Wat sichs du?
Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.
Gëff ee Begrëff a fir méi schnell eng Äntwert ze fannen.
De Centre commun de la sécurité sociale a seng Aufgaben. De Centre commun de la sécurité sociale (CCSS) ass en auto nomen Etablissement public, deen ënnert dem Ministère de la Sécurité sociale steet. Als Persoun, déi zu Lëtzebuerg schafft, muss ee beim CCSS affiliéiert si fir datt ee géint sämtlech Riske verséchert ass. Dem CCSS seng Haaptmissioune sinn:
All Persoun, déi zu Lëtzebuerg als Salarié:e schafft an do fir bezuelt gëtt, ass als „Travailleur salarié” z’affiliéieren. De:D’ Patron:ne iwwerhëlt d’Umeldung vum:vun der Salarié:e beim CCSS. Dës Aschreiwung muss bannent aacht Deeg vum Ufanksdatum vun dengem Kontrakt geschéien. Du kriss dann en Accusé heem geschéckt, deen deng Affiliatioun attestéiert.
D’Affiliatioun beim CCSS erlaabt et dem Salarié:e a senger Fa mill, ënnert anerem vun de Prestatioune vun der Kranken- a Maternitésassurance ze profitéieren a spéider eng Pensioun kennen ze kréien.
Als Salarié:aire muss du selwer näischt bezuelen. Däi:Deng Patron:ne iwwerhëlt dat fir dech. Um Enn vun all Mount gëtt de:d’ Patron:ne de Montant vun den gem Bruttoloun an d’Zuel vun de Stonnen, déi’s du geschafft hues, un de CCSS weider. Op där Basis rechent den CCSS de Montant vun de Sozialkotisatiounen aus, déi den:d’ Employé:e bezuele muss, an deelt dem:der Patron:ne et mat. Dës Zomm enthält souwuel dem:der Patron:ne säin:hiren Deel (Part patro nale) wéi d’:dem Salarié:aire säin Deel (Part salariale). De:D’ Pa tron:ne huet op senger:hirer Säit schonn d’Part salariale direkt vum Bruttoloun ofgezunn a këmmert sech drëm, dass d’Sozial kotisatioune bezuelt ginn. Vum 1. Januar 2023 u sinn d’Kotisatioune fir d’:de Salarié:aire déi folgend:
2, avenue de l’Université
L-4365 Esch-sur-Alzette
F969