trips duerch Portugal - Sportaktivitéiten (Fussball, Basket, Padel, Lafen asw.)
- An nach villes méi! Mir freeën eis op all neie Member, mat deem mir eng Caneca zesumme kënne drénken an eng lecker Pastel de Nata genéisse kënnen. Mir freeën eis drop, Iech kennenzeléieren!
AELL
Association des Étudiants Luxembourgeois à Lausanne
Wee si mir?
Wat maachen mir?
-
Balelec BBQ: All Joer fënnt den Balelec statt, den gréissten Studentenfestival an Europa um Campus vun der EPFL. Mir organiséieren wärend dem Nomëtten en all-you-can-eat an all-you-can-drink BBQ fir d'Leit op d'Stëmmung vum Festival virzebereeden.
-
Lausanne Pubcrawl: D'Semesteren fänken ëmmer mat engem Pubcrawl un. Mir ginn duerch déi beschten Bars vun Lausanne an den Comité gëtt hei an do mol eng Tournée aus.
-
Schi-Weekend: Mëtt Februar fënnt eisen Schi-Weekend statt. Mir huelen eis en schéinen Chalet an den wonnerschéinen Bierger vun der Schwäiz. Um Programm sinn Schi fueren, Après-Schi an legendär Owendiesse.
-
Swisscup: All Joer gëtt et den Sports-Tournoi tëschent den Schwäizer Cercle (Zürech, Fribourg an Lausanne). Mir probéieren dann ëmmer d’Coupe Heem ze bréngen fir ze weisen dass mir den beschten Cercle aus der Schwäiz sinn !
Friblëtz
Lëtzebuerger Student:innen zu Fribourg (CH)
Wee si mir?
Wat maachen mir?
-
Am Hierschtsemester organiséieren mir eisen traditionellen Beerpong-Intercerle. Hei begréissen mer lëtzebuergesch Student:innen aus aner Studentestied. Freides Owes fänken mer mat engem gemittlechen Pubquiz un. Samsses gëtt mëttes zesummen giess an dann mam Tournoi gestart.
-
Am Februar fënnt eisen Skiweekend-Intercercle statt. Dofir loune mir e Chalet am Berner Oberland wou mer feieren an Samsdes Ski oder Schlitt fuere ginn. Sonndes schleisse mer den Weekend mat enger gudder Fondue op enger Hütt of.
-
Den Swisscup ass en Sportsevent wou all Joer vun engem aneren schwäizer Cercle organiséiert gëtt. Dobäi trieden mer am Fussball, Volleyball an Vëlkerball géinteneen un an kucken ween zum Schluss den Pokal mat an seng Stad huelen kann.
-
All Woch organiséieren mir e Stammdësch an enger anerer Bar zu Fribourg. Desst ass eng flott Geleeënheet jiddereen rëmzegesinn, mateneen ze poteren an en Patt dobäi ze drénken.
-
Den Kleeschen kennt och, begleet vum Houseker an sengen Engelen op Fribourg: Bei enger gudder Fondue erzielt en eis Geschichten, déi eis Student:innen am Laf vum Joer gestiicht hunn.
LSSG
Lëtzebuerger Studenten zu St. Gallen
Wee si mir?
Wat maachen mir?
-
Ënnerstëtzung fir den Opnamexamen an d'Assessment-Joer
-
Wall Street Party @ Scott's Pub
-
Matmaachen um Clear The Bottles - Intercercle vum LSZ
LSZ
Lëtzebuerger Studenten zu Zürich
Wee si mir?
Wat maachen mir?
-
Nei Student:innen – Eis Bleuen ginn am Hierscht duerch Aktivitéiten wéi dem First Contact, der Stee, dem Tour en Ville an der Daf begréisst, fir séier Uschloss am LSZ ze fannen. (Looss dech iwwerraschen, et ass net sou schlëmm!)
-
Zürcher Bal - Den LSZ organiséiert zënter 1960 all 25. Dezember de gréisste Studentebal zu Lëtzebuerg, den Zürcher Bal. De Comité plangt alles, an d’Memberen hëllefen engagéiert beim Op- an Ofriichten souwéi hannert de Bare um Bal selwer.
