Skip to main content
Welcome to our Knowledge Base

Tip: Start typing in the input box for immediate search results.

< All Topics
Print

Congé

Jäerlechen Erhuelungscongé

Wéi vill Congé hunn ech zegutt?

D’Gesetz gesäit e jäerlechen Erhuelungscongé („Congé annuel de récréation“) vu minimum 26 Schaffdeeg vir.

Fir Salariéen, déi Deelzäit schaffen, gëllen aner Reegelen. Déi Salariéë kréien undeeleg Congé op Basis vun hirer Wochenaarbechtszäit.

Ënner Schaffdag versteet een all Dag vum Kalenner, ausser sonndes a gesetzlech Feierdeeg.

26 Deeg Congé sinn de Minimum, deen all Salarié:e zegutt huet.

Duerch Kollektivverträg oder Eenzelverträg mam Employeur kann een awer méi Congésdeeg kréien.

Am Prinzip kann de:d‘Salarié:e ab dem 1. Januar vum Joer säi Congé fir d’ganzt Joer huelen.

Mee! Wann een nei agestallt gouf, muss een dem Gesetz no dräi Méint waarden, éier ee ka Congé huelen. An der Praxis hänkt dat vill vum Employeur of. Dofir rode mir dir, am beschten direkt beim Chef nozefroen, wéi dat an der Firma gehandhaabt gëtt.

D’Prozedur ass an all Firma e bëssen aneschters. Am Prinzip freet de:d‘Salarié:e säi Congé bei sengem Employeur oder engem Virgesetzten un. Wann deen näischt dogéint seet, ass de Congé acceptéiert. Wann s du mat anere Leit zesummeschaffs, soll de Congé am beschten openeen ofgestëmmt ginn, fir dass ëmmer ee present ass. Schwätz am beschte mat dengen neien Aarbechtskolleegen, fir gewuer ze ginn, wéi dat an ärer Firma gehandhaabt gëtt.

E Congé ka refuséiert ginn, wann een op der Aarbecht gebraucht gëtt (Besoine vum Service) oder wéinst begrënnte Wënsch vun anere Salariéen (Prioritéit fir Salariéen, déi Kanner zu Laaschten hunn).

Wann de Congé bis accordéiert ass, muss e vum:vun der Salarié:e a vum Employeur agehale ginn, et sief dann, si sinn sech eens fir en ze annuléieren.

Congé, deen am Laf vum Kalennerjoer wéinst Motif-de-refusen (Besoine vum Service, Wënsch vun anere Salariéen) net konnt geholl ginn, ka bis den 31. Mäerz dat Joer drop reportéiert ginn.

Och wann ee krank war, an dofir kee Congé huele konnt, kann een déi Deeg mat an d’nächst Joer huelen. Dat gëlt am Prinzip bis den 31. Mäerz vun deem Joer.

Congé vum éischte Schaffjoer, deen net geholl gouf, kann op Demande um:vun der Salarié:e onlimitéiert op dat ganzt nächst Joer reportéiert ginn.

Extra Congéen

Fir bei den:d’ Dokter:esch ze goen

D’Gesetz gesäit kee Congé vir, deen et dem:der Salarié:e erméiglecht, bei den:d‘Dokter:esch ze goen. De:D‘Salarié:e muss also den Employeur froen, ob hie wärend der Aarbechtszäit ka bei den:d‘Dokter:esch goen, ouni Congé ze huelen.

A verschiddene Kollektivverträg kréien d’Salariéen d’Recht, wärend der Aarbechtszäit bei den:d‘ Dokter:esch ze goen, ouni Congé ze huelen.

  • Et ginn nach eng ganz Rëtsch aner Grënn, fir déi ee ka Congé

accordéiert kréien. Dorënner falen:

Congéen, déi un déi perséinlech Situatioun gebonne sinn:

  • Ausseruerdentleche Congé aus perséinleche Grënn (congé extraordinaire pour motifs personnels)
  • Maternitéscongé (congé de maternité)
  • Pappecongé
  • Adoptiounscongé (congé d’accueil)
  • Congé parental
  • Congé aus familiäre Grënn (congé pour raisons familiales)
  • Congé fir eng Persoun um Enn vun hirem Liewen ze betreien (congé pour l’accompagnement d’une personne en fin de vie)

Congéen fir Formatiounen:

  • Individuelle Formatiounscongé (congé indidivuel de formation)
  • Onbezuelte Formatiounscongé (congé sans solde pour formation)
  • Congé fir sproochlech Weiderbildung (congé linguistique)

Congéë, déi un e Mandat gebonne sinn:

  • Politesche Congé (congé politique pour élus communaux)
  • Congé fir d’Ausféiere vun engem Mandat (congé pour mandat social)

Congéë fir extra-professionell Aktivitéiten:

  • Congé fir Leeschtungssport (congé sportif)
  • Spezialcongé fir fräiwëlleg Pompjeen (congé spécial des pompiers volontaires)
  • Congé fir Entwécklungshëllef (congé de coopération au développement)
  • Congé fir Jugendaarbecht (congé-jeunesse)

Congé fir wärend dem Préavis eng nei Aarbecht ze sichen.

Table of Contents