Kontakt
D’ACEL informéiert d’Schüler:innen an d’Student:innen iwwert hir Méiglechkeeten nom Lycée, wärenddem Studium esou wéi och no de Studien. Op der Websäit studenteguide.lu fënnt een all d’Infoe fir de Start vum Studium, fir wärend dem Studium a fir de Wee an d’Aarbechtswelt ze erliichteren. Fir de Schüler:inne bei hirer Entscheedung iwwer zukünfteg Studien ze hëllefen, organiséiert d‘ACEL alljoers de „Student fir 1 Dag“ wou d‘Schüler:innen an hir zukünfteg Studentestad fueren. D’ACEL an hir Membercerclë sinn och alljoers op der „Studentefoire“ vertrueden.




