-
Fester - Mir organiséiere vill Fester: d’Soirée Patriotique am Mee, Grillpartyen, de Kleeschenowend, reegelméisseg Stammdëscher an de legendäre Clear The Bottles – eisen Intercercle zu Zürich.
-
Reesen - All Joer fennt eis um Skiweekend, op der Clubrees am Fréijoer an um Wanderweekend am Hierscht – eng flott Geleeënheet, d’LSZ-Gemeinschaft och ausserhalb vun Zürech ze erliewen.
-
Sport - Als LSZ laafe mir all Joers bei der iwwer 110 km laanger SOLA, engem Staffelaf duech ganz Zürech, spillen bei der Volleynight a machen beim Swisscup mat, wou all Lëtzebuerger Studentecerclen sportlech géinteneen ustrieden.
LUAM
Luxembourgish Students at Miami University
⚪ Aner
aACEL
Amicale de l'Association des Cercles d'Étudiants Luxembourgeois
Wee si mir?
Wat maachen mir?
-
Grillowend - All Summer fënnt eisen Grillowend no der Balversammlung vun der ACEL zu Bouneweg am Chalet statt.
-
aACEL-Stand um Studentebal - Mir sinn mat eisem Picon-Béier Stand um Studentebal vertrueden.
-
Afterworks - Chrëschtmaart, Schueberfouer, Mäertchen
ACEL
Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois
Wee si mir?
D’Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois (ACEL) vertrëtt haut iwwer 40 Studentecerclen, déi duerch ganz Europa an Nordamerika verdeelt sinn. D’ACEL vertrëtt d’Student:inne virun den Autoritéiten a setzt sech fir hir Rechter an, dofir steet d’ACEL a reegelméissegem Dialog mat de verantwortleche Ministèren an Institutiounen. D’ACEL informéiert d’Schüler:innen an d’Student:innen iwwert hir Méiglechkeeten nom Lycée, wärenddem Studium esou wéi och no de Studien. Ee vun der ACEL hiren dräi Haaptziler ass et, d’Student:innen aus deene verschiddene Stied zesummenzebréngen.
Wat maachen mir?
- Event/Aktivitéit 1 - E wichtegt Event waat mir selwer organiseieren oder un deem mir deelhuelen.
- Event/Aktivitéit 2 - E wichtegt Event waat mir selwer organiseieren oder un deem mir deelhuelen.
- Event/Aktivitéit 3 - E wichtegt Event waat mir selwer organiseieren oder un deem mir deelhuelen.
- Event/Aktivitéit 4 - E wichtegt Event waat mir selwer organiseieren oder un deem mir deelhuelen.
- Event/Aktivitéit 5 - E wichtegt Event waat mir selwer organiseieren oder un deem mir deelhuelen.
REEL
Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois
Wee si mir?
Zënter der éischter Editioun 1984 zu Karlsruhe huet sech d'REEL, d'Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois, zu engem wichtegen Event am Kalenner vun de lëtzebuerger Studenten entwéckelt. D'REEL gëtt all Joers an enger anerer Studentestad ausgedroen a vum jeeweilegen REEL's Comité organiséiert. Eng Ronn 120 ausgewielte Participanten, déi hir Studien op enger Universitéit maachen, treffen sech wärend 4 Deeg fir sech iwwer di ënnerschiddlechst Thematiken auszetauschen, déi besonnesch Si als Studente betreffen. Nieft dem politeschen Volet, kennt den kulturellen Aspekt esou wei den Austausch mat de Vertrieder vun de Partner Entreprisen net ze kuerz. Zesummen mat der ACEL, der Association des Cercles d'Etudiants Luxembourgeois, gëtt de politeschen Volet vun der REEL opgestallt. Duerch den Austausch mat Vertrieder vun der Politik wei vun der lëtzebuerger Ekonomie, ënnert der Forme vun enger Table-ronden an uschléissenden Diskussiounen, konnten an de leschte Joren ënnert anerem e gratis ëffentlechen Transport fir d'Studenten esou wéi eng Reforme vum Stage Gesetz erreecht ginn. Nieft dem politesche Volet kënnt de kulturellen Aspekt duerch verschidde Visitten esou wei den Austausch mat de Vertrieder vun de Partner Entreprisen op enger Job-Foire net ze kuerz.



































